quaesitio

Wëlle mer déi ganz Wourecht wëssen? [Denis Scuto]


Motiv Liesung VerwaltungskommissiounHei dem Denis Scuto seng Chronik vun haut um Radio 100,7 – e wichtége Bäitrag zur aktueller Debatt iwwert den Artuso-Rapport an dem Stellewert vun enger oprechter Geschichtschreiwung.

« Die Frage ist zunehmend, ob das Luxemburger Volk noch ein paar Generationen lang ausharren muss, bevor es endlich das Recht auf unverfälschte, vollständige, unfrisierte Geschichtsschreibung geltend machen kann. » Recht op eng serieux Opoarbechtung vun der Lëtzebuerger Zäitgeschicht, dat huet schonns 1978 de Guy Rewenig am Lëtzebuerg Land gefuerdert. Deen Opruff vu Schrëftsteller, Filmleit a Journalisten un d’Geschichts- an Erënnerungspolitik ass am Moment hoart an däitlech ze héieren. Dozou déi heiteg Chronik vum Denis Scuto:

« Wëlle mir déi ganz Wourecht wëssen? Hu mir ons Vergaangenheet opgeschafft? Wéi war dat wierklech am 2. Krich zu Lëtzebuerg? » Dat woaren e puer interessant Froen vum Kloertext vu leschte Sonndeg op RTL Télé Lëtzebuerg.

Als Historiker fillt een sech besonnesch ugesprach, well een sech der Schwiregkeet vun der Tâche bewosst ass. Eng Tâche déi de Philosoph Paul Ricoeur esou resuméiert: « L’Histoire (…) a la prétention de dire ce qui est réellement advenu. Or ce qui est réellement arrivé est à jamais perdu : par là-même l’historien se sent héritier d’une dette. Il a pour tâche de restituer l’absent. » Net einfach d’Wourecht iwwert eppes erauszefannen wat net méi ass. Fir eng Rei postmodern Denker ass Geschicht, e Récit iwwer eppes wat eriwwer ass, dofir ëmmer nëmmen Fiktioun. Fir vill Historiker bleift objektivt Wëssen iwwer d’Vergaangenheet awer suwuel e wënschenswäert wéi en erreechbart Ziel.

Oder wéi de briteschen Historiker Richard Evans, deen am Kader vum Prozess ronderëm de Geschichtsfälscher an Negationist David Irving e Buch iwwer Holocaust an historesch Wourecht geschriwwen huet – « Lying about Hitler. History, Holocaust, and the David Irving Trial », et ausgedréckt huet: « I will look humbly at the past and say despite them all: it really happened, and we really can, if we are very scrupulous and careful and self-critical, find out how it happened and reach some tenable though always less than final conclusions about what it all meant. »

Mee dem selbstkriteschen Optrag vum Historiker ginn net nëmmen Negationisten wéi den Irving net gerecht. D’Geschicht am grousse Ganzen huet ëmmer nees éischter eng Roll als Legitimatiounswëssenschaft gespillt. Am Zäitalter vun den Nationalstaaten stungen d’Historiker, wéi de Peter Schöttler et ausgedréckt huet, ëmmer nees tëscht absurden ideologeschen Alternativen: Staatsbejoung oder Subversioun, Nationalismus oder Defätismus.

Nom Zweete Weltkrich hunn a Frankräich d’Historiker mat um heroesche Bild vum De Gaulle, de Compagnons de la Libération, der Résistance gebastelt a Vichy ass okkultéiert ginn. An Däitschland stung d’gutt Gewëssen vun den Eliten vun der Bonner Republik, an der Politik wéi op der Uni, am Virdergrond, Eliten déi hir Karriär – wann se net carrément Nazië woaren – mat esou munchem Kompromiss mam Naziregime ugefaang haten an sech zum Schluss nach schnell den heroesche Mäntelchen vun de Verschwörer vum 20. Juli 1944 ugedoen hunn.

Dem Richard Evans seng selbstkritisch Haltung huet een a Frankräich an an Däitschland bei den Historiker vermësst. Dee monolitheschen Discours ass a Fro gestallt ginn vun Aneren, vu Schrëftsteller, vu Filmleit, vu Philosophen. A Frankräich ass den Dokumentarfilm « Le chagrin et la pitié », vum Marcel Ophuls, iwwer Okkupatioun a Kollaboratioun zu Clermont-Ferrand, aus dem Joer 1971, zu engem wichtegen Tournant an der Diskussioun iwwer d’Vichy-Regime ginn. D’franzéisch Télé huet dee Film zensuréiert an en ass eréischt no 1981, wou d’Gauche un d’Muecht koum, um klenge Bildschirm gewise ginn. Den Direkter vum ORTF woar 1970 de General de Gaulle, kuerz viru sengem Dout, froe gaang, wat e mat deem Film sollt maachen, deen desagreabel Wourechten géif weisen. Den De Gaulle hätt him geäntwert: « La France n’a pas besoin de vérités ; la France a besoin d’espoir. »

Wëlle mer déi ganz Wourecht wëssen? Oder siche mer juste no positiven Identifikatiounsfiguren an der nationaler Vergaangenheet? Am Kloertext vu leschte Sonndeg woare gläich zwee Kulturschaffend Invités vum Caroline Mart, déi der Iwerzeegung sinn, dass ee, fir no vir ze kucken, och kritesch muss zeréck kënne kucken an seng Vergaangenheet opschaffen: de Claude Waringo, Produzent vum Film Eng nei Zäit, deen 1945 spillt, an op deen ech d’nächst Woch wäert agoen, an de Frank Feitler, dee mam Marc Limpach d’nächst Woch eng Liesung am Kasemattentheater proposéiert mam Titel: « Unglücklich die Zeit, die Helden nötig hat! Eine Lesung über Mut, Feigheit, Kollaboration und Verdrängung. »

D’Liesung geht un mat zwee Zitater. Dat éischt vum Staatsminister Pierre Dupong virun der Assemblée consultative, de 5. Abrëll 1945 (Lëtzebuerg ass befreit, mee de Krich nach net eriwwer). « J’ai toujours défendu la thèse que le peuple luxembourgeois a résisté dans sa presque totalité, les uns de cette façon, les autres d’une autre façon, les uns par des actes d’héroïsme, les autres par des actes de résistance passive, et tous ceux-ci ont le droit de se réclamer de la Résistance. » Dat zweet ass vum CSV-Deputéierten Lambert-Schaus, deen de selweschten Dag dat heite seet: « D’Resistenz vun der Grande-Duchesse, der Regierong an dem Vollek ass e Block, e Ganzt. Mär als di stärkst Partei vum Land loossen esou eng Meenung net opkommen, wéi wann net d’ganzt Vollek resistéiert hätt. » De Mythos vun der Resistenzlernatioun, un deem d’Regierung schonns am Exil gebastelt hat, woar definitiv lancéiert.

D’Liesung besteht gréisstendeels aus Zitater aus den Epuratiounsdossieren vun héije Lëtzebueger Beamten, déi wéinst hirer Kollaboratioun mam Okkupant nom Krich sanctionéiert goufen, wéi dem Louis Simmer, deen an der Verwaltungskommissioun zoustänneg woar fir d’Schoulwiesen oder dem Oberinspekter Reuland an dem Inspekter vun Esch Nicolas Schmit, déi mat 5 aneren Inspekteren nom Krich vum Dingscht enthuewe goufen. Kontrapunktesch gëtt d’Liesung ergänzt duerch d’Stëmmen vu Resistenzler wéi dem Albert Wingert. Héich interessant Quellen och fir Historiker.

Den Dossier Louis Simmer steht hei symbolesch nët nëmmen fir d’Kollaboratioun vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun mam Okkupant mee och fir dat offiziellt Schweigen iwwer dës Kollaboratioun bis de Serge Hoffmann den Débat 2012 lancéiert huet, deen zum Rapport Artuso an zur offizieller Entschëllegung vu Chamber a Regierung bei der jüdescher Communautéit, 75 Joer dono, gefouert huet. (Ech verweisen op meng Chronik vum 19. Februar iwwert de Simmer a vum 11. Juni iwwer d’Excusen hei op dëser Antenn.)

Een Zitat vum Louis Simmer aus senger Verteidegungsschrëft virun der administrativer Epuratioun muss ee besonnesch ervirsträichen: « D’ailleurs, si j’obéissais aux ordres de service du Gauleiter en transmettant certaines de ses décisions, je ne l’ai pas fait sans réserve. Comme chrétien, j’étais décidé à refuser de souscrire à tout ordre qui toucherait à la religion (j’étais chargé des cultes). De Simmer behaapt weider: « je n’ai jamais reçu aucun ordre concernant des questions religieuses. »

Bei déi Sätz huet de Commissaire général à l’Enquête administrative, Robert Als, zwou Remarquen dobäigeschriwwen: « Jüdische Kinder heraus! Mischlinge heraus! » De Robert Als erënnert hei drun, dass de Louis Simmer am September-Oktober 1940 gläich e puer Uerderen weiderginn huet, dobäi nach ënnert senger exklusiver Ennerschreft, wou en Inspekteren, Direkteren, Enseignants opfuerdert Lëschten vu jüdesche Schoulkanner, mee och vun Enseignants ze maachen, Lëschten déi zu hirer Exklusioun aus der Schoul féieren. De Simmer huet och den Uerder ginn no Mischlingen ze sichen.

Ass et beim Simmer Verdrängung? Ass et eng Ligen? Ass et kathouleschen Antisemitismus? Oder awer: Wann de Simmer Juden net als Memberen vun enger Relioun, mee als Rass am Sënn vun den Nazi-Verordnungen ugesäit, dann huet en op d’mannst an sengen Aen keen Uerder a reliéisse Froen erausginn? Oder awer de Regierungsrot, deen déi ganz Krichszäit am Dingscht vum Okkupant bleift, ass juste nëmmen wéi säin däitscht Dienstleistungszeugnis vu März 1943 et ausdréckt, « bescheiden, fleißig und in hohem Maße pflichtbewusst », e weidert Zitat aus der Liesung.

Grad domadder hunn d’Lëtzebuerger Delegéiert vum Enseignement secondaire an der Epuratiounskommissioun vum Simmer nom Krich hirersäits e Problem. An hirer Beurdeelung schreiwen se: « La peur et l’exemple de ses supérieurs hiérarchiques ont décidé Monsieur Simmer à rester et à obéir. Que serait-il advenu si tout le monde avait agi de la sorte et si tout le monde s’était fait l’instrument docile de l’ennemi? Monsieur Simmer était un homme en vue (…). Il a fléchi et cet exemple venant de la part d’un supérieur devait logiquement entamer le moral des subordonnés. Tout le monde ne peut pas être un héros. Mais n’est-il pas permis d’attendre du courage et un peu de cran de la part d’un chef même et surtout aux heures critiques? »

Mutt, Feigheet, Kollaboratioun, Verdrängung. Eng Liesung wërft d’nächst Woch wichteg Froen op, déi net nei sinn. D’Dokumenter aus der Liesung weise grad dass déi Froen schonns 1945 gestallt goufen. Déi Liesung wërft dofir doriwwer eraus d’Fro op, firwat d’Historiker no 1945 sech dann während 70 Joer net serieux mam Thema vun der Kollaboratioun vun Deeler vun de Lëtzebuerger Eliten mam Okkupant beschäftegt hunn. Firwat gouf a gët dat Positivt an eiser Vergaangenheet betount an dat Negativt verharmlost, relativéiert oder verschwiegen?

Wéi de Charel Goerens an der Emissioun Kloertext ënnerstrach huet, wësse mer alleguerten net, wéi mär deemools gehandelt hätten. Vläicht hätte mer eis ugepasst a matgemaach wéi de Louis Simmer. Et geht net drëm ze jugéieren. Wuel awer drëm ze verstoen wéi et méiglech woar dass Lëtzebuerger Autoritéiten bei der Identifikatioun an Exklusioun vun de Judden kollaboréiert an déi rassistesch Kritären vun den Nazien iwerholl hunn. Wann eng kritesch Fuerschung zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich mam Ziel vun engem objektive Geschichtswëssen no 75 Joer net méiglech ass, wéini dann?

Denis Scuto, Den Zäithistoriker, radio 100,7, 22.10.2015

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *