quaesitio

Reflexiounen zu den Assises de la Culture


Capture d’écran 2016-07-08 à 14.11.47

Ech wëll keen detailléierte compte-rendu vun den Assises de la Culture hei maachen, mais just op e puer Impressiounen agoen :

–       den Diskussiounsbedarf bei deene circa 450 Leit am Sall war enorm. D’Froe konnten net all geholl ginn, an doraus ass e gewësse Frust entstanen. Déi 4 Panel’en, déi apparemment op déi Haaptfroen aus de Workshops vu Buerglënster agaange sinn, hu folgend Themen diskutéiert:

  1. « L’école, un lieu de transmission culturelle? » an « Artiste – Une profession comme une autre ».
  2. Den zweeten Dag ass iwwer :  « Promouvoir la création artistique. Quelle stratégie? » an « La culture est-elle reconnue à sa juste valeur dans la société luxembourgeoise? » geschwat ginn.

Verschidde Panel’en ware méi interessant wéi anerer. Insbesonnesch deen éischten iwwert d’Kultur an der Schoul war gutt, bei deem de Stellewäert vun der Kultur net nëmmen als Matière, mais als Enseignement’s-Method an Instrument vun « Empowerment » flott a Perspektiv gesat ginn ass.

Soss muss een awer leider soen dass d’Diskussioune relativ flaach bliwwe sinn, wat sécher um Format loung, mais och un enger onzouräichender Preparatioun. Et geet eben net duer pro Konschtsecteur eng Kéier Nomëttes eng Diskussioun an engem Aarbechtsgrupp ze maan. Et ass e gudden Ufank, mais et geet net duer. D’Kulturentwicklungsplanung ass e Prozess mat kloren Regelen, deen eng Phase vun « fact gathering » beinhalt, eng Phase vun Analysen a vun Diskussioune mam Secteur fir d’Stäerkten an d’Schwächten erauszefannen, an eng Phase vun Definitioun vun engem plan-cadre fir d’Kulturentwécklung.

Lien op d’Säit vun der Fondation Robert Krieps zur d’Konferenz iwwert Kulturentwicklungsplanung vum 18.4.2016

Dobäi muss net nëmme mam Kultursecteur geschwat ginn, mais och mat de Gemengen, de nationalen a regionale Kulturhaiser a verschiddene Ministère’n.

All dëst ass bis elo net geschitt, an d’Diskussiounen op den Assise’n hunn och gewisen, dass et ëmmer nach eng Konfusioun gëtt tëscht Kultur a Kulturpolitik. D’Kulturpolitik ka nëmmen drop erauszielen d’Kréatioun mei einfach ze maan, duerch besser Konditioune fir d’Kënschtler, eng besser Diffusioun an Ubannung un international Netzwierker (d’Beispill vum Malta Art Council an hirer Strategie war besonnesch interessant). Den Zweck vun engem Kulturentwécklungsplang ass ebe just fir mëttel a laangfristeg d’Ausriichtung vun der Kulturpolitik an all hire Volet’en (Kulturproduktioun, Diffusioun, Educatioun) festzeleeën, an engem evolutive Kader, a baséierend op eng partizipativ Approche.

Eng grouss Fro, déi sech no dësen Assise stellt, ass allerdéngs ob de Kulturministère determinéiert ass sech déi néideg Mëttelen ze gi fir dës Kulturentwécklungsplanung sérieux duerchzezéien. Kann e Jo Kox mat engem Kader vun 16 Stonne pro Woch dëse komplexen a laangwierege Prozess eleng, ouni Support duerchzéien ? Et ass gewosst, dass een tëscht 1-2 Joer brauch fir en uerdentleche Kulturentwécklungsplang ze maan, fir aus deem Prozess vu Konsultatiounen an Diskussiounen e Kader ze definéiere fir d’Orientéierung vun der Kulturpolitik. Äusserungen, dass just nach soll vun engem « Kulturleitbild » geschwat gi mécht mer Suergen.

Ech hoffen dass, wéi dat annoncéiert gouf, dës Assise’n de Startschoss ware fir eng sériös, déifgrënneg Kulturentwécklung, a nëtt eng weider Plauderveranstaltung iwwer Kulturpolitik.