quaesitio

Trumpland .::. Denis Scuto


denis-scutoA senger Chronik vun haut erënnert den Zäithistoriker Denis Scuto sech un de Schock vun November 1980, wou e Leinwandheld, dee kee sérieux geholl huet, mam Slogan « Let’s make America great again! » amerikanesche Präsident gouf a vergläicht e mam Schock vun November 2016:

« We won »! Mat deem Sproch a mam V als Zeechen vu Victory ass am November 1980 den Engleschprof Kneip, vun de Schüler Zeus genannt, duerch d’Schoulklassen vum Meedecherslycée zu Esch gaangen. « We », dat woaren d’Republikaner an hire Präsidentschaftskandidat, Ronald Reagan. Deen hat de 4. November 1980 den demokratesche Kandidat an amtéirende US-Präsident, Jimmy Carter, kloer geschloen, mat 489 Wahlmänner zu 49. An de Sondagen woar e bis Enn Oktober nach kloer hannert dem Carter. Ech woar deemools op Troisième, hat zwar de berüchtegten Zeus ni als Prof, mee hat awer an de Joren dono mat him ze dinn, wa mer Trakten virum Gebei fir d’Friddensbewegung verdeelt hunn an hien eis mat Schüler aus der Jeunesse atlantique, déi e ronderëm sech gruppéiert hat, zur Rieds gestallt huet.

Ech woar geschockt iwwert d’Victoire vun deem Mann, deen d’Welt mat enger Neutronebomm wollt beglécken. Dësen erzkonservative Kandidat woar en 69 Joer alen Leinwandheld, deen de Cowboy an éischter zweetrangege Westernfilmer gespillt huet. Iwwert seng Spréch an seng Gaffen hu seng politesch Géigner ëmmer nees de Geck gemeet. Zum Beispill während der Kampagne vun 1980, wou e sot: « Trees cause more pollution than automobiles. » Jidfereen huet sech gefrot: « How could an actor become president? » Heen dee jo schonns 1966 op dës Fro, wéi e B-Movie-Actor kéint Gouverneur vu Kalifornien ginn, geäntwert hat: « I don’t know. I’ve never played a governor ». Mee en huet sech duerchgesat, gouf den 33. Gouverneur vu Kalifornien (1967-1975) an de 40. Präsident vun den USA (1981-1989).

Säi Wahlslogan woar: « Let’s make America great again. » Seet dat iech eppes? Hien huet versprach déi militäresch Stäerkt vun den USA erëm hierzestellen, méi ferme géint den internationale Kommunismus virzegoen an duerch Steiersenkungen d’Wirtschaft nees unzekuerbelen, woumat e Milliounen vun Amerikaner aus der « middle class » aus dem Häerz gesprach huet. Sengem Kontrahent Carter seng Aussepolitik, an hei virun allem dat onglécklecht Enn vum Versuch d’Geiselen an der amerikanescher Botschaft zu Teheran ze befreien, awer och de Mësserfollech vun senger Wirtschafts- a Finanzpolitik woaren him zum Verhängnis ginn.

Dem Reagan séng Victoire reiht sech an an de Virmarsch vun der neier Droite an de siwzeger Joren, e. a. dem fundamentalisteschen Deel vun der evangelescher Bewegung. Eng nei Droite, déi deemools schon géint de sogenannten liberalen establishment vun der amerikanescher Ostküst Kampagne gemeet hunn. Een déiwere Grond vun dëser Entwécklung woar déi national Demütegung am Vietnamkrich, en aneren d’Verlagerung vum Wirtschaftsliewen vum industriellen Nordwesten an Osten vun den USA an den éischter konservativen « Sunbelt » am Süden, wo d’Héichbuergen vum « new tech » lungen. Dem Reagan seng Präsidentschaft – oder besser gesot déi vun sengem Staff, well hien ass ee vun de Präsidenten, deen am meeschten Decisiounen delegéiert huet – steht effektiv um wirtschaftleche Plang fir Steiererliichterungen, mee och fir massiv Kierzungen vu Sozialleeschtungen a fir en exponentiellt Uwuessen vun der Staatsverscholdung vun 749 Milliarden op iwwer 2 Billiounen Dollar, haaptsächlech duerch d’Militärausgaben, wat aus den USA dat gréisste Scholdnerland op der Welt gemaach huet. Den aussepoliteschen Erfollech iwwer d’Sowjetunioun gouf deier bezuelt, mam laangfristege Niddergang vun der Wettbewerbsfäegkeet vun den USA a mat der Stäerkung vum islamisteschen Dschihadismus am Noen a Mëttleren Osten.

Ech hätt net geduecht, dass ech e puer Jorzingte méi spéit eng Präsidentewiel an e Resultat géif erliewe déi mech nach méi schockéieren. Dobäi hätt ech misste wëssen, dass d’Geschicht ëmmer nees fir Iwerraschunge gudd ass, där positiver an där negativer. A wéi wéineg vun deem wat tatsächlech geschitt virausgesot gi kann. Ënner anerem well mer eis Wënsch ëmmer nees mat der Realitéit verwiesselen.

An d’Realitéit ass haut, dass den Donald Trump, e politesche Kandidat mat nët nëmmen rietspopulisteschen, mee och faschisteschen Iwwerzeegungen, demokratesch zum 45. Präsident vun de Vereenegte Staaten gewielt ginn ass. Och wann et déi niddregst Wahlbedeelegung zënter 2000 ass, mat nëmmen 54,2 % vun de Wahlberechtegten déi wiele goungen. Felicitatiounen un den neie Präsident an un de « peuple américain, libre », huet d’Marine Le Pen, dat sech schon a vläicht berechtegterweis als nächst franzéisch Präsidentin gesäit, direkt getweet.

Ech hunn et op dëser Antenn scho gesot an ech widerhuelen et. Och wann hien net all Charakteristiken vun engem Faschist huet, huet den Trump wéi d’Faschisten eppes géint d’Villfalt vun de Meenungen mee och vun de Mënschen an notzt d’Angscht virun den Aneren politesch aus. Beim Hitler woaren et sougenannt net-aresch, mannerwäerteg Rassevertrieder. Beim Trump sinn et illegal Immigranten a Flüchtlingen. Mat Proposen wéi dem Mauerbau tëscht USA a Mexiko an der Ausweisung vun 11 Milliounen Immigranten. Wéi am Faschismus profitéieren Politiker wéi den Trump vun den individuellen Frustratiounen, si appelléieren u sozial Schichten, déi ënnert der ekonomescher Krise leiden oder sech politesch gedemütegt fillen. An engem selektive Populismus versprécht hien hinnen, dass en nees Sécherheet a Wuelstand, mee och d’Gréisst vun Amerika hirstellt. Wéi beim Faschismus huet den Trump am Wahlkampf duerch e fanateschen Nationalismus geglänzt a versprach säi Land géint eng international Verschwörung ze verdeedegen. Beim Hitler woar et dat sougenannt Weltjudentum. Beim Trump sinn et d’Chinesen an d’Mexikaner déi d’USA humiliéieren. Wéi d’Faschisten iwwerdréit den Trump säi Wëllen zur Muecht an seng Ugötterung vu Waffen op d’Sexualitéit, op säi Machismus an seng Fraeveruechtung. Ech hat naïverweis geduecht a gehofft, dës lescht Eegenschaft wir him zum Verhängnis ginn. Et woar wahrscheinlech de Géigendeel an e Grond méi fir vill amerikanesch Männer den Trump ze wielen.

Déi al Rezepter aus däischteren Zäiten, vun deenen ee konnt unhuelen, op d’mannst demokratesch Staaten géifen net méi drop zeréckgräifen, sinn nees Deeler vu Wahlprogrammer. Rassismus, Chauvinismus a Sexismus sinn nët nëmmen weider stoark verbreet, wat net iwerrascht, mee si sin och nees salonfäeg, an den USA an an Europa. Dës Mëschung woar nach onvirstellbar ënnert dem Republikaner Reagan, deen 3 Milliounen illegal Immigranten während senger Präsidentschaft legaliséiert huet an deen am Wahlkampf 1980 als Affekot vun de Fraerechter opgetrueden ass.

Bei déi Mëschung vu Rassismus, Chauvinismus a Sexismus huet den Trump natierlech intelligenterweis eng gudd Dosis populistesch Annoncen am soziale Beräich agebaut. D’Verspriechen vu masseweis neien Oarbechtsplazen, öffentlechen Investitiounsprogrammen, enger Erhéijung vum Mindestloun nieft Steiersenkungen as duergaangen fir déi 4 traditionell demokratesch an zënter der Reaganära vernoléissegte Industriestaaten bei de grousse Séien fir sech ze gewannen: Michigan, Ohio, Pennsylvania a Wisconsin. Dat si genee déi 64 Stëmmen, déi dem Mitt Romney, deen als Kandidat vun de Superräichen eriwwerkoum, 2012 gefehlt hunn fir den Obama ze klappen.

Et kann een sech natierlech tréischten, andeems een sech seet, dass déi véier Staaten a véier Joer dee selweschten Trump nees ofwielen, wann sech e groussen Deel vun sengem Wahlprogramm als eidelt Verspriechen erausstellt.

Mee de Schock sétzt trotzdem haut déif. Et kann een natierlech op sozial Problemer als Erklärungsfacteuren verweisen, déi ech ugeschnidden hunn. An op d’Onpopularitéit vum Hillary Clinton. Mee et däerf een sech näischt virmaachen. D’Wiel vun engem Rietspopulist mat faschisteschen Zich un d’Spétzt vun der vläicht iwerfuerderter, mee ëmmer nach gréisster Weltmuecht bedeit, dass d’Zukunft vun der Demokratie a Gefor ass. De Refus vun enger als inakzeptabel erliefter Géigewaart – sief dat fir déi eng d’Globaliséierung an seng Folgen, fir déi aner den Niddergang vun hirer Géigend an hir eegen Akommensverloschter, fir nach aner duerch Migratioun oder nei Liewensformen gepreegte Gesellschaften oder déi bestoend politesch Institutiounen – huet engem Milliardär, dee suguer vun engem Deel vun der republikanescher Partei net ënnerstétzt gouf, erlaabt mat nationalisteschen a xenophoben Léisungsvirschléi un d’Muecht ze kommen, déi mat der Demokratie an den USA net kompatibel sinn.

Mat der Wiel vum Trump bestätegt sech, dass d’parlamentaresch Demokratie an demokratesch Gesellschaften an enger déiwer historescher Kris stiechen. D’Reflexioun doriwwer an d’Léisung vun där Krise ass eng vun de prioritären weltwäiten Erausfuederungen vun haut a moar. Den Enjeu huet den Historiker Eric Hobsbawm zum Schluss vun sengem Buch iwwer d’Weltgeschicht vum 20. Jorhonnert, « Zeitalter der Extreme » ënnerstrach: « Wenn die Menschheit eine erkennbare Zukunft haben soll, dann kann sie nicht darin bestehen, dass wir die Vergangenheit oder Gegenwart lediglich fortschreiben. Wenn wir versuchen, das dritte Jahrtausend auf dieser Grundlage aufzubauen, werden wir scheitern. Und der Preis für dieses Scheitern, die Alternative zu einer umgewandelten Gesellschaft, ist Finsternis. »

Denis Scuto, Den Zäithistoriker, radio 100,7, 10.11.2016

Enregistrer