quaesitio

Gertrude


screen-shot-2016-12-05-at-19-11-23D’Erlichterung war grouss de Sonnden den Owend wéi d’Resultater vun der Presidentewahl an Ëisterräich bekannt goufen, déi vum Gréngen Alexander Van der Bellen matt ongeféier 53% relativ kloër gewonne gouf. Erlichterung dass nom Jo zum Brexit am Juni an der Trump-Wahl Ufank November scheinbar e Vollék erëm Nee gesot huet zum Rietspopulismus an Anti-Europeanismus vun engem stramm rietse Kandidat. D’Hoffnung och dass dës Wahl den Ufank vun engem come-back vun der Anstännegkeet an der Politik kéint signaléieren – dëst ass déi éischt grëisser Wahl seit dem Brexit bei där nett e Ligener a Beleideger gewonnen huet, mais deen, dee matt Anstand a Verstand Campagne gemaacht huet.

Déi Anstännegkeet, déi vun enger aaler Fra, enger Iwerliewender vun Auschwitz, dem Gertrude, an engem ganz staarke Video-Message den 25 November 2016 op eng beandrockend Art a Weis ausgedréckt gouf:

Link op de Video an den Artikel an der Süddeutschen vum 25 November 2016

Dëse Video gouf méi wéi 3,5 Millioune mol gekuckt an en ass breed iwwert d’sozial Medien verdeelt ginn – et ass net auszeschléissen, dass en eng Roll am Ausgang vun der Wahl an Eisterräich gespillt huet. D’Stärkt vum Message läit an der einfacher Sprooch an an der Iwwerzeegungskraaft vun engem direkten Zäitzeien. Ech ka mech selwer nach gudd u Gespréicher matt menger Groussmamm Alice Hildgen erënneren, déi mer als Kand vill erzielt huet vun där däischterer Zäit am zweete Weltkrich, wou och bei eis déi niddrégst Instinkter an de Menschen erfiergeruff an encouragéiert goufen. Wou een zum Beispill vu Leit dénunzéiert gouf, wann ee gesi gouf matt engem jüdesche Matmensch an der Strooss schwetzen. Den déiwen Androck, deen déi Gespréicher op mech hannerlooss hunn, wäerd ech nie vergiessen.

Dëst weist engersäits de Wee, an d’Art a Weis wéi een de Rietspopulisten, Hetzer a Ligener begéine sollt: matt einfacher Sprooch a positiven, richtége Messagen.

Anerersäits mecht et och Angscht, well et geschwënn keng Gertruden méi gett, an also keng Leit méi, déi d’Ligener an d’Geschichtsverfälscher matt Liewenserfahrung direkt entlarve kënnen. An Zäiten wou ee matt Hallefwourechten, jo besser nach matt direkte Ligen a Beleidégunge punkte kann, an Zäiten vun « post truth politics », eng erschreckend Perspektiv. An eng Erausfuerderung fir all Demokraten an Humanisten an deene nächste Joëren a Méint.