quaesitio

Débat compétitivité 8.12.2016


image1Meng Ried an der Kompétitivitéit’s-Debatte an der Chamber den 8.12.2016.

Dat geschwaatent Wuert zielt.

Här President,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Et ass eng spannend Zäit fir iwwer Wuesstëm a Kompétitivitéit ze schwetzen, awer och nawell keng einfach. All Beräicher, déi matt Wuesstem ze dinn hunn, sinn am Ëmbroch.

De Finanzsecteur, eise wichtégste Wirtschaftsberäich, ass seit der Finanzkris vun 2008 am Wandel a konstanten neien europäesche Regelen ausgesaat.

An der Landesplanung huet de Bauteminister François Bausch Ufank November dëst Joër eng Diskussioun lancéiert iwwert de qualitative Wuesstëm an d’Wiel vun engem territoriale Wuesstëms-Modell. D’Preferenz vun der Regierung geet an d’Richtung vun enger « organiséierter an harmoniéiser » Entwécklung ronderem 3 grouss Axen am Norden, Zentrum a Süden.

De Professer Evringmann huet d’läscht Woch eng Etude iwwert den Tanktourismus virgeluecht, deen dee Modell offen a Fro stellt.

Virun e puer Wochen haate mer hei en Débat iwwert d’Cop21 an hier Suiten.

D’läscht Woch koum de Rapport vun der IGSS iwwert de Pensiounssystem a meiglech Reformbesoin’en.

Mir krute virun 2 Wochen d’étude iwwert déi Drëtt Industriell Revolutioun ënnert dem pilotage vum J. Rifkin virgestallt.

Dës Woch hu mer eng Gemengefinanzreform gestëmmt.

Virun Enn vum Joër stëmme mer viraussichtlech eng ëmfassend Steierreform, déi och ambitionnéiert d’Land méi kompetitiv ze maan. A mir stëmmen de Budget 2017 an de Pluriannuel fir 2017-2020.

All dës Beräicher hu matt Wuesstëm a Kompétitivitéit ze dinn. Et ass e besse wéi wa mer géifen eng permanent Wuesstëmsdebatt féieren.

Här President,

Eng gudd Kompétitivitéit ass d’Viraussetzung vun engem staarke Wuesstëm. An e staarke Wuesstëm déngt dem Erhaale vun eisem Sozialstaat.

Ech mengen et kann ee soen, dass mer an eisem Land e Konsens iwwert eise Sozialstaat hunn. Mir sinn eis mengen ech eens, dass mer weider eng gudd Krankeversécherung, eng gerecht Pensioun fir jiddereen, a Sozialtransfert’e fir déi sozial schwaach Leit wëllen – nett méi spéit wéi gëschter hu mer eng Erhéighung vum Mindestloun vun 1,4% beschloss fir eng 46.000 Leit, an och do ware mer eis baal all eens, dass dat eng gudd Saach ass – déi eenzeg Frô, déi den Aarbechtsminister Nicolas Schmit vum CES kläre loosse well, ass ob den Niveau vum Mindestloun héich genug ass fir zu Lëtzebuerg net an d’Aarmut ze faalen. Iwwer sou Froë gëtt et bei eis, souguer a Wirtschaftskreeser, e Konsens, an dat ass gudd esou.

Well de soziale Fridden – Viraussetzung vu politëscher Stabilitéit – ass och e wichtége Kompétitivitéitsfaktor!

Do wou et manner Konsens gëtt, ass iwwert de Wuesstëm selwer, an iwwert de wirtschaftleche Modell fir en z’erreechen.

Dass mer do nett all d’Leviér’en an der Hand hunn, ass kloër: just an der Budget’s-Saison gëtt et engem ëmmer rem bewosst wéi staark eis Economie vun externe Facteur’en influenzéiert gëtt, an éischter Ligne d’Petrolspräisser, mä och duerch d’Bours’en, well eis Economie staark vun der Finanzplaatz ofhänkt. An d’Finanzplaatz ass ebe matt de Bourse’ corréléiert.

Mir hunn natierlech och keng Influenz op déi weltwäit Grosswetterlage, an eng ganz begrenzt op déi europäesch. Eise Spillraum op der Finanzplaatz, insbesonnesch a steierleche Froën, hänkt vun deem oof wat zu Bréissel décidéiert gëtt, an och bei der OCDE. Aus enger Partie Grënn ass dëse Spillraum inexistent ginn. Dass mer dobei resolut op d’Kaart vun der Transparenz gesaat hunn a weider setzen, seit déi nei Regierung ugetratt ass, begréisse mir als LSAP ausdrécklech.

Här President,

Wuesstëm gëtt et nett zum Nulltariff: wann ee well d’Sozialleeschtunge vum Staat um selwechte Niveau erhalen, ouni dass eis Wirtschaft wiisst, da muss ee mer erkläre wéi dat soll goen!

Sécher, mir musse virsichtég matt eisen ëffentleche Finanzen ëmgoen, an eis Dépensen kontrolléieren. Mir brauchen och eng Réflexioun iwwert d’Zukunft vun eisem Pensiounssystem, an de Minister Romain Schneider wäerd do opgronn vum Rapport vun der IGSS d’nächst Joer Propos’en maachen fir eng Reform.

Mais mir brauchen och eng Réflexioun iwwert den zukünftege Wuesstem an eisem Land.

Ech haat a mengem Budget’s-Rapport fir 2015 gesot, dass de Wuesstëmspotenzial fir Lëtzebuerg verschiddene Studie no bei 2% oder souguer manner léich, à long terme. Dëst ass d’Réperkussioun vun der Theorie vun der « säkulärer Stagnatioun », d’Iddi dass déi westlech Wirtschaften ënnert enger Baisse vun der Produktivitéit leiden an iwwert laang Zäit just nach moderat wuesse géingen. Och am PNR vun Abrëll 2016 heescht et « Néanmoins la croissance potentielle s’est affaissée et le pays connaît une évolution faible de sa productivité. » (Introduction, p.5)

An och de Rifkin rapport mech en ähnleche Constat, wann e seet dass d’Produktivitéit an de läschte Joëren ofgeholl huet, an et héich Zäit gëtt, an nei Infrastrukturen vun der neier Economie z’investéieren, an an d’Formatioun vun de Leit.

Waat heescht dat, am Kloërtext? Ma, dat heescht, dass wann dës Theorie antrëtt, mer demnächst eng Kéier net méi kapabel sinn eis Pensiounen, eis Sozialleeschtungen, eis Krankekeess, jo och d’Païe beim Staat, op deem Niveau weiderzeféiere, wéi mer dat fir de Moment maachen. Dass mer de Rimm méi enk mussen zéien.

D’Leit fänken och un déi negativ Säiten vun eiser ganz staarker Croissance besser ze mierken: mir sti vill am Trafic, jo mir sinn zu méi. d’Wunnkäschte ginn an d’Luucht, an de marginale Benefiss vum Räichtum dee mer schaafen kennt net méi sou schnell bei de Leit un. Dee Constat hudd dir och, Här Minister Schneider, bei der Présentatioun vum Rifkin-Rapport gemaacht. De Jeremy Rifkin selwer huet vun engem « change of metrics » geschwat – d’Iddi, dass de Wuesstëm sech net méi, an der neier Economie, aleng duerch de PIB moosse léisst. Dat ass keng nei Iddi – et um President Kennedy säin Zitat, an en erënnert och un eis Aarbechten un engem PIBien-être. D’Transitioun a Richtung vun enger décarboniséierter Gesellschaft, wou manner a méi lokal produzéiert a consomméiert gëtt, matt manner Offall verbonnen, fënnt een och am Programm vun der Drëtter Industrieller Revolutioun ërem: d’économie circulaire an d’économie du partage ginn an déi Richtung.

Mais, et muss een de Constat dass dëst eng Transitioun gëtt, an dass déi meescht Leit elo nach net prëtt sinn dofir. Dofir ass et esou wichtég fir d’Leit hei mattzehuelen, a keen dobei op der Streck ze loossen.

Här President,

Et ass elo 3 Wochen hier, seit mer d’Etude iwwert déi Drëtt Industriell Revolutioun présentéiert kruten. Mir sinn nach alleguer dobei dat ze verdauen – et ass eng inspiréierend Lecture, mais et ass eréischt en Ufank.

Ob mer dat elo gären hunn oder net, d’Welt an d’Wirtschaft sinn am digitale Wandel, a mir kënnen dat als Chance gesinn, oder mir kënnen et iwwer eis ergoë loossen. De Rifkin Rapport gesäit et als Opportunitéit un.

Dee Rapport huet de grousse Mérite dass en « Mega Trends » opzeechent, déi weltwäit constatéiert ginn, an Aktiounspisten opweist. Elo geet et dorëms, dëse Plang ëmzesetzen. Eent zu eent wäerd dat net geschéien, dovu kann een elo schonn ausgoën. Mais mir sollten un engem Konsens schaffen, engem Strang un deem mer all zéien – net nëmme politësch, mais och matt der Zivilgesellschaft an den Sozialpartner.

Fir dass dës technokratesch Visioun akzeptéiert gett vun de Leit, brauch et eng breed Diskussioun. Mir aus der Chamber, an d’Regierung, mussen de Leit erkläre, wéi dat soll fonctionnéieren, wat dat fir sie bedeit.

Dofir muss et méi konkret ginn, an et muss eng Zäitschinn ausgeschafft ginn. Dofir brauche mer och e Konsens matt der Zivilgesellschaft an den Sozialpartner – och d’Gewerkschafte mussen elo agebonne ginn.

Et ass ze bedaueren, dass d’Tripartite an deem lethargëschen Zoustand ass, an deem se seit 2010 ass. Soss wier sie déi ideal Plaatz fir dee Plang ze verdéiwen, an duerno en Accord doriwwer ze treffen. Gëschter nach huet en Industriellen an engem paperjam Artikel monéiert, dass et wa meiglech nett soll sou goë, wéi beim Fontagné-Rapport 2004, op dee net vill direkt Konsequenze komm sinn, ausser d’Schaafung vum Observatoire de la compétitivité a vun engem tableau de bord iwwert d’Kompétitivitéit.

Dass mer sou Rapport’e vu bausse kënnen ëmsetzen hu mer bewisen. 1959-1960 ass beim Professer Henri Rieben e Rapport iwwert d’Rentabilitéit vun der Sidérurgie zu Lëtzebuerg bestallt gi fir e Konflikt tëscht Regierung a Gewerkschaften ze léisen. Dëse Rapport ass am Viraus akzeptéiert ginn, an dat huet zu engem Kollektivvertrag an dem « Franc Rieben » gefouert. Dat war a gewësse Mooss de Prédécesseur vum comité tripartite vun Enn 70er Joëre.

De Rifkin Rapport kann eng Chance si, wa mer eis all domat ausenee setzen, diskutéieren, erklären, an agéieren. Mais virun allem musse mer d’Leit matthuelen – wann een ee freet e grousse Sprong ze maan, een dee villäicht ustrengend ass, muss een och erkläre firwat!

Här President,

Mir mussen och Courage a, jo, eng Portioun Abenteuerlust hunn. Mir hunn dat schonn ald mol an der Vergangenheet gemaacht, matt der SES – dat war eng Success Story. De Projet Space mining geet an déi selwecht Richtung, an och dee Projet ass villverspriechend, well ee gesäit dass elo scho potentiell Investisseuren an Entreprise’n sech dofir interesséieren.

Mir mussen och verstäerkt an d’Recherche an Innovatioun investéieren. D’Stoussrichtung déi de Projet TIR virgëtt konfirméiert dat méi wi je. Mir kënne keng Hi-Tech Wirtschaft ginn, wa mer nett déi néideg Recherche an Innovatioun fuerderen.

Mir gesinn awer, dass eise Budget fir R&D ënnert der Moyenne vun der OECD an och ënnert der EU Moyenne läit. Dat muss sech änneren. Et gëtt oft gesot dass déi privat Recherche nett nozitt: eise gesamt Invest an R&D loung 2015 bei 1,24%, dovun 0,73% ëffentlech Recherche. Zum Verglach sief gesot, dass Eurostat no Schweden Spëtzereider an der RDI ass mat bal 3,3 Prozent vum PiB, duerno kennt Éisterräich mat 3,07 Prozent an Dänemark mat 3,03 Prozent. Mir leien hei also wäit ënnert der EU Moyenne. Mir mussen eis do verbesseren.

Mir mussen eis bewosst sinn, dass a verschiddene Secteur’e d’Recherche fondamentale nach méi ënnerstëtzt muss ginn, fir dass Start-ups an privat Investisseure’n dorauser kommerziell Applicatioune maachen.

Ee gudd Beispill dofir ass de Beräich Bio a Medical-tech. Hei mécht de Professer Balling a seng Equipe vum LCSB um Belval zënter 5-6 Joër eng formidabel Aarbecht – och aner Instituter wéi d’IBBL an d’CRPen leeschte gudd Aarbecht hei, mais et kann ee soen dass en neie Niveau d’excellence mam LCSB op der Uni Lëtzebuerg erreecht ginn ass. Ech haat d’Chance am Kader vum Pairing Scheme vum FNR en Dag am LCSB ze verbréngen, an ech konnt mech selwer iwwerzeege, wéi spannend a villverspriechend déi Recherche ass, déi do gemaacht gëtt. Ee vun hire Projet’en, Humix – e kënschtlechen Daarm – stéisst iwweregens elo scho bei internationale Konferenzen op groussen Intressi bei Entrepris’en an anere Recherche-Instituter. Mais fir dass en Eco-système an deem Beräich entsteet, muss nach weider investéiert ginn, mussen déi Instituter, déi gudd schaffe, méi Moyen’e kréie fir ze wuessen, Accès kréien zu klineschen Daten, Kollaboratioune matt Spideeler gemaacht ginn. Mir mussen eis och d’Moyen’e ginn – och aarbechtsrechtlech – déi gudd Chercheur’e bei eis ze haalen, a se nett no 5 Joër an d’Ausland ze verléieren. Réischt dann gëtt de Bio-tech zu enger Success story.

Mir sinn och kuerz virdrun en neit Gesetz z’adoptéieren, iwwert d’régimes d’aides fir d’Recherche, Développement an Innovation, dat de Kader fir ëffentlech Hëllefen fir privat Recherche a Partenariat’en tëscht ëffentlechen Laboratoire’n a Privatentreprise verbessere soll. Hei gëtt nach eemol un den Objektiv vun engem Investissement vun 2,3 bis 2,6% vum PIB an d’RDI am Kader vun der Strategie “Europe 2020” erënnert, dovun 0,7 – 0,9% ëffentlech . Dëst sinn och d’Chifferen déi am Budget firgesi sinn.

An et gëtt nach weider Iwwerleeungen fir e steierlech avantagéise Régime fir Investisseuer’en an innovativ Start-ups – den Här Minister kann eis villäicht soë, wou dat drun ass. Mais och fir eng nei « Patent Box » an däer Betrieber mussen Brevet’en zu Lëtzebuerg entweckelen an déposéieren, wat eiser Recherche zugudd kéim.

Här President,

Wourëmmer geet et wann een vun technologescher an digitaler Revolutioun schwätzt. Wéi während deenen zwou industriellen Revolutiounen virdrun, ginn et gréisser Changementer bei der Aart a Weis wéi mir an Zukunft produzéieren. Dobäi wëll ech awer ënnersträichen, dass déi Changementer global gesinn positiv waren an d ‘Liewen fir déi meeschte Leit méi einfach gemaach hunn. Dat muss och bei der nächster industrieller Revolutioun de Fall sinn. Op där enger Säit gi mer ëmmer méi a Richtung vun enger Économie vum Wëssen, opgebaut op Servicer. Dee Phenomen ass net nei a schonn zënter Jorzéngten amgaang. Op där anerer Säit iwwerhuelen intelligent Roboteren Aarbechten déi den Ament nach vu Leit gemaach ginn. Deen Dag wou Autoën a Camionen ouni Chaufferen op eise Stroossen fuere wäerten ass net méi esou wäit ewech. Amazon zum Beispill huet haut schonn Pläng fir de Courrier an Zukunft mat “Dronen” bei är Dier ze liwweren.

E weideren wichtegen Changement deen op eis duer kënnt, ass déi ëmmer méi grouss Vernetzung tëschent all méiglechen Beräicher. Esou wäerte mer et an Zukunft zum Beispill fäerdeg bréngen eise Stroum méi effizient ze verdeelen. Haus Apparater denken an Zukunft esou ze soen mat, fir dann Elektresch ze verbrauchen wann et am Gënschtegsten ass.

Och eis Gesellschaft verännert sech. D’Aart a Weis wéi mir mateneen kommunizéieren ass haut schonn wéinst de sozialen Netzwierker eng aner. Net ëmmer zum Positiven, muss ee soen.

Iwwerall wäerten an Zukunft déi nei Technologien eng ëmmer méi grouss Roll spillen… an eise Stied, op eiser Aarbechtsplaz, a bei ons doheem.

Här President,

Eng vun de groussen Ängschten vun de Leit haut ass d ‘Globaliséierung. De Brexit an d’Wahl vum Donald Trump an den USA sinn zum Deel Expressiounen vun där Angscht. Nieft der Globiliséierungsangscht riskéiere mer och nach mat enger Digitaliséierungsangscht confrontéiert ze ginn.

Ech mengen et soll een de Leit näischt vir maachen. Natierlech wäerten sech vill Saachen änneren. Et muss een d ‘Ängscht vun de Leit eescht huelen. Am beschten an am éierlechsten maachen mer dat wa mer déi digital Zukunft preparéieren. Wa mer sécher stellen, dass jiddereen um Enn vun deene Progrès’e profitéiert. Dat gëtt net einfach, mee mir däerfen och net de Feeler maachen d ‘Chancen, déi déi nei Evolutiounen mat sech bréngen, net ze notzen.

Mir kënnen eise Sozialsystem festége mat Hëllef vun de neien Technologien. D’Digitaliséierung an déi technologesch Avancëeen asetzen fir eise Gesondheets System méi effizient ze maachen an d’ Präventioun am Gesondheetsberäich ze fuederen. Mir kënnen eis Transport Netzer besser mateneen verbannen an esou besser notzen. Mir schaafen nei Energie Sourcen, nohalteg Sourcen, andeems mer zum Beispill eege produzéiert Elektresch an eisen Réseau aspeisen. Mir machen et iwwer verschidden digital Plattformen méiglech eis Ressourcen méi effizient a nohalteg anzesetzen.

Här President,

Wa mer dat fäerdeg bréngen, dann brauche mer eis och net méi esouvill Suergen ze maachen iwwer e méiglechen 1,1 Milliounen Awunner Staat oder doriwwer wéivill eis Wiertschaft soll wuessen. Dann léise mer déi Froen doduerch dass mer eisen aktuellen Wuesstem duerch e qualitative Wuesstem ersetzen.

Wa mer wëssen, dass déi zukënfteg Wirtschaft zum Deel grouss Changementer wäert mat sech bréngen an der Aart a Weis wéi mer haut schaffen, da musse mer déi Changement an der Aarbechtswelt preparéieren a begleeden. Eng Suerg déi mir als LSAP hunn, ass dass eng Rei Aarbechten just nach temporaire wäerte sinn oder dass ëmmer méi Leit sech musse selbststänneg maachen. Mir gesi schonn haut wéi Gesellschaften wéi Uber oder Air’b’nb den etabléierten Acteur’en hier Geschäftsmodeller auseneen huelen – muenchmol, muss ee soë, well se einfach e bessere Serviss ubidden.

Mir mussen eist Aarbechtsrecht iwwerdenken, mais mir musse verhënneren, dass Aarbechter méi oder manner gudd geschützt sinn, nëmme well se en anere Statut hunn, awer déi selwecht Aarbecht maan.

Wa mer vun den Ännerungen vun den Aarbechtsforme schwätzen, da musse mer déi digital an technologesch Revolutioun notze, fir den Télétravail auszebauen. Domat droe mer ënnert anerem dozou bäi de Verkéiersproblem ze reduzéieren andeems d‘Leit d‘Méiglechkeet kréien vun doheem aus ze schaffen. Mir ginn de Leit awer och d ‘Méiglechkeet hier Aarbecht an hiert Famille Liewen besser mateneen ze verbannen. An deem Kontext musse mer mengen ech och eng Reflexioun féieren iwwer d’Moduléierung an d’Reduktioun vun den Aarbechtszäiten. Et ass virauszegesinn, dass mat Hëllef vun de neien Technologien d’ Productivitéit allgemeng verbessert gett an d ‘Leit éischter manner schaffe mussen an Zukunft.

An Zukunft wäerten och ëmmer méi Aarbechten déi op Fossilien Energiequellen opbauen duerch Aarbechten am ekologeschen Secteur ersaat ginn. Mir mussen dofir d ‘Leit ausbilden op déi nei Beruffer déi an Zukunft entstoe wäerten.

Här President,

Dat bréngt mech op deen fir eis LSAP wichtegsten Punkt an dëser ganzer Diskussioun iwwer den zukënftegen Wiertschafts Modell a wéi mer et fäerdeg bréngen kompetitiv ze bleiwen.

Wéi ech virdru schonn sot, déi digital an technologesch Evolutiounen sinn amgaang. Fir eng kleng an oppen Économie wéi eis, geet et also drëm eis beschtméiglechst ze drop ze preparéieren. Dat fänkt an der Schoul un.

Här President,

Mir mussen an eise Bildungssystem investéieren an deen esou ausriichten fir eis Jonk op déi Zukunft ze preparéieren. Jonk Leit mussen eis Schoulen verloossen mat de néidege Qualifikatiounen am Beräich vun de neien Technologien.

Déi Jonk vun haut sinn « digital natives » – sie wuesse matt Computeren, smartphones an tabletten op. Wann ech e Problem matt mengem Iphone hunn, frokennt der an der RDI ass dass Eurostat no sie wuesse matt Computeren, smartphones an tabletten op. Wann ech e Problem matt mengën ech mäin 12-Jährege Bouw.

Mais mir mussen eis och froë, wat fir Programmer mir de Schüler an der Schoul ubidden fir se fit ze maache fir déi nei Job’en. Ech mengen, dass haut keng Schoul méi dolaanscht kënnt fir Computer-Cours’en unzebidden. Mir begréissen an deem Sënn och déi geplangten Lycée’s-Reform, mat där eng Informatik a Kommunikatioun Sektioun agefouert gëtt. Mir mengen awer och, dass schonn am Fondamental, den Internet an den Ëmgang mat neie Medien e Sujet muss sinn. Erlaabt mer an deem Kontext och dem Educatiounsminister d‘Fro ze stellen, wéi dat vum Jeremy Rifkin ausgeschafft Konzept iwwer déi drëtt industriell Revolutioun Aklang fanne wäerd an der Schoul ? Wat mécht d‘Regierung konkret fir d ‘Schuler op déi technologesch an digital Beruffer virzebereeden ?

Formatioun vu Mathematiker? Cf programmateurs Ukraine : well se staark an der Mathé sinn!

Här President,

Eis gréisste Suerg als LSAP ass, dass Bierger, Regiounen a Betriber op der Streck bleiwen, well se den Iwwergäng an déi digital Welt net gepackt hunn. Dofir musse mer nieft der schoulescher Ausbildung och verstäerkt op d ‘Formation continue setzen. Och do wéilt ech gären vun der Regierung héieren wat se op deem Punkt gedenkt ze maachen. Mir sinn iwweregens och der Meenung, dass d ‘Betriber selwer hei eng grouss Responsabilitéit hunn fir hier Salariéen op d ‘Erausfuerderungen vu muer ze preparéieren.

Mir hunn als Land eng ganz gutt Ausgangspositioun fir d ‘Chancen vun der digitaler Revolutioun ze notzen, well mer et nämlech fäerdeg bruecht hunn an deene leschten Jorzéngten eis Wiertschaft ze diversifizéieren andeems mer op den ICT Beräich gesat hunn, andeems mer mat déi éischt waren déi e ganz schnellt Breedband Netzwierk fir den Internet geluet hunn, andeems mer op Bio an Ekotechnologien gesat hunn, andeems mer hei am Land Daten Zentren gebaut hunn déi Entreprisen wéi Amazon ugezunn hunn.

Erlaabt mer e puer Zuelen ze nennen… Dem Rapport vum Observatoire de la Compétitivité no vun 2015, goufen et 2012 hei zu Lëtzebuerg 1838 Entreprisen déi am Beräich vum ICT täteg waren. 2005 waren et nach 1357 Betriber. Deemno ass d’Zuel vun Entreprisen all Joer ëm méi wéi 5 Prozent geklomm. 2012 hunn schonn eng 15 dausend Persounen an deem Beräich geschafft. De Secteur war also och net weider vun der Finanz- a Wirtschaftscrise betraff, ass eng vun de Conclusiounen vum Rapport. D’Valeur ajoutée vum Secteur zu der Économie hei am Land louch bei 7,3 Prozent vum PiB, wat Ronn 2,8 Milliarden Euro ausmaachen.

Mir sinn also elo schonn net schlecht preparéiert op déi digital Revolutioun. Dat Potential musse mer elo notzen fir eise Wuelstand hei am Land ze festégen a weider Aarbechtsplazen ze schafen.

Ech hunn et scho gesot: nieft der Bildung an der Formatioun ass dofir d Recherche e ganz wichtége Beräich.

Wa mir et packen eis an deene Schwaachpunkten substantiell ze verbesseren, der Schoul an der Recherche, dann hu mir all d’Kaarten an der Hand fir eng Virreiderroll ze spillen. Mir mussen den Evolutiounen also e Schratt viraus sinn.

Aner Variabele spillen och dobäi eng wichtég Roll. Och d’ Fiskalitéit an de juristesche Kader fir Entreprisen, den Accès zu de Finanzementer fir Betriber, eis Transport-Infrastrukturen, déi ëffentlech Finanzen, an natiirlech och déi Beräicher déi eis Liewensqualitéit ausmaachen, wéi d’Kultur – och hei wier et schéi wa mer déi 1% vum PIB am Budget eng Kéier knacke kéinten – an d’ Sportinfrastrukturen, d’Fräizäit Aktivitéiten… alles dat si Puzzel Stécker déi zesumme passen mussen fir eng kompetitiv Economie ze behalen.

Et ass dëser Regierung héigh unzerechnen, dass se versicht d’Land jo och ze erreechen doduerch dass de Wiertschaftsministère d’Rifkin Étude bestallt huet, doduerch dass d’Regierung sech Gedanke mécht wéi et mam Tank Tourismus soll weider goen an doduerch dass mer versichen d ‘Diversifizéierung vun eiser Économie weider ze dreiwen mat zukunftsorientéierten Secteuren wéi de “Spacemining”, den ICT Beräich oder d’ Bio Medezin.

Här President,

Ech hunn dat schon des öftere gesot, an ech widerhuelen et nach eng Kéier: mir kënnen eis et net méi erlaaben op Souverainitéitsnischen ze bauen. Mir mussen op Kompetenznischen bauen. Besonnesch am Finanzsecteur.

Fintech sinn ee villverspriechende Beräich, och wann de Fintech meiglecherweis den traditionnellen Finanzdengschtleescher hiere Modell a Fro stellen: et wäerten och hei ëmmer méi Finanzprodukter online ugebuede ginn, an och d’Berodung wäerd zu engem standardiséierte Produkt ginn. Och hei gëtt vun der « fintechisation » vun der Finanzplaatz geschwaat.

D’Blockchain Technologie, op déi jo d’virtual Devisen opbauen, sinn en anere Beräich deen ee sech sollt genee ukucken a wou Lëtzebuerg eng Roll spille kann. Oft geet et hei em Paiement an elektronescht Geld Servissen.

Här President,

Lëtzebuerg kënnt net dolaanscht fir sech am internationale Verglach gutt ze positionéieren. Investisseuren liesen nämlech déi international Kompetitivitéitsstudien, wéi déi vum “World Economic Forum”, dem “International Institute for Management Development”, der europäescher Kommissioun oder der “Heritage Foundation” an huelen doropshin d ‘Décisioun fir sech an deem engem oder aneren Land nidder ze loossen. Dat ass keng Wëssenschaft, mee dat wat dobäi eraus kënnt hëlleft eis ze verstoen wéi eist Land am Ausland gesi gëtt. Dobäi kucken d ‘Investisseuren natierlech vill op dat steierlecht a juristescht Ëmfeld fir Betriber.

Et gelt do ee Constat ze maachen, nämlech dass esouwuel um Niveau vum G20, der OECD, wéi och der europäescher Kommissioun, ëmmer méi Initiativen geholl ginn fir aggressiv Steieroptiméierungsméiglëchkeeten ze ënnerbannen. Dat ass an eise An och richteg, bréngt awer nëmmen déi erhofften Friichten, wann de Prinzip vum “Level playing field” respektéiert gëtt, wann also jiddereen sech un déi nämlecht Regelen hält. D’ Rulingen sinn haut besser encadréiert, d‘Bankgeheimnis gouf mam automateschen Informatiounsaustausch fir Net-Résidanten ofgeschaf an déi europäesch Kommissioun schafft un enger neier Directive mat där d’ Steier-Base an der europäescher Unioun soll verbreedert ginn, fir dass grouss Multinationalen net méi dolaanscht kommen op all hiren Gewënner Steieren ze bezuelen. Och wa mer vum Prinzip hier mat der sougenannter ACCIS-Initiative d ‘Accord sinn, wéilte mer awer vum Finanzminister wëssen ob dës net och e Risiko duerstellt vun enger Course no ënnen bei de Steiersätz fir Betriber an de verschiddene Länner. Wa mer nämlech op de Wee ginn, fir Déductiounen, Abattementen an Exemptiounen ofzeschafen, da bleift just nach d ‘Schrauf vum Taux fir drun ze dréien. Mam Risiko dass een ëmmer méi déif usetze muss fir nach Entreprisen unzezéien. Wéi gesäit de Finanzminister dat ?

Mat der Steierreform vum nächste Joer gi mer progressiv bis 2018 mam Taux vun den Entreprisen erof vun haut 21 Prozent op 18 Prozent erof. Dat dréit zu der Kompetitivitéit vum Land bei, mir mussen awer oppassen, dass mer en Ekiliber behalen tëschent der Betribssteier an der Besteierung vun de physeschen Persounen.

Nieft der Steierpolitik, kucken d ‘Betriber natierlech och op de juristesche Kader an deem si evoluéiere mussen. Lëtzebuerg weist an deem Beräich zwou Schwächten an internationale Vergläicher op. Zum engem ass et de Reproche, dass et bei eis ze laang dauert fir eng Gesellschaft ze grënnen. Dozou wëll ech ënnersträichen, dass mer dëst Joer virum Summer e Gesetz an der Chamber gestëmmt hunn, dat d‘Een Euro SARL aféiert. Fir esou eng Gesellschaft ze grënnen ginn et just ganz minimal administrativ Démarchen. Domat wëlle mir virun allem jonken Entrepreneuren entgéint kommen. Een-euro Gesellschaften kënnen ab dem 16.1.2017 gegrënn ginn. Mit hunn och eisen droit des sociétés moderniséiert mam Gesetz vum 10.8.2016, och dat ass e wichtége Facteur.

Deen zweeten Kritikpunkt ass eist Insolvenz Recht. Et ass gutt méiglech, dass mer dëst Joer de Seuil vun den dausend Failliten hei am Land erreechen wäerten. Mir mussen eist Recht reforméieren fir d ‘Zuel vun de Failliten an den domat verbonnenen Verloschter vun Aarbechtsplazen ze reduzéieren. Dorunner schaffe mer an der Sous-Commissioun iwwer d ‘Faillite Gesetz andeems mer e Mechanisem aféieren mat deem mer finanziell Problemer bei Betriber éischter detectéieren a léise kënnen. Matt deem neie Gesetz wäerte mer och an Zukunft besser Méiglechkeeten hunn, fir Betrieber ze réorganiséieren oder ze restrukturéieren – dat ass bis elo just ganz begrenzt meiglech bei eis, an et ass schwéierfälleg.

Muench Indicateur’e weisen drop hinn dass dass mer en Aarbechtsrecht hätten, dat net flexibel genug wier. Dozou well ech soen, dass d’LSAP sech ëmmer an och weider dofir asetze wäert fir de Salariéen Sécherheet op hirer Aarbechtsplaz ze garantéieren. Mir si géint eng “Uberisatioun” vun der Aarbechtswelt, wëssen awer och, dass mer mat der Digitaliséierung vun der Économie nei Formen vun Aarbecht wäerten kréien. Verschiddener kréien d’Meiglechkeet manner ze schaffen, ze schaffe wéini se wëllen. Fir muencher kann dat en attraktive Choix sinn. Mais net fir jiddfereen.

Ee Beispill ass dem Rifkin säin Konzept vum “Prosumer”, enger Mëschung also vun Produzent a Konsument zugläich. Sief et, dass mer eis Energie-Produktioun dezentraliséieren an an Zukunft ëmmer méi wäerten selwer Energie produzéieren, déi dann an d’elektresch Netzwierk agespeist gëtt, sief et dass mer mat Hëllef vun 3D Printeren ëmmer méi selwer vun doheem aus Saachen produzéieren.

Och aner wirtschaftlech Modeller ginn an der TIR Etude thematiséiert als méiglech Zukunftsmodeller: dozou gehéiert d’Zirkularwirtschaft, mais och d’économie du partage. D’Zirkularwirtschaft ass e spannende Beräich, an deem z.Bsp Baumaterien kënne recycléiert ginn an nei an dem Ëmlaaf bruecht ginn – d’Firma Tarkett déi Biedem produzéiert – ass gëschter do mam Präis vun Entrepreneur de l’année vun der FEDIL ausgezeechent ginn, an et gëtt e Pilot Projet an der Stad Woltz (voir F. Arndt). D’Economie du partage ass och eng villverspriechend Alternative zur traditioneller Economie a virun allem dem traditionelle Konsumverhaale – hei geet et drëm, Saachen ze léinen, a nett méi als Propriétaire ze kaafen. An engem Land, wou d’Leit gäre Propriétaire si, muss sech allerdéngs nach weisen ob do jiddferee matmécht.

Här President,

Domat wär ech bei engem weideren extrem wichtegen Punkt fir d ‘Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg och an Zukunft oprecht ze erhalen, nämlech d‘Mobilitéit. Déi eng Säit vun där Problematik ass wéi léise mer de Verkéiersproblem zu Lëtzebuerg ? Télé travail ass do, wéi gesot eng Pist, Car sharing – an do si mer mëtten an der économie du partage – ass eng weider Pist.

Den Tram deen d‘nächst Joer kënnt, wäert eis hëllefen déi grouss Flux’e vu Leit méi schnell a méi efficace vun enger Platz op déi aner ze transportéieren. De Minister François Bausch huet jo och schonn e méiglechen Ausbau vum Tram-Réseau an Aussiicht gestallt. Wuesstëm huet och matt Landesplanung ze dinn : mir mussen engersäits kucken, dass d’Leit besser a méi schnell op hier Aarbecht kommen. De Modal Split tëscht Privatauto, ëffentlechen Transport a mobilité douce muss sech inverséieren: mir brauche vill manner Auto’en op eise Stroossen, dofir awer méi effikass Transports en commun a besser Velo’s-Weeër. Mir mussen och den Trend begleeden, dass d’Leit erëm verstäerkt an d’Stied wunne wëlle kommen: d’Zäit wou et de Summum war fir moies vum Land an d’Stad mam Auto schaffen ze fueren, an owes erëm zeréck a seng Garage, sinn eriwwer.

Op alle Fall fir déi jonk Generatiounen. Dofir musse mir méi bezuelbare Wunnraum schaafen, och an haaptsächlech an de Stied, a virun allem an der Stad Lëtzebuerg, awer net nemmen. Et kann net sinn, dass Jonker an d’Grenzgebitt wunne musse goën a gezwonge sinn 2 Stonnen an d’Stad ze pendele, well se sech hei näischt méi leeschte kënnen!

Dat Konzept vum développement « organisé et harmonieux » dat vum Minister François Bausch virgeluecht gouf, schéngt eis villverspriechend a geet definitiv an déi richteg Richtung.

Da musse mer de Sprong vun der fossiler Mobilitéit op déi elektresch eriwwer packen. D’ Regierung plangt jo dofir och op mannst 800 elektresch Bornen op de Stroossen hei am Land opzeriichten – déi éischt si jo schon installéiert ginn. Et wär interessant vun den zoustännegen Ministeren ze héieren wat fir weider Schratt virgesi sinn fir déi mobil Revolutioun do an d ‘Weeër ze leeden ?

En aneren Aspekt vum Problem ass d‘Accessibilitéit vu Lëtzebuerg aus dem Ausland. Mir denken hei virun allem u besser Zuchverbindungen tëschent Lëtzebuerg a Bréissel, och eng europäesch Haaptstad nieft Lëtzebuerg a Stroossbuerg. Och mussen d ‘Verbindungen mat Däitschland verbessert ginn.

Mir mussen och iwwer zukënfteg Fluch Verbindungen mat aneren Länner nodenken. D ‘Cargolux zum Beispill flitt zënter enger Rei Joren a China, e Land mat engem héije Wuesstem an engem risegen Maart. Mir hunn ëmmer méi Relatiounen mat China, ënnert anerem och well vill Banken Lëtzebuerg als hier Entrée ‘s-Dier esouzesoen op den europäeschen Marché benotzen. Eng Passagéier-Linn tëschent Lëtzebuerg a China kéint deemno dem Land e weideren competitiven Avantage schafen.

Här President,

Fir d’LSAP gëtt et eng Reih fondamental Froën am Kader vun dëser Wuesstëms a Kompetitivitéit’s-Debatt, déi sech nei stellen am Kontext vun der Digitaliséierung an der drëtter industrieller Revolutioun:

Waat geschitt mam Mensch an enger digitaler Wirtschaft? Wat ass virun allem d’Plaatz vum schaffende Mensch?

Wat fir eng Gesellschaft kréie mer? Wéi liewe mer zesummen an Zukunft?

Dëse Froë musse mer eis offensiv stellen, an déi musse mer an aller Transparenz an Offenheet diskutéieren. Mir musse se matt de Leit diskutéieren, matt de Sozialpartner, matt der Zivilgesellschaft. D’Objektiv soll sinn, fir dee gudden technokrateschen Usaatz vum Rifkin-Rapport zu engem konsensfähege Modell fir en dauerhaften an inklusive Wuesstem ze maachen!

Ech soë Merci …

Enregistrer

Enregistrer