quaesitio

Ried Etat de la Nation 2017 – débat Economie a Kompétitivitéit


 

Meng Ried vum 26.4.2017 am Débat sectoriel zu Wirtschaft a Kompétitivitéit (Etat de la Nation Debatt) – Dat geschwatent Wuert zielt.

 

Eis Regierung huet vun der gudder wirtschaftlécher Lag profitéiert, fir eng landeswäit Diskussioun iwwert d’Zukunft vum Land lasszetrëppelen. Dat ass hier héich unzerechnen. Et geet hei net just ëm wirtschaftlech Diversifikatioun, mais et geet och em Landesplanung, em Energieffizienz, em Mobilitéit, Logement, Landwirtschaft. Et ass en ambitieuse Masterplan fir Lëtzebuerg deen och mëttlerweil iwwerall – an den ONGen, an de Gewerkschafte, bei de Berufskummeren – diskutéiert gett, mol positiv, mol éischter skeptësch. Mais et gëtt diskutéiert, an et ass falsch ze soën dass dësen Exercice just e Gadget oder eng toolbox ass.

Am Zentrum vun den Iwwerleeungen um Wee zu enger “Smart Nation” steet d’Technologie: den Internet, Robotik, artifiziell Intelligenz. Eist Land, eis Welt ass voll am digitale Wandel.

De Premier huet de Moie, ganz zu Recht, gesot dass wann et de Mënsche gudd geet, dass et dann och dem Land gudd geet. Mir mussen eis och dorëm këmmeren, dass et de Mënsche gudd an engem digitaliséierte Lëtzebuerg geet.

 

Mat der Ausnahm vun der Diskussioun iwwert d’Aarbechtszäit – op déi mäi Kolleg Georges Engel wäerd agoën a senger Interventioun – hu mer bis elo awer kaum iwwert d’Effekter vun där technologëscher Revolutioun op eis Gesellschaft geschwat.

Oft gëtt d’Digitaliséierung, d’Robotiséierung, Internet of things, déi artificiel Intelligenz, als e quasi Naturgesetz présentéiert. Als eng Well déi iwwert eis kënnt, a wou mer keng aner Wiel hu, wéi se z’erdroën. Dat ass och e bëssen d’Impressioun déi ee beim Rifkin-Rapport kritt: et ass sou e « brave new smart world », an alles wat Hi-tech ass, ass och mol a priori positiv.

Mais et ass eben net just eng wirtschaftlech Frô. Wann een et dorop reduzéiert, riskéiert een de Bléck op d’Gesellschaft, op d’Mënschen ze verléieren.

Als Jurist, als Législateur stellen ech mer d’Frô vun der Reguléierung vun den neien Technologie’n. Mir mussen eis froën, ob mer den technologëschen Disruptioune muechtlos géintiwwer stoë wëllen. Oder awer ob mer se wëllen encadréieren, oder souguer verbidde, wa se net kompatibel matt eise Werter sinn : sief dat d’Menscherechter, wéi d’Recht op d’Privatsphäre, den Dateschutz, sozial Ofsécherung an Aarbecht fir jiddfereen, eng gudd fonktionéierend Demokratie…

Dëst ass natirlech eng eminent politësch Frô, a mir dierfen hei net naïv sinn. Hi-Tech ass och d’Spillwiss vu muench Start-up billionnaires an Tycoon’en, déi enger ultra-liberaler, jo souguer libertärer Ideologie nostinn. Oft geet et deene Leit dorëm hier Réussite, déi individuell ass, an déi matt enger Destruktioun vu bestehende Modeller verbonnen ass, op d’Gesellschaft ze projezéieren.

An engem rezenten Artikel am Guardian gët d’Ayn Rand als d’Virbild vu muench Tech-entrepreneur genannt. D’Ayn Rand ass eng russësch-amerikanesch Schrëftstellerin (1982 gestuerwen), déi den Egoismus an den Individualismus als iewescht Tugend preist an all Form vun Altruismus als Schwächt verdeiwelt. D’Ayn Rand ass seit Generatiounen eng Heldin vun ultra-konservative Milieux’en an den USA an a GB, vun Thatcher a Reagan bis zum Republikaner Paul Ryan an der Majoritéit vum Trump senger Regierung, an och sengem Haaptfinancier, dem Robert Mercer – alles Leit, déi de Staat am léifsten an enger Buedbidden ersaufe wéilten.

Firwat soën ech dat? Ech soën dat fir ze weisen dass muench Geschäftsmodeller an déi Leit déi dohannert stinn net dorop hinziele Verbesserunge fir d’Mënsche matt sech ze zéien – och wann dëst muenchmol accessoirement de Fall ass – mais an der Haaptsaach geet et hei em Zerstéierung vun aale Modeller an ëm Big Business. Ouni Rücksicht op Konsequenze fir eis Gesellschaften.

Et ass also net alles gudd, wat aus Amerika kënnt, wat technologesch ass, a wat eng Disruptioun ass.

Mir mussen eis dofir froë, wéi mer eis als Gesellschaft géint Exzesser a Nieweneffekter vun der neier Technologie schützen.

Wat wëlle mer, a wat welle mer net?

Wat ass kompatibel matt eise Werter, matt eiser Virstellung vun enger intakter Gesellschaft?

Wéi réguléiere mer dës nei Phenomener?

Beispiller wou so Froën opkommen gëtt et elo scho muencher:

– Plattforme wéi Uber an Air B’n’B stellen elo scho Länner a Stied viru gesellschaftléch Froën: ass et richtég dass een den Taxi’s-Secteur kann aushiewelen matt enger App? Wat ass de Schutz fir déi Leit, déi fir Uber schaffen? Ass Air B’n’B eng concurrence déloyale fir den Hotel-Secteur? Ginn d’Immobilie-Präisser doduerch an d’Luut gedriwwen?

– Wéi ass et matt där richtéger Economie du partage, also déi, di net op kommerziell Plattformen baséiert, a wou ee just eng contrepartie fir de Serviss bezillt? Welle mer dës Form vun Deelen als Législateur encouragéieren? Wéi maache mer dat? Duerch experimentell Reglementatioun? (cf QP économie du partage) Wéi ass hei de Partenariat matt de Gemengen? Car sharing, gaspillage alimentaire, Wunnen, tool sharing…

– Welle mer iwwerall Auto’en ouni Chauffeur? An engem Zeit-Artikel vum 12 Abrëll 2017 seet de Maschinenethiker Oliver Bendel z.Bsp. dass ee soll d’Fangere loosse vum autonome Fueren am Stadverkéier, well sech do zevill Gefore Situatioune présentéieren, déi eng Maschin viru kridlech moralësch Froë stellen. Situatiounen op déi e Mensch situativ oder intuitiv réagéiert, an op déi souguer eng intelligent Maschin keng Äntwert huet. Dofir sollen autonom fuerend Autoe just op Autobunne fueren.

– E weidert Beispill ass dat vum virtuelle Geld. Solle Bitcoins an aner virtuell Währungen, déi net vun enger Zentralbank ausgi ginn, unerkannt ginn? Soll jidfereen Accès zu dëse méiglecherweis riskante Währunge kréien? Och wëssend dass d’Geldwäschrisiko hei héich ass? D’CSSF huet hei bei eis scho virun 3 Joër e Communiqué erausginn, wou se hier Interpretatioun an d’regulatoresch Approch zu virtuelle Währungen kloërstellt. Mais dat ass e communiqué, an iergendwann stellt sech Frô no enger méi spezifescher Réglementatioun.

– Wéi geet de Législateur, mais och d’Justiz, matt illegale Contenu’en ëm? Contenu’en déi meescht net zu Lëtzebuerg gemaacht ginn, an och net hei online gesat ginn? Wann ee weess dass ëmmer méi Jugendlecher just nach Youtube oder Snapchat kucken, gett dës eng extrem wichtég Frô. Gett een hei gären den Opérateure’n Befugnisser, déi een dann als Staat periodesch kontrolléiert – eng sougenannt “Sandbox” Réglementatioun?

Här President,

Dëst si just e puer Beispiller, wou d’Frô vun der Vereinbarkeet vun Technologie a Rechtsnormen sech stellt.

An all deene Froën ass déi europäesch Dimensioun extrem wichtég. Et ass illusorësch ze mengen dass mer als kléngt oppent Land an enger globaliséiert WIrtschaft et selwer fäerdeg brengen hei Moosstäb ze setzen.

D’EU ass amgaang de Marché unique numérique virzebereeden – mir haaten do viru kuerzem eng entrevue hei an der Chamber mam europäesche Kommissär Ansip – d’Thema Big Data, den Dateschutz an d’Privatsphär vun de Leit ass eng vun de Prioritéite vun der EU Kommissioun, an dat ass och gudd esou.

Här President,

Zu all dëse Froën ass d’Politik gefuedert. Et ass also net d’Ënn vun der Politik, a mir dierfen nett de Fehler maachen dës Choix’en der Wirtschaft oder den Expert’en iwwerloossen. Den Challenge fir d’Politik haut a muer ass sech op ganz technëschen a spézialiséiert Terrain’en ze trauen, ouni an de Populismus oder d’Vereinfachung ze verfaalen. Mir mussen eis dofir an all déi Froën eraschaffe, fir glaubhaft ze sinn, a fir Gourou’en, a Profiteuren op den Zannt ze fillen.

Wa mer dës Froe stellen, kënne mer ons als Gewielten nët eleng op Europa, op d’Regierung an op d’Spezialisten beschränken, fir Entwerten ze fannen. D’Chamber selwer, also d’Vertrieder vum Vollék, muss aktiv gin, muss sech dofir selwer Mëttele gin, fir op dem Terrain ze schaffen.

Ech gesin dofir zwou konkret Méiglechkeeten.

Déi eng gët et schon a ville Parlamenter: dat ass en eegenen Dengscht fir d’Veille scientifique et technique ze maachen, d.h. en Service, deen déi Entwécklungen vu Wëssenschaft an Technik verfollecht an d’Deputéierten doriwer informéiert an alertéiert. Do musse mer d’Rad nët nei erfannen, mais mir kënnen mat Parlamenter zesummeschaffen, déi schon esou en Service hun, wéi z.B. d’Europaparlament.

Déi aner Méiglechkeet ass ët, an der Chamber selwer eng Spezialkommissioun anzeberuffen, an där interesséiert Deputéiert sech interdisziplinär dorëmmer bekëmmeren kënnten aplaaz dass déi eenzel Fachkommissiounen just an hirem oft enke Bereich stéckweis doriwer schwetzen. Also eng Zukunftskommissioun, déi sech z.B. virhuele kënnt, e parlamentaresche Rapport iwer all déi Développementer opzestellen. Sou eng Kommissioun hat d’Chamber sech z.B. an den uechtzeger Joren vum virechte Jorhonnert gin, fir nei Strukturen an der Fuerschung opzebauen. Datselwecht misste mer haut maachen, fir als Politik op dee Wandel kënnen ze réagéieren an d’Primat vun de Mënschen- a Sozialrechter z’affirméieren.

 

 

 

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer