quaesitio

Besuch bei der Stëmm vun der Strooss


D’Kiche vun der Stemm vun der Strooss an der Kierfechtstrooss zu Bounewég ass vill ze kléng a verwénkelt, mais et ass alles dra wat ee braucht. Frigoën, Déifkühltruhen, Leit déi Geméis an Uebst schielen. Hei ginn all Dag Iesswueren a Sandwichen, Zoppen, Zaloten, jo souguer a Sorbet’e verschafft – d’Brout, Geméis, Uebst, Fleesch, Kéis, Eeër an aner Wuere kommen all vum Auchan. Am Schnatt ginn 10,5 Tonne pro Mount verschafft. Den Auchan géif nach méi gi, wann d’Stëmm méi Capacitéit hätt. Am « Caddy », wéi dësen Atelier heescht, ginn all Dag 200-300 lecker Sandwichen, Jus’en asw, produzéiert a verdeelt – op all d’Lokaler vun der Stëmm, mais och vun aneren Associatiounen. Wat era kënnt ass gratis, a wat eraus geht, och.

D’Sandrine Cantin, d’Sally an eng Kichenhëllef déi hallef Zäit schafft leeden eng Ekipp vu 14 Persounen déi an der Activité d’Insertion Professionnelle (AIP) sinn, an 8 Leit déi op der Strooss liewen. Am ganze sinn ët ongeféier 20 Leit déi hei all Dag schaffen. D’Leit vun der Strooss si ganz besonnëscht motivéiert – dës Aktivitéit gëtt hinnen e Rythmus, eng Struktur, déi se brauche fir op der Strooss z’iwwerliewen. Et sinn och Jonker hei, déi aus der Schoul erausgefall sinn – vun de verschiddenste Milieu’en, wat se vereenégt ass en trouble psychologique, oft zeréck ze féieren op en affektive Manktum.

Mir kommen op d’Leit vun der Strooss ze schwätzen – eng Donkelziffer, et weess kee wéivill et der genee sinn, well et gëtt keng Statistiken. Mais et ass gewosst, dass 2015 en Total vun 1046 Leit zu Holleréch passéiert sinn, géint 3599 am Joër 2017 – dat ass eng spektakulär Augmentatioun vun 244% bannent 2 Joër vu verschiddene Leit, déi an Zäit vun 2 Joër méi zu Holleréch laanscht komm sinn fir séch z’ernieren (fir 50 cent eng Molzécht), ze wäsche, Kleeder ze fannen, coifféiere lossen, bei den Dokter goën. Nët all vun hinne liewen op der Strooss, loin de là, mais muencher schonn, an déi aner brauchen och Hëllef fir iwwer d’Ronnen ze kommen.

D’Stemm mécht e super Job – sie si sozial Pompjeeë – si sinn do fir déi Schwächst an eiser Gesellschaft opzefänken, hinnen eng Molzécht ze ginn, e Laachen, e Gefill vu Gemeinschaft.

Dat an engem Land wou mer vill iwwer Kompétitivitéit schwetzen, awer vill sozial Kompetenz op der Streck bleiwt. Wa mer d’nächst woch eis Rieden an der Chamber halen iwwert den Etat de la Nation, och iwwer d’cohésion sociale a bien-être, géife mer gudd dunn droën un d’Stëmm vun der Stross an aner Associatiounen dénken, déi sech de net sou schéine Säite vun eisem Wirtschaftsmodell unhuelen.

Ech war op alle Fall déif beandrockt iwwert de gudde Kreeslaf vu Kampf géint Liewesmëttelverschwendung, Insertioun, a sozial Hëllef deen de Modell vun der Stëmm duerstellt.