quaesitio

EdN 2018 – d’Gesondheet vum Land & Challenges vun der Digitaliséierung


Cover image (c) The New Yorker

Meng Ried vum Etat de la Nation 2018

 

Wann ech moies zu Fouss iwwer d’Paräisser Platz op d’Aarbecht ginn – eng flott, urban Platz wou mëttes an owes Leit sinn, e Patt huele ginn, oder eppes iesse – läit do säit e puer Wochen e Mann um Trottoir, a sengem Schlofsak, mat all senge Saachen nieft sech.

E bësse weider, wou ech da meng Mëtsch kafe ginn, sëtzt och ëmmer e Mann dee keen Daach iwwert dem Kapp huet. Wann ee mat deene Leit schwätzt, léiert een eng Realitéit kenne vu Leit, déi keng Wunneng hunn, oft keng Pabeiere, well se se verluer hunn, oder se op der Strooss geholl kruten, déi sech net kenne bei der ADEM aschreiwe, well se keng Adresse hunn. Déi natierlech och kee RMG kréien. Dat si Leit déi komplett duerch eist soziaalt Netz falen.

2015 hat d’Stëmm vun der Strooss 1046 verschidde Leit, déi se empfaangen huet an hirem Lokal zu Hollerech – wou d’Leit kënnen eppes Iessen an Drénken, eng dusch huelen, sech d’Hoer schneide loossen, Kleeder kréien oder bei den Dokter goen.

2017 waren et der 3599 – e Plus vun 244% bannent 2 Joer! Dat si natierlech net nëmmen Obdachloser – wéi vill et där gëtt ass eng Donkelziffer, si ginn op tëschent 100 an e puer honnert geschat – mais et si Leit déi Schwieregkeeten hunn, d’Ënner zesummen ze kréien.

Här President,

Et ass munchmol schwéier d’Spagat ze maachen, och an Debatte wéi dëser, tëscht deem dach grousse Räichtum dee mer eis erwirtschaften an dësem Land, an deem groussen Aarmut, jo deem Misär, an deem vill Mënschen hei liewen.

D’Gesondheet vun engem Land léisst sech och dru moossen, wéi se mat deenen Allerschwächsten an der Gesellschaft ëmgeet.

Et sinn allerdéngs net nëmmen déi ganz aarm, d‘“Sozialfäll“, déi net méi vun eisem Wirtschaftsmodell profitéieren.

De Wunnengsproblem betrëfft all Sparte vun der Gesellschaft: och gutt gestalte Lëtzebuerger mierken, dass hier Kanner ouni Hëllef vun doheem sech zu Lëtzebuerg keng Wunneng méi kënne leeschten. Bei Präisser um Meter Carré vu 5.000 – 6.000 Euro kritt een sech villäicht e klengen Appartement geleescht, mais wann dann e Kand oder 2 dobäi kommen, ass et schwéier méiglech eppes méi Grousses ze kafen.

Op där anerer Säit ginn Terrain’en an Haiser vu munche Propriétaire’n wéi e Spekulatiouns-Objet ugesinn: dës Woch war en Artikel am Lëtzebuerger Land iwwert Immobilie-Fongen (SICAV-FIS) mat deenen Immobilie kënne steierlech neutral gehale ginn, an och Plus-Value’n a Revenue’n steierlech ganz gënschteg kënnen ausbezuelt ginn.

Dat si Géigespréch, déi mer mussen an Ugrëff huelen, wa mer net wëllen dass déi Ongerechtegkeet, déi mat der Wunnengsproblematik verbonnen ass, nach méi onerdréiglech gëtt. Et ass eng Zäitbomm, op där mer sëtzen.

Här President,

Matt där Drëtter Industrieller Revolutioun huet eist Land sech e Plang gi, wéi mer eise staarke Wuesstem méi harmoniös an ouni exzessiven Impakt op eis Ëmwelt gestalte kënnen. Mir wäerten Enn Juni an der Chamber de Punkt maachen iwwer d’Ëmsetzung vun der Rifkin-Strategie.

Wat kloer ass, ass dat eis Wirtschaft an de kommende Joer nach méi staark wäert digitaliséiert ginn. Nei Technologie wéi Algorithmen, kënschtlech Intelligenz, Roboter asw wäerten nach vill méi präsent ginn an der Aarbechtswelt.

Wat genee den Impakt gëtt ass Zukunftsmusek. Et gëtt pessimistesch Previsiounen, wéi déi vun den englesche Fuerscher Osborne a Frey vun der Uni Oxford, déi an enger Studie vun 2013 viraussoen dass 47% vun den Aarbechtsplazen an den U.S.A riskéiere robotiséiert ze ginn. Dës Studie gëllt mëttlerweil als iwwerholl a gëtt ugezweiwelt.

Mais aner méi rezent Studie weisen op eng Polariséierung vum Aarbechtsmaart hin: et gesäit een, dass Aarbechten, déi manner repetitiv si – onofhängeg dovun ob se intellektuell oder manuell sinn – besser Chancen hunn an enger digitaliséierter Welt. Wat seet dat eis? D’Mënsche solle sech spezialiséieren, op déi Aktivitéiten, déi net ewech-robotiséiert kënne ginn: déi, wou Kreativitéit, Mënschlechkeet, Empathie, Tromp sinn ! An dat sollt och vill méi an eise Schoulen zum Droe kommen.

E weideren Trend ass deen, dass déi nei Technologien net nëmmen Aarbechtsplazen zerstéieren, mais der och schafen, och där, déi mer zum Deel nach guer net kennen!

Ee Beispill ass dat vun Autoen, déi selwer fuere wäerten: déi mussen ëmmer nach gemaacht ginn, mais mussen och reparéiert a programméiert ginn. Si wäerte mat Date fonctionnéiere, brauchen also Analysten. An och d’Servicer un deenen Autoe wäerte ganz anerer gi, wéi bei normalen Autoen!

Et gëtt geschat, dass all „High-tech job“ 5 aner Aarbechtsplaze schaaft. A Länner wou déi Secteur’e scho besser entwéckelt sinn, constatéiert een dat haut schonn.

Här President,

Mir gehéieren als LSAP net zu deenen, déi Angscht hu virun der digitaler Zukunft, oder déi mengen, et kéint een déi stoppen: d’Wirtschaft wäert sech änneren, Aarbechtsplaze wäerte verschwannen, mais anerer wäerte geschaaft ginn!

Wéi all industriell Revolutioun, an dëst ass eng gréisser, bréngt och déi hei zolidd Ännerunge mat sech.

Et ass eis fest Iwwerzeegung, dass mer eis mussen dofir asetzen, dass d’Digitaliséierung encadréiert muss ginn, fir dass d’Gesellschaft kee Schued dovun dréit.

Dëst huet folgend Aspekter:

  1. Dateschutz

 

Mir sinn am Gaang an der Chamber den europäesche Paquet iwwer Dateschutz, de „GDPR“, ëmzesetzen, deen Enn Mee 2018 a Kraaft triede wäert. De GDPR, deen 2015 ënner Lëtzebuerger Présidence ugeholl gouf, gëllt ënner Dateschützer a Mënscherechtler als Duerchbroch um Wee zu engem reelle Schutz vun der Privatsphäre am Internet an op de soziale Medien. Cambridge Analytica huet gewisen, dass schlëmm Schindluder gedriwwe gouf mat Date vu Privatleit, an deem Fall mat Useren vu Facebook. Wahle kënne beaflosst ginn, Mënsche kenne manipuléiert ginn, fir kommerziell oder politesch Zwecker.

 

« Data is the new oil » – an dofir ass et wichteg dass mer an der EU Virreider si, wann et ëm de Schutz vun der Privatsphäre geet.

Ech wënsche mer och dass d’CNPD vun Ufank u prett gemaacht gëtt an d’Moyen’e kritt fir déi grouss Missioun, déi op si zou kënnt och wouer ze huelen. Mir begréissen als LSAP och dass d’Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz nach eng Kéier nogebessert gouf, an elo speziell behandelt gëtt.

 

  1. Aarbechtsrecht

Als LSAP ass et eis wichteg, dass och digital Aarbechtsplaze gutt a sécher Aarbechtsplaze sinn. D’Mënschen dierfen net an d’Prekaritéit falen, well se z.Bsp. als falsch Onofhängeg, ouni Aarbechtsvertrag an ouni sozial Ofsécherung fir eng Plattform wéi Uber schaffen.

 

D’Aarbechtsrecht steet fir eis net zur Dispositioun!

 

Firwat net e Gesetz huele, fir den Télé-travail z’organiséieren an z’encadréieren? Mir sinn op dofir, wëssend dass d’Schwieregkeet éischter bei internationale steierlechen a sozialrechtleche Froe läit – dat muss een an der Groussregioun klären. Positiv ass ze bewäerten, dass mer mat Frankräich 29 Deeg verhandelt un, an deene franséisch Grenzgänger kënne vun doheem aus schaffen.

 

Et gëtt jo allgemeng gesot, dass d’Aarbechtszäit erof geet mat der Digitaliséierung: meng perséinlech Erfarung, säit ech e Smartphone hunn, ass dass se éischter nach eropgeet. Säit mer Email’en op eisem Telefon kucke kënnen, säit mer ëmmer erreechbar sinn, schaffe mer tendenziell méi, ouni eis dem ëmmer bewosst ze sinn.

 

Dofir wäerte mir eis ganz kloer fir en droit à la déconnexion asetzen, fir d’Leit géint Iwwerfuerderung a burn-out ze schützen!

 

En anere ganz wichtegen Aspekt an der Digitaliséierung ass dee vun der Formatioun: Weiderschoulung an Ëmschoulung sinn an enger Phase vu Transitioun extrem wichteg.

 

An dem Kontext huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit d’Initiative « Digital Skills Bridge » lancéiert, déi den 2. Mee offiziell presentéiert gëtt. Hei geet et drëm, dass Betriber déi sech digitaliséiere wëllen, hier Besoin’e identifizéieren u weidere qualifizéierten Aarbechtskräften, kucke wat fir Platze verschwannen, a wéi hier Leit mussen nei forméiert gi. Wann de Projet ugeholl gëtt, kënnen déi Betriber vun ëffentlechen Hëllefe profitéiere fir d’Ëmschoulung oder de Reklassement.

 

Dëst ass fir eis genee dee richtege Wee, fir den Iwwergang an d’Digitaliséierung ze begleeden.

 

Mais et ass och wichteg, dass eis Schoulen nei Weeër ginn, dass mer eis Kanner anescht virbereeden ob déi nei digitaliséiert Aarbechtswelt. Ech hunn den 3.4.2018 eng parlamentaresch Ufro un den Educatiounsminister gestallt, déi op engem Constat souwuel vum Jugendparlament, wéi och vun der Initiativ « 99ID » vum Nohaltegkeetsrot berout, a wou ech froe, wéi et ëm d' »digital skills » vun den Enseignant’e bestallt ass. Wann een eis Schüler wëll forméieren an den neien Technologie, mussen d’Enseignanten och op der Héicht sinn. Dat ass awer, de Jonken no, net ëmmer de Fall.

 

Mais generell musse mer an der Schoul nei Weeër goen – villäicht erëm méi Wäert op Wëssenschaften a Mathe leeën, a manner op perfekt Maîtrise vun der franséischer Grammatik… an eben no neie Methoden enseignéieren, déi méi de Fokus op Kreativitéit a Kultur leeën.

 

  1. Digital Divide:

 

Op all Niveau gëtt et awer och eng Gefor an der ëmmer méi grousser Ofhängegkeet vun Internet: de sougenannten « digital divide ».

 

Eng Illustratioun dovu war d’Petitioun vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs, déi ëmmerhi méi wéi 10.000 Ënnerschrëfte gesammelt huet, fir sech iwwert déi héich Fraise bei Bank-Operatiounen, déi am Guichet oder am Bancomat gemaacht ginn, ze beschwéieren.

 

Et gëtt nach ëmmer vill Leit, déi kee Computer hunn, oder net mat engem ëmgoe kënnen: al Leit, Jugendlecher a Kanner, sozial schwaach Leit.

 

Sief et op Administratiounen, Banken, op der Post oder fir Saachen online ze kafen, mir sollten oppassen, dass mer déi Leit net aus der Gesellschaft ausschléissen.

 

An deem Zesummenhang sief déi gutt Initiativ « Digital Inclusion » ernimmt, gegrënnt vum Isabelle Mousset a Patrick de la Hamette: dëst ass eng ASBL, déi al Computeren a smart phones asammelt, reparéiert a Leit zur Verfügung stellt, déi soss keen Zougang dozou hätten. An dat an Zesummenaarbecht mat Flüchtlingen.

 

Här President,

 

D’Digitaliséierung betrëfft eng ganz Rei vu Gebidder a Politikthemen.

 

Dofir ass et der LSAP hirer Meenung no derwäert iwwert en « Zukunftsministère » nozedenken, wat transversal Kompetenzen hätt an de Beräicher, déi vun der neier industrieller Revolutioun betraff sinn. Ee Beispill dovu gesäit een elo am däitsche Bundesland Schleswig-Holstein, wou de grénge Politiker Jan Philipp Albrecht e MInistère fir Digitales, Agrikultur, Ëmwelt an Energie leede wäert. Ganz ähnlech Theme wéi déi, di och vun der Rifkin-Etude betraff sinn iwwregens.

 

(Dat geschwatent Wuert zielt.)