quaesitio

Iwwert mech 2017


Nom Lycée hunn ech um Centre universitaire zu Lëtzebuerg (1991-1992) an duerno vun 1992 bis 1996 zu Paräis Droit studéiert (Université Paris 1 Panthéon-Sorbonne).

Zënter 1997 sinn ech Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg. Ech war laang Joëren  an enger grousser lëtzebuerger Etude täteg. Am März 2015 hunn ech décidéiert mech matt mengem Frënd Laurent Fisch zësummenzedoën fir mech besser kennen op meng parlamentaresch Aarbecht ze konzentréieren, awer och aus Loscht op e neien beruffléchen Challenge.

Meng Spézialisatioune leien am Finanz- Gesellschafts an Insolvenzrecht. Mäi professionnelle Liewenslaf a meng juristësch Publikatioune sinn um Site vun eiser Etude : www.fischfayot.lu.

Ech si bestued a Papp vun dräi Kanner.

Zënter 2000 ginn ech och Coursen op der Uni Lëtzebuerg – als chargé de travaux dirigés bis 2006 a seithier als chargé d’enseignement am Master II droit bancaire. Säit 2001 sinn ech Member vum Comité de direction vun den “Annales du droit luxembourgeois”.

Ech si seit Oktober 2013 LSAP Députéierten fir de Bezierk Zentrum an der Chamber. Ech si Member vun der juristëscher Kommissioun, vun der Institutioune Kommissioun, vun der Finanz a Budget’s Kommissioun, vun der Kultur Kommissioun an ech si President vun der Economie Kommissioun. Ech war Rapporteur fir de lëtzebuerger Budget an de Budget pluriannuel 2015. Meng Interventiounen an der Chamber a meng Questions parlementaires fannt der um Site vun der Chamber : www.chd.lu.

Politësch Themen déi mech besonnësch beschäftege si Finanzpolitik, Urbanismus a Froë vu sozialer Gerechtegkeet – ech si kulturpolitëschen a finanzpolitësche Spriecher vun der LSAP Fraktioun an der Chamber. Seit e puer Joër interesséieren ech mech och verstärkt fir d’Politikberäicher Recherche & Développement, Dateschutz a dir d’Digitaliséierung.

Ech si Member vun der LSAP säit 1994 a vum Conseil d’administration vun der Fondation Robert Krieps säit 2007.

Zesumme mam Marc Limpach hunn ech 2010 e Buch iwwert de Robert Krieps erausginn an am Oktober 2017 verëffentleche mer e weidert Buch matt Texter vum Ben Fayot ënnert dem Titel « Histoire(s) et portraits engagés ». Ech si seit 2013 President vun de Stater Sozialisten.

Zënter 2011 sinn ech och Member vum Conseil d’administration vum Kasemattentheater.

 

 

5 thoughts on “Iwwert mech 2017”

  1. Marie Deneux says:

    Hello Mr Fayot,

    I am contacting you regarding the project WiSE – Women in Science and Engineering, organised by the Foundation for Young Scientists, science.lu and the City of Luxembourg.

    We have organised an exhibition – currently showing at cité bibliothèque in the city, and will organise a colloquium next month.
    It will take place on February 13th 2017, from 7pm. It will be called “WISE (for Women in Science and Engineering in Luxembourg) – How can Luxembourg do better?” and we will try to tackle some important issues with female researchers and specialists of gender-related problems. We will have 3 panels, one focusing on maternity and mobility, one focusing on creating a female-friendlier work environment and the last one on how to inspire and motivate girls to embrace these careers.

    At the end of the conference, all the ideas and initiatives will be collected in a white book that we want to give to the main research institutions in the country and to political leaders.

    Michele Weber from FNR recommended you. I hope you will be interested, I would love to have you for the third panel!

    Looking forward to hearing from you,
    Best regards,

    Marie Deneux
    Director of the Foundation for Young Scientists

  2. ursula Witry says:

    Sehr geehrter Herr Fayot,
    schön, dass ich Sie ausserhalb von Twitter und Facebook anschreiben kann.
    Mit grossen Interesse habe ich Ihren Artikel im LW vom 13./14.5. gelesen und endlich jemanden gefunden, der meine Sorge zu der digitalen Entwicklung anspricht. The 3rd Industriel Revolution liegt bei mir auf dem Tisch und ich habe mich damit soweit es ging beschäftigt und dabei nur gedacht, dass dieses Skript einer breiten Diskussion bedarf. Mir behagt so wenig, dass ich mich inzwischen in vielen Bereichen entmündigt fühle und auch nicht die Möglichkeit sehe, in einem Diskussionsforum soweit mitzuarbeiten, dass dieses Gefühl in ein verantwortliches Handeln umschlagen kann. Deshalb sollte Ihr Angebot einer Zukunftskommission sich so weit verzweigen, dass auch in kleinen Gruppen mit uns Bürgern gearbeitet werden kann und so insgesamt ein politischer Diskurs in Gang kommt, damit wir gemeinsam unsere Zukunft so gestalten, dass wir nicht von Technologien abhängig werden. Ich würde mich freuen, weiter von Ihnen zu hören und wünsche Ihnen viel Erfolg in weiteren Dialogen. Mit freundlichen Grüssen, Ursula Witry

  3. Christophe Schroeder says:

    moien,

    ganz gudden artikel am letz. land ‘meinung’ vum 6.10.2017, aeren papp schreiwt och oft ganz gudd artikelen
    er erlaben meng meenung zum problem ze soen
    et ass effektiv sou dat eisen wahlsystem an dem popriété foncière kontext ganz schlecht ass, dei dei wielen sen propriétaire vun engem oder mei immeublen (politesch parteien an leit wellen sech jo net selwer wei doen…)
    eis ‘democratie’ hellt och ganz ‘pervers’ zich un wann en bedenkt dat an der stat just 30% vun den awunner därfen/kennen wielen goen (ass jo bal wei freier apartheit), mech wonnert och dat d’EU dozu neischt seet

    bei der wunnengsproblematik kennt och en ganz groussen problem derbei wann mer neischt ennerhuelen,
    dei jonk an ‘net sou jong’ MUSSEN an grenzregioun wunnen goen well et hei net meiglech ass, kreien mer ganz vill traffic derbei an mir peifen lo schon ‘aus dem laeschten’ lach wat infrastrukturen ugeet (do hat eisen ‘weisen’ beschof ganz lang gepennt, war do net och joerenlang en MDDI minister den lo well premier gin)

    ech selwer sen schon lang dp member, well den här bettel mer extrem sympatesch ass, me sen awer ganz secher der meenung dat an all parteien gudd an net sou gudd leit sen

    merci fir aert engagement,scheinen weekend
    och en papp vun 3 kanner aus dem ‘hondseisleck’

  4. Franz Fayot says:

    Gudde Moien Här Schroeder,

    Ganz d’accord matt Ärer Analyse – et ass pervers dass wéinst de Präisser um Immobiliemaart vill Jonker a manner Jonker, esouguer Leit matt gudde Revenu’en, sech näischt méi am Land leeschte kënnen. Vun der Stad Lëtzebuerg scho guer nët ze schwetzen. Esou laang do just Lëpsebekenntnisser aus der Politik komme, wäerd sech näischt änneren.

    Merci fir Ären Intressi, an e schéine Bonjour an d’Eislék 😉

    Franz Fayot

  5. Franz Fayot says:

    Liebe Frau Witry,
    vielen Dank für Ihr Interesse und entschuldigen Sie die späte Antwort.

    Wir werden im November im Parlament eine Debatte über den Rifkin-Prozess führen, und am 26.10 findet ein Hearing im Luxemburger Parlament statt, in welchem wir Gewerkschaften, Berufskammern und sonstige Organisationen aus der Zivilgesellschaft anhören werden, die sich zu dem Prozess geäussert haben.

    Ich denke es ist sehr wichtig, dass wir hier mit den Menschen diskutieren – über das Format bin ich dabei nachzudenken. Möglicherweise ein Internet-Forum, und/oder Gespräche mit Bürgern in regelmässiger Frequenz. Für gute Ideen und Vorschläge bin ich dankbar : ffayot@chd.lu

    Freundliche Grüsse

    Franz Fayot

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *