quaesitio

Ried zur Mésaffectatioun vu Logements 8.7.2015


imageMeng Ried als Auteur vun der PPL 6280 iwwert d’Zweckentfremdung vu Wunnraum den 8.7.2015 an der Chamber – dat gesprachent Wuert zielt.

Här Präsident,

Mir behandelen haut de Projet de loi 6610 , fir d’Gesetz vun 2006 iwer de Bail à loyer mat dem vun 2004 an 2011 iwer den Aménagement communal an Aklang ze bréngen. Dat gesäit um éischte Bléck wéi eng reng technesch Affaire aus , et ass awer a Wirklechkeet eng héich politesch.

Dëse PL 6610 ass schons vun der virrechter Regirung op de Wee bruecht ginn als Konsequenz vun der Proposition de loi 6280 vum Deputéierte Ben Fayot, déi ech dann als Auteur iwwerholl hunn, an dës PPL gëtt haut zësumme mam PL 6610 évakuéiert.

Ech hun déi Proposition de loi gären iwerholl, well ech se gudd a wichtég fannen. Sie leet de Fanger op ee wonne Punkt am Hibléck op de Problem vun der Wunnengsnout a vun der Entwécklung vun der Haaptstad an anere gréissere Stied am Land.

D’Proposition de loi 6280 huet eng Haaptsuerg : et soll verhënnert gin, dass Wunnengen an onse Stied zu Büroen ëmfonctionnéiert gin.

Dëse Mësstand ass seit Jorzengten an der Haaptstad offensichtlech, méi rezent huet en sech ronderem d’Stad an och an anere gréissere Gemengen entwéckelt. En ass awer flagrant an der Stad Letzeburg. An dee Mësstand, obwuel e scho länger Zäit erkannt ass, hält nët op.

En huet an de siechzeger Joren ugefaang, wéi d’Finanzplaaz sech rasant entwéckelt huet. Et gouf Plaaz gesicht fir d’Banken an all déi Beruffer, déi do ronderem gravitéieren.

Déi radikal Solutioun war, d’Wunnengen am Stadkär ofzerappen a Bürosgebeier ze bauen. Dat ass besonnesch gudd um Bd Royal gelongen. Mir hunn d’läscht Woch am Kader vun der Interpellatioun iwwert den Denkmalschutz heiriwwer geschwat.

Déi manner rabiat Solutioun war, an de bestehende Wunnengen am Zentrum Büroen anzerichten.

Obschon an de leschte Jorzengten an haut méi wéi je rieseg Bureauflächen an der Haaptstad a ronderëm entstane sin a weider entstin, gin ëmmer nach gréisser a klenger Wunnheiser grad ewéi Appartementer am Stadzentrum zu Bürosflächen ëmfonctionnéiert.

Wann ech durch mäi Garer Quartier zu Fouss gin, gesin ech ganz Deeler dovun souzeson „gesquatt“ vu privaten an ëffentlech Institutiounen. Et muss ee nett wäit goe fir Beispiller ze fannen, aleng an deem Quartier: d’Spuerkeess an der Goethe an der Zitha-Strooss, oder d’Caritas an der Michel-Welter Strooss, oder an der M.Rodange Strooss, wou My Energy sëtzt. Eenzege Liichtbleck ass, dass de Staat och schon en Haus fir Wunnen erëm freigemaacht huet. (coin bd de la Pétrusse rue C.M. Spoo).

Ob déi Mésaffectatiounen vu Wunnengen je laut Gesetz autoriséiert goufen, woen ech nët ze froen.

Dëst ass e Mësstand well géint Gesetzer a Reglementer verstouss gët. Sou huet bis haut d’Emfonctionnéieren vun enger Wunneng a Bürosfläch ausdrécklech vum Scheffen- a Gemengerot laut Artikel 27 vum Gesetz vun 2006 iwer de Bail à loyer autoriséiert ze gin.

Et ass nach méi e Mësstand, well dee Verstouss géint Gesetzer nët bestroft gët. An et ass an enger extrem ugespaanter Situatioun vum Wunnengsmaart e sozialen a wirtschaftlechen Dysfonctionnement. D‘Besëtzer kënne maachen wat se wëllen, a sie sichen natirlech de bescht méigleche Revenu. Jonk Familjen op der Sich no enger Wunneng gin op déi Manéier aus der Stad verjot a mussen dann weit Weer a Kaaf huelen, fir op d’Aarbecht ze kommen.

Wéi d’Proposition de loi 2011 virgeluecht gouf, gouf se positiv empfaang.

De Staatsrot huet a sengem Avis vum 16. Dezember 2011 geschriwen, dass en déi Préoccupatiounen deelt an dass eng « parade efficace » géint dee Mësstand misst font gin.

D’Regierung hirerseits huet an hirer Prise de position vum 5. Dezember 2012 gesot, sie géif déi Préoccupatiounen och deelen.

Op deen Détournement vu Wunnengen ugeschwat, hun déi politesch Gemengeresponsabelen an der Stad ëmmer erëm bedeiert, sie hätten keng Handhab géint déi Entwécklung.

D’Ursaach dofir wär, dass am Gesetz iwer de Bail à loyer vun 2006 keng klor Bestëmmung enthalen wär, wat dann elo fir Wunnen a wat fir Büroen destinéiert wär. Am Art. 27 Paragraph 1 steht nämlech: „Une habitation ou un local habituellement loué pour servir de logement ne pourra être soustrait à cette destination pour être transformé en bureau (..) sans autorisation expresse du collège des bourgmestre et échevins. »

Well do « habituellement » sténg, wär ët schwéier, bei Litigen vrum Gericht recht ze kréien. Dofir gouf an der Proposition de loi virgeschlon, dat Wuert ze sträichen.

An Zukunft wärt déi Schwieregkeet fir d’Gemeng ewechfalen, well mer ons elo op d‘ Gesetz iwer den aménagement communal vun 2004 resp. 2011 beruffen a laut dem Gesetz eleng d’Baugenehmegung massgebend fir d’Zweckbestëmmung vun engem Immeubel ass.

Zweetens gouf ëmmer vun der Gemeng gesot, sie kënnten nët géint déi Propriétairen virgoën. Am Paragraph 3 vum Artikel 27 vum Gesetz vum 21 .September 2006 iwer de Bail à loyer stoungen awer Sanctiounen fir déi Propriétairen, déi sech nët un d’Bestëmmungen halen. Déi Sanctiounen waren deemols, 2003 an 2004 während den Aarbechten um Gesetz, op Wonsch vun der Gemeng Lëtzeburg verschärft gin. Dofir hat d’Gesetz vun 2006 kräfteg Amenden vun 251 bis 250 000 EUR virgesin.

Ob där je eng Kéier verdeelt gouwen, weess ech nët, mais woen ech ze bezweifelen.

*

Awer trotz de gesetzleche Bestëmmungen, déi ët iwregens schons laang, seit de fofzeger Jore gët, gin ëmmer nach Wunnengen zu Bureaux’en ëmfonctionnéiert. De Phänomen huet sech an der Zwëschenzeit och op aner Quartier’e ronderëm de Stadkär an d’Gar ausgedehnt. Mat dem Wuestem vun der Economie ass nët ze erwaarden, dass dat ophéiert.

Jidferee weess, fir wat dat esou ass. De Conseil d’Etat huet et a sengem Avis vum 16.12. 2012 klor an deitlech gesot : et sin evident wirtschaftlech Ursaachen (« des raisons économiques évidentes »), déi aus Wunnengen Büroen maache. De politesche Pouvoir, nämlech d’Gemeng, déi responsabel ass fir d’Gestaltung vun der Stad an déi d’Interesse vun der Allgemengheet ze vertrieden huet, also och vun all dene Leit, déi eng Wunneng sichen, muss sech dem Drock widersetzen.

Sie musse sech dem Drock widersetzen, fir dass hier Stad lieweg bleiwt an dass Leit an alle Quartiers’en wunnen, an nët nëmmen där, déi sech deier Appartementer am Stadtkär bezuelen kënnen, mais och normal Familjen mat hire Kanner.

Dat ass manifest während Jorzengten jidefalls an der Haaptstad nët geschitt.

Dorop ugeschwat hun déi sukzessiv Stader Buergmeeschteren gesot, sie kënnten näischt maachen oder sie wéissten nët, wann an engem Haus e Büro entstoe géif.

Dat ass héchst erstaunlech, engersäits well jo déi Burgermeeschteren an der Stad wunnen, all Dag durch hir Gemeng gin an Aan hun, fir ze kucken, wat an hirer Stad geschitt. An zweetens wësse sie aus hiren Servicer, watfir Leitungen geluecht gin fir wien, a wien d’Rechnungen fir d’Gemengendengschtleeschtungen krit.

*

Déi spannend Fro ass, ob mat dem Gesetz 6610 d’Situatioun op dem Plang besser gët. Kréien d’Gemengen elo endlech eng efficace Handhab, fir ze verhënneren, dass aus richtewech Wunnengen Büroen entstin?

Dat neit Gesetz 6610 schaaft de Paragraph 1 vum Artikel 27 vum Gesetz iwer de Bail à loyer ganz of. De Conseil d’Etat wollt nämlech des Problematik am Kader vum Gesetz vum 19. Juli 2004 iwer den Aménagement communal gesin an nët am Gesetz iwer de Bail à loyer.

T’ass also d’Baugenehmigung, déi eleng ausschlaggebend ass, a wann déi modifizéiert gët, muss de Burgermeeschter seng Zoustëmmung gin.

Fir dass dat geschitt , muss déi Modificatioun ugefrot gin.

A wann eng Infractioun constatéiert gët, geht et no dem Art. 107 vum Gesetz iwer den Aménagement communal, an deen Artikel geseit strofrechtlech an administrativ Sanctiounen géint Verstéiss um dem Bebauungsplang an den Décisiounen vum Burgermeeschter an dem Zesummenhang vir. Dat sin Amenden an och Prisongsstrofen.

Natirlech, wann de Buergermeeschter nët gefrot gët, si mer erëm op der Case départ.

Do stellt sech déi spannend Fro, wéi staark interesséiert d’Burgermeeschteren sin, fir genee opzepassen, dass hir Uertschaft sech genee esou entwéckelt, wéi de Bebauungsplang ët virgeseit. Ech gin dovun aus, dass d’Burgermeeschteren do genee kucken an nët zécken, fir öffentlech Interessen vru privaten de Virrang ze gin an dass se de politesche Wëllen hun, dat durchzesetzen. Wann dee Wëllen nämlech nët besteht, dann ass dëst Gesetz e Schlag an d’Waasser an da sin d’Privatinteressen méi staark wéi d’Allgemenginteresse.

Dofir mussen d’Gemengen d’Propriétairen drop hiweisen, dass un der Affectatioun vum Immeubel nët méi gefréckelt därf gin, ët sief, et kritt een dat autoriséiert. An d’Gemengen hun d’Pflicht, dat ze kontrolléiere a gegebenfalls anzegreifen.

*

D’Gesetz 6610 schaaft d‘Ausnahm fir de Staat of, öffentlech Verwaltungen a Privatheiser ouni Autorisatioun ënnerzebrengen. Dat ass ze begréissen – dat war och e wichtége Punkt ënnert dem PPL 6280. Dat war eng Dispositioun, déi bis op d’fofzeger   Joren zeréckgaangen ass, dé méi schlecht wéi recht erklärt gouf an déi och a ville Stater Quartiers’en fir Ierger gesuergt huet.

De Staat seet elo, e géif sech lues a lues aus dene Wunnengen zeréckzéien, wou en nach dra sëtzt. Ech wollt d’Regierung froen, ob se Données’en huet, wivill Privatheiser an der Stad nach dovu betraff sin. Dobei muss een natirlech oppassen, dass all déi vill Etablissements publics, Agences a soss Organer, déi ronderëm den eigentleche Staat gravitéieren, déiselwecht Politik maachen.

Wat d‘Propriétairen ugeht, stellt d’Fro sech, ob d’Akraafttrieden vum Gesetz eng Stonn Null ass, d.h. ob vun dem Abléck un alles wat op dem Plang geschitt ass als „droit acquis“ ugesi gët an eréischt vun do un méi strikt gehandelt gët.

Dat wir natirlech héichst bedauernswert, well jo damat all déi Verstéiss géint d’Gesetzer bis elo vun enger Art Amnestie géifen profitéieren. Dofir war d’Idi vum Conseil d’Etat vun enger période transitoire vu 5 Jor, fir d’Situatioun ze régulariséieren mer a priori sympathesch.

Vun „droits acquis“ kann ee schwetzen , wann eng Autorisatioun no Art. 27 vum Gesetz iwer de bail à loyer gefrot an accordéiert gi war. Déi Fäll si dann rechtens.

Mais all déi aner wuel nët!

*

Zu denen aneren Dispositiounen am Gesetz 6610 wollt ech den Accord vun der LSAP brengen.

Fir ofzeschléissen : Et freet mech, dass schons déi virecht Regierung an och déi heiten sou schnell op déi Proposition de loi réagéiert hun an esou de Problem vun der Mésaffectatiounen vun de Wunnengen erëm an d’Diskussioun bruecht hun.

De Staat, mais och d’Gemengen hun eng grouss Verantwortung fir d’Wunnen zu Lëtzeburg, souwuel wat de Wunnegsbau ugeht a besonnesch wat de Schutz vum bestehenden Wunnraum ugeht.

Dofir wärten mer genee verfollechen, wéi dëst Gesetz ëmgesat gët. Mir wärten och verfollechen wéivll Gemengen op d’Méiglechkeet zeréckgräifen eng Bestandopnahm ze maachen. Dat ass jo am PL 6610 schlussendlech als Optioun zeréckgehale ginn, wat een duerchaus matt engem kritësche Bléck ka gesinn: mir wësse wéi populär déi luewenswert Initiativ vum Stater Buergermeeschter Paul Helminger séngerzäits war, fir eng Bestandopnahm vun der bestehender Bausubstanz an der Stad ze maachen. Hei hätt de Staat kennen eng grouss Pressioun vun de Schëllere vun de Gemengen ze huele, wann en déi Déklaratiounspflicht obligatorësch gemaacht hätt. Et wier wichtég gewiescht, wann een et wirklech iescht gemengt hätt mat der Mobiliséierung vum eidele Wunnraum, dës Délaratiounspflicht obligatoresch ze maan. Op den Niveau vun den Amenden, vun 1 bis 250 euro, brauch ee net wieder anzegoën…

Et muss an de concernéierte Gemengen, a ganz besonnesch an der Haptstad, eng prise de conscience gin, dass d’Wunnen an enger Stad eng wesentlech Bedingung fir d‘Liewen vun där Stad ass. Eng Stad an där ët nëmme Banken a Büroen gët ass eng doudeg Stad.

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.