quaesitio

Ried zur Interpellatioun iwwert d’Finanzplaz


finanz.luxHei ass meng Interventioun als LSAP-Spriecher an der Debatt zur Interpellatioun iwwert d’Finanzplaatz vum 7.12.2015.

Franz Fayot (LSAP).- Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir schwätzen an dësem Mount Dezember vill iwwert d’Zukunft vun eisem Land a vun eiser Ekonomie: Mir schwätze muer am Kader vun enger Interpellatioun iwwert d’Zukunft vum Land, am Dezember schwätze mer iwwert de Budget – do schwätze mer och iwwert d’Zukunft vum Land -, mir schwätzen haut iwwert d’Finanzplaz, an d’Finanzplaz huet och mat der Zukunft vun eisem Land ze dinn, well si ass kapital wichteg fir Lëtzebuerg.

Grad an der Budgetssaison gi mer ëmmer erëm drun erënnert, wéi zentral eist Land vun der Finanzplaz ofhänkt. Chiffere si scho genannt ginn. Den Undeel vun der Finanzplaz um PIB, un der Wirtschaftsleeschtung, ass plus ou moins 25%.

Den Emploi op der Finanzplaz läit laut Chiffere vun der CSSF fir September 2015 bei ëm déi 45.000 Leit an de Banken, PSFen a Sociétés de gestion. Do sinn d’Assurancen an och am wäite Sënn aner Secteuren net mat dran, déi plus ou moins direkt vun der Finanzplaz ofhänken, soudass een den Emploi méi oder wéineger finanzplazofhängeg op ëm déi 63.000 Leit berechne kann.

An, wéi gesot, d’Recettë vun der Finanzplaz fir d’Statskeess sinn ëm déi 25% vum Total. Et ass also e considérabele Secteur fir Lëtzebuerg à tous les égards. An dofir ass d’Opreegung och grouss, wa reell oder imaginéiert Attacken op eis Finanzplaz kommen. An et ass da gutt, wa mer eis och mat deenen Attacken als Chamber befaassen, wéi dat zum Beispill bei LuxLeaks de Fall war.

Mä et ass och gutt, an dofir begréissen ech dës Interpellatioun, wa mer heiansdo hei an der Chamber de manière générale iwwert d’Finanzplaz schwätzen an eis domadder befaassen: iwwer hiren Zoustand, iwwer hir Stäerkten a Schwächten an och iwwert déi politesch Choixen, déi mer en rapport mat der Finanzplaz maache kënnen an ze maachen hunn.

Dat ass gutt a wichteg, well trotz der Ofhängegkeet vum ganze Land vun der Finanzplaz, déi, mengen ech, elo allgemeng och ukomm ass am Land, gëtt d’Finanzplaz an hirer ganzer Komplexitéit ëmmer nach relativ wéineg verstanen dobaussen ausserhalb vun den interesséierte Milieuen. An et muss dofir och eis als Chamber, eis als Politiker interesséieren, fir eppes zu der Roll vun der Finanzplaz ze soen an och eis mat der Ausriichtung, der politescher Ausriichtung vun dëser Plaz ze beschäftegen.

Här President, léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, wann een haut iwwert d’Finanzplaz schwätzt, da muss een op dat verännert Spillfeld säit der Finanzkris hiweisen. All déi Mesuren, déi vum G20 an der Europäescher Kommissioun no der Finanzkris ausgeschafft goufen, sinn elo an deene leschten zwee Joer ëmgesat ginn, respektiv sinn nach derbäi, ëmgesat ze ginn.

Säit der Finanzkris 2008 huet dat internationaalt reglementäert a steierlecht Ëmfeld fir Finanzaktivitéite sech dramatesch verännert. Lacunnen an der Bankeniwwersiicht, an der Kapitaliséierung vu Banken, mä och d’Risiken, déi verschidde Produkter mat sech bruecht hunn an déi duerch d’Subprimekris révéléiert goufen, hunn zu enger reglementärer Well gefouert an Europa an och soss an der Welt, déi och virun eiser Bankplaz net haltgemaach huet.

Ouni an den Detail ze goen, kann een d’AIFM-Direktiv nennen, déi eis Fongereglementatioun grondleeënd verännert huet. Et kann een awer och d’Union bancaire nennen, déi d’Ëmsetzung vun enger Recommandatioun vun de véier europäesche Presidenten aus dem Joer 2010 ass an déi fir d’Eurozon en neie Kader fir d’Bankenaktivitéit proposéiert huet.

Duerch d’Union bancaire hu mer säit 2014 och en anere Kader fir d’Bankesurveillance – den „single supervisory mechanism“, den „mécanisme de surveillance unique“ -, dee mat sech bréngt, dass fir d’Iwwerwaachung vun deene meeschte Lëtzebuerger Banken elo eng gedeelte Kompetenz vun der CSSF mat der Europäescher Zentralbank besteet.

Mä awer och aner Standbeen vun der Union bancaire sinn extrem wichteg op der Finanzplaz. Et handelt sech do engersäits ëm den „mécanisme de résolution unique“ zesumme mat der Direktiv „résolution et restructuration bancaires“. Do si mer a Verzuch. Dat ass eng vun deene Reformen, wou mer ze spéit dru sinn, wou mer och elo e Bréif krute vum President vun der Europäescher Kommissioun, fir de Fonds de résolution ëmzesetzen.

D’Direktiv „résolution et restructuration bancaires“, e Pavé vun ëm déi 400 Säiten, dee mer fir de Moment amgaange sinn ze diskutéieren, misst och schnellstens ëmgesat ginn. An dee leschte Pilier vun der Union bancaire – d’Garantie des dépôts – ass och eng Reform, déi nach op eis zoukënnt.

An deem Zesummenhang wëll ech soen, äänlech wéi de Laurent Mosar, dass mer do e gewëssenen „gold plating“ amgaange sinn ze maachen. Déi 0,8%, déi virgeschriwwe si vun den Dépôten, déi ee muss an dee Fonds de garantie do setzen, hu mer fräiwëlleg opgestockt op 1,6%. An et ass gewosst – Här Minister, Dir wësst dat och -, dass, wann eng Kéier eng Bank rutscht, da ginn och déi 1,6% net duer, fir d’Déposanten alleguer ze indemniséieren, soudass sech awer d’Fro stellt an engem Kontext, wou d’Käschte vun de Banken ëmmer méi héich ginn, de Coût réglementaire ëmmer méi héich gëtt, ob dat wierklech esou eng gutt Iddi ass, fir dee Minimum vun 0,8% fräiwëlleg eropzeschrauwen op 1,6%. An ech wär interesséiert, Är Meenung zu deem Punkt ze héieren.

Déi aner grouss Reform, déi mer gemaach hu virun net allze laanger Zäit, ass d’CRD IV; dat ass d’Ëmsetzung bei eis vu Basel III, och e Resultat, en Ausleefer vun der Finanzkris. Dat ass en Text, deen op d’Stäerkung vum Kapital an der Liquiditéit vun de Banken ziilt. A mir wëssen, an dat ass och eng Chance an e Facteur vu Resilienz vun eisem Bankesecteur, dass mer eng exzellent Kapitaliséierung hu vun eise Banken. Mir wëssen, dass d’Banken en moyenne e Ratio fonds propres vun 20% hunn, wat extrem héich ass, soudass, mengen ech, och d’Banke viru CRD IV näischt ze fäerten hunn.

Alles dat bréngt mat sech, dass dat reglementäert Ëmfeld fir Banken a Finanzaktivitéite sech radikal verännert huet. De Käschtepunkt insbesonnesch fir d’Bankenaktivitéit ass méi héich ginn, haaptsächlech an de Beräicher „risk management“ an „compliance“. Dat huet Konsequenzen och bei eis. Dat bréngt mat sech, dass méi kleng Banke verschwannen oder mat anere fusionéieren, a mir kréien doduerch e Phenomeen vu Konsolidéierung am Bankesecteur. A paradoxerweis komme mer doduerch erëm op dee Phenomeen vu grousse Banken, dee mer jo u sech zum Deel mam Constat vum „too big to fail“ wollte bekämpfen no der Finanzkris vun 2008.

Här President, och wat d’Fiskalitéit ugeet, liewe mer haut an enger anerer Welt; dat ass schonn e puermol gesot ginn. No der Finanzkris vun 2008/2009 huet d‘Rezessioun an der Realwirtschaft mat der budgetärer Knappheet, déi domat einhergaangen ass, d’Toleranz insbesonnesch vu grousse Länner géigeniwwer klenge Finanzplaze mat Bankgeheimnis op Null reduzéiert. International ass steierlech Transparenz, mä och eng Ofleenung géint exzessiv Reduzéierung vun der Steierlaascht vu global agéierende Multinationalle Mainstream ginn.

Bei eis heescht dat, dass eist Bankgeheimnis net ofgeschaaft ginn ass, mä dass et wäitgehend ausser Kraaft gesat gouf, wat den Échange vun Informatiounen iwwert de Patrimoine an d’Revenue vun auslännesche Clientë vu lokale Banken ugeet. Gëschter nach hu mer an der Finanzkommissioun en Text diskutéiert, deen de Standard fir den Échange vun Informatioune vun der OCDE bei eis aféiert.

Wéinst där schneller Adoptioun vun Texter iwwert d’Steiertransparenz si mer viru Kuerzem vun der groer Lëscht vum Global Forum vun der OCDE erofkomm. Mir di gutt drun – a mir als LSAP-Fraktioun begréissen och dës Politik -, fir eis un d’Spëtzt vun deem Mouvement fir méi Steiertransparenz a méi Steiergerechtegkeet ze setzen. Mir hunn och ënner Lëtzebuerger Présidence d’Direktiv iwwert den Échange vu Steierrulinge finaliséiert, an dat steet eis no LuxLeaks och gutt zu Gesiicht.

Mir sinn iwwerhaapt an engem Ëmfeld, wou mer eis déi opportunistesch Politik, déi mer an den 80er, 90er an 2000er Jore gemaach hunn, wou mer ëmmer nei Produite geschaaft hunn, als Land esou net méi erlabe kënnen. Mir mussen eis haut all Kéiers froen, wa mer eppes Neies lancéieren, ob et keen exzessive Steieravantage mat sech bréngt an ob et konform ass zu de BEPS-Regelen.

Well mir gesinn, dass d’Käschten – déi réputationnel an der Haaptsaach, mä déi droen och ëmmer Businesskäschte mat sech – haut méi grouss si wéi de Benefiss, deen ee vläicht kuerzfristeg duerch eng Steiernisch kritt, Steiernischen, déi d’ailleurs ëmmer méi schnell zouginn an der heiteger Zäit. Och hei hu mer also all Interêt, op durabel Métieren an Industrien ze setzen an net op Nischen.

An deem Zesummenhang géif ech gären op zwee Punkten agoen, déi de Laurent Mosar a senger Interventioun opgegraff huet. Deen een, dat ass d’„Patent Box“, déi mer effektiv jo elo ofschafe mat der Loi budgétaire. Et kann een effektiv bedaueren, dass do net direkt e Remplacement kënnt, mä – de Laurent Mosar weess dat och – mir mussen effektiv do oppassen, dass mer konform sinn zu de BEPS-Regelen.

An deem Kontext gëtt et e Modell, un deem ee sech vläicht kann inspiréieren. Dat ass déi iresch „Knowledge Box“, déi den Avantage huet, dass se effektiv eng steierlech Begënschtegung mat sech bréngt, awer nëmme fir Know-how a fir Recherche, déi effektiv op der Plaz développéiert gëtt. Fir all déi aner, ech soen elo emol, importéiert IP, déi gëtt normal besteiert. An, ech mengen, dat wär e Modell, deen een zu Lëtzebuerg vläicht kéint och studéieren an als Remplacement vun där IP-Box, déi mer elo ofgeschaaft hunn, an d’A faassen.

Wat d’Trusten ugeet, do huet de Laurent Mosar bedauert, dass mer dat net studéieren, e Lëtzebuerger Trust. Et kann ee sech natierlech éischtens froen als, ech soen elo emol, Lëtzebuerger Jurist, ob en Trust an eisem juristesche Kontext Sënn mécht. Mir hu keng Kultur vun Trust, contrairement zu angelsächsesche Länner. A mir wëssen och alleguerten, dass den Trust op munche Plaze gebraucht gëtt als e Steierstrukturéierungsinstrument, haaptsächlech an der Strukturéierung vun Ierfschaften. An do muss ee sech awer och froen erëm eng Kéier an deem steierleche Kontext, an deem mer haut liewen, ob dat därmoossen eng gutt Iddi ass, fir dann esou e Modell hei bei eis wëllen anzeféieren. Ech perséinlech an, ech mengen, och meng Partei sinn éischter net där Meenung.

Well fir de Moment ëmmer nach kee wierklech capabel ass, den Impakt vu BEPS a vun de politesche Konsequenze vu LuxLeaks op d’Lëtzebuerger Ekonomie ze chiffréieren, begréisse mer och d’Initiativ vun der Regierung – de Statec huet dat rezent an der Cofibu gesot -, dass mer e Groupe de travail agesat hunn, fir sech mat där Fro ze befaassen. Wat heescht LuxLeaks, wat heescht BEPS, vläicht och d’Ewechfale vun engem Deel vum SOPARFI-Secteur, fir eis Ekonomie? Dat ass eng Démarche, déi jo och vum FMI gewënscht ginn ass. Wéi gesot, fanne mer, dass dat eng gutt Iddi ass. Mir hu jo och des Ëfteren elo an der Cofibu am Kader vun der Budgetssaison doriwwer geschwat.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir mussen eis besënnen op d’Stäerkte vun eiser Finanzplaz, an där gëtt et der eng ganz Rei. Mir mussen eng Reflexioun féieren iwwert dat, wat mer gutt kënnen, iwwert dat, wat mer besser maache kënnen, mä och dat, wat mer besser sollte si loossen; iwwer eis Stäerkten an eis Schwächten also, och als Plaz, an dann eis Ressourcen dorobber konzentréieren. Eis Ressourcë vu Promotioun, Formatioun an och eise ganze Savoir-faire.

Ech géif elo gären op e puer spezifesch Beräicher agoen. Et kann een natierlech stonnelaang iwwert d’Finanzplaz schwätzen, mä, ech mengen, et soll ee sech am Kader vun dëser Interpellatioun op e puer Beräicher konzentréieren, wou ech dann och gären e puer Suggestiounen an e puer Froen un de Finanzminister géif riichten.

Et ass gewosst, dass, wat d’Banques privées ugeet, an doriwwer hu mer och geschwat mat der CSFF, notamment an der Commission des Finances, dass do eng Ëmschichtung stattfënnt an der Clientèle vun de Privatbanken. Déi Kleng- a Mëttelclienten, déi meescht aus den Nopeschlänner – den Dentiste belge; dat ass de Client type -, verschwannen, an zwar zu Dausenden.

Mä si gi remplacéiert, dat huet een iwwert déi zwee lescht Jore gesinn – dat gëtt een och gewuer, wann ee mat Banquiere schwätzt -, duerch Clientë mat méi grousse Portefeuillen. Dat ass eng ganz aner Aktivitéit mat méi klenge Margen, manner héijer Profitabilitéit, dat och en anert Personal erfuerdert. Hei besteet en Challenge an der Formatioun vu Bankbeamten, mä et stellt sech och eng Fro vu Reconversioun vu munche Privatbanquiere vun der aler Schoul.

Wann ee sech dat virun Aen hält, da muss ee sech och froen, wou een déi nei Clienten do siche geet, net nëmmen déi fir d’Privatbanken, mä och déi an anere Secteuren. Muncher, déi sougenannten „high net worth individuals“ komme vum selwen. Awéifern esou eng Politik gutt ass an awéifern een dat wëllt ustriewen, dat ass och eng politesch Fro, déi ech elo awer hei net wëll weider vill diskutéieren.

Mä op där anerer Säit maache mer och regelméisseg Road shows am Ausland duerch LFF, Luxembourg for Finance, mä och d’ABBL. An d’ALFI mécht dat. An aner Akteure maachen dat och. Mir ginn an nei Regiounen, déi Interessi hunn u Lëtzebuerg. Latäinamerika ass genannt ginn, Asien, mä och de Mëttleren Osten. An, Här President, de Laurent Mosar huet et och scho gesot, wa mer iwwert de Mëttleren Oste schwätzen, iwwert den arabesche Raum, da musse mer eis awer och d’Fro stellen iwwer eis Relatioun mat Länner wéi Qatar a Saudi-Arabien.

Mir hu gëschter geschwat hei an dëser Chamber iwwert d’Mesuren am Kampf géint den Terrorismus. An et weess jiddwereen, dass de Schock grouss war nodeem, wat zu Paräis geschitt ass. Et muss ee sech awer froen, wa mer wëlle kohärent sinn an där Démarche, ob mer net ëmhierkommen eis Relatioune mat Länner wéi Qatar a Saudi-Arabien ze iwwerdenken. Et gëtt x Artikelen, déi d’Komplizitéit vu Regierungskreesser, Leit, déi der Regierung nostinn am Qatar an och a Saudi-Arabien, am Finanzement an och am Hébergement vun Al-Qaida- an Daech-noe Kreesser thematiséieren an déi iwwert déi duebel Aussepolitik vun deene State schwätzen.

Et kann een net alles an e Kuerf geheien, dat ass och gëschter kloer gesot ginn. Islam ass net grad integristeschen Islamismus, mä, an et kann een och Länner am Mëttleren Osten, wou mer och Efforts commerciaux maachen, net all an deeselwechte Kuerf geheien. Abu Dhabi ass zum Beispill e Land, wou een, mengen ech, ka ganz legitimm weider higoen, mä et soll ee sech awer seriö froen, ob een tatsächlech nach wëllt Relatioune mat Länner wéi Saudi-Arabien a Qatar ausbauen.

Et ass natierlech gewosst, dass mer zur gläicher Zäit gären d’Finance islamique ausbauen, dass mer eis gären als Plaz, wou mer jo och e gewëssene Succès hunn, notamment am Fongeberäich, wëllen do weider profiléieren, soudass dat, an ech verstinn dat, heiansdo e schmuele Grat ass. Ech géif Iech awer gär froen, ob weider Road shows geplangt sinn an dee Raum, notamment an de Qatar oder a Saudi-Arabien, an ob et Reflexioune gëtt an Ärem Ministère iwwer eng Afrostellung vun där Relatioun, déi jo an der Vergaangenheet eng privilégiéiert Relatioun war.

Här President, en anere Sujet, deen ech wollt abordéieren, dee bis elo nach net ugeschwat ginn ass, dat ass dee vum Secret bancaire. De Secret bancaire ass net ofgeschaaft gi mat der Legislatioun iwwert den Échange d’informations en matière fiscale. En ass ëmmer nach verankert am Artikel 41 vum Gesetz vun 1993 iwwert de Secteur financier. An en ass e bëssen, komescherweis, haut fir munch Finanzinstituter méi en Hindernis gi wéi en Atout. Dat hätt ee virun enger Partie Jore sécher nach net gegleeft.

Et gëtt eng Rei Exceptiounen zum Secret bancaire, déi et de Banken erlaben, fir verschidden Informatioune weiderzeginn, notamment un hir Maisons mères, wat grouss Risquen ugeet. All dat kënne se weiderginn un hir Maisons mères, mä an der Regel ass et ëmmer nach en Obstakel zur Kommunikatioun vu verschiddenen Informatiounen iwwert d’Bankclienten, och à l’intérieur vun engem Grupp.

An dat féiert derzou, dass den Outsourcing haut schwéier ass. D’Externalisatioun vu verschiddene Fonctiounen, zum Beispill am Backoffice, Fonctiounen zur Behandlung vu Clientsinformatiounen duerch eng aner Filiall vum Grupp, wat wichteg ass an enger Welt, wou d’Banke probéiere Käschten ze spueren, wou dat muss kënnen duerch d’Mammegesellschaft gemaach ginn oder duerch aner Gruppen, duerch aner Filiallen am Grupp, si schwiereg.

An dofir, mengen ech, an ech sinn net deen Eenzegen, dass mer missten eng Moderniséierung vun eisem Secret bancaire virhuelen. Ech weess och, dass dorunner geschafft gëtt am Kader vun engem Grupp vum Haut Comité de la place financière. An ech wollt Iech froen, wou déi Reflexiounen dru sinn, ob déi Reform deemnächst eng Kéier an d’Chamber kënnt.

Et ass och gesot ginn, dofir ginn ech schnell doriwwer ewech, an dat huet näischt mat dëser Regierung ze dinn, dat ass scho säit enger Rei vu Joren de Fall, dass et e Problem gëtt vu Ressourcen, mengen ech, am Finanzministère, wat d’Finanzplaz ugeet. Et ass keng Afrostellung vun där exemplarescher Aarbecht, déi vun deene Beamte gemaach gëtt, déi sech ëm d’Finanzplaz bekëmmeren. Mir kenne se alleguer, si si regelméisseg an der Cofibu. Si maachen eng extraordinär Aarbecht, mä, ech mengen, si sinn net zu genuch.

Déi Texter, déi op eis zoukommen, déi se ze beschaffen hunn, si komplex a laang Texter. A si sinn hoffnungslos dépasséiert. Mir wëssen, dass mer mat der BRRD a Verzuch sinn. Mir wëssen och, dass d’Direktiv iwwert d’Dépendance excessive à l’égard des notations de crédit a Verspéidung ass. Bref, mir verléieren eisen „first mover advantage“. An dofir, mengen ech, wär et gutt nozedenken iwwer eng Opstockung vun de Ressources humaines an Ärem Ministère, wat de Finanzsecteur ugeet. An ech wollt Iech och do froen, ob do Reflexiounen an deem Sënn amgaange sinn.

Une voix.- Très bien!

Franz Fayot (LSAP).- Här President, ech gesinn, dass mäi Balken hei giel ass. Dat heescht, dass ech geschwë keng Zäit méi hunn.

Mars Di Bartolomeo, Président.- Dir hutt nach eng gutt Minutt.

Franz Fayot (LSAP).- Eng gutt Minutt. A well ech weess, dass Der streng sidd mat mer, dann…

Une voix.- Très bien!

Mars Di Bartolomeo, Président.- Dir kritt déi puer Sekonnen hei guttgeschriwwen.

Franz Fayot (LSAP).- Voilà! …wäert ech och net weider vill insistéieren.

Et ass iwwert de FinTech geschwat ginn. Dat ass jo esou e bëssen e Buzzword fir de Moment, wou awer ganz vill Hoffnung dermat verbonnen ass. Et ass, mengen ech, ee Wonsch… Dat ass vläicht, an do sinn ech och frou, dass den Etienne Schneider do ass, e bëssen d’Gefill, mengen ech, och op der Bankeplaz, dass déi Efforten, déi gemaach ginn, fir d’Promotioun vum FinTech vläicht heiansdo e bëssen diffus sinn an dass ee vläicht géif dru gewannen, fir dat ze streamlinen an dass ee vläicht e bëssen eng besser Ofsprooch hätt zwëschent dem Finanzministère an dem Wirtschaftsministère, zwëschent vläicht och deene verschiddenen Agencen, déi sech dorëm bekëmmeren. An ech wollt och do vläicht dann Är Meenung zu deem Punkt kréien.

Bon, ech mengen, et ass nach ee Punkt, dee mer awer och um Häerz läit, deen ech wollt uschwätzen. Et ass jo gewosst, dass et e Projet de loi gëtt iwwert d’Sanktiounen. Dat heescht, dass d’CSSF aner Méiglechkeete kritt, fir Sanktiounen auszeschwätzen op der Finanzplaz. Dat ass e Projet, dee scho länger Zäit, mengen ech, bei Iech am Finanzministère beschafft gëtt an deen ëmmer nach net am Parlament opgetaucht ass. An do wollt ech Iech froen, wou dee Projet drun ass.

Voilà, dat sinn e bëssen déi Saachen, déi ech hei wollt kuerz thematiséieren am Kader vun dëser Interpellatioun. An ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.