quaesitio

Ried zur Interpellatioun iwwert Zukunft vum lëtzebuerger Wirtschaftsmodell


franz.fayot.aPhoto : Fabrizio Pizzolante

Hei ass meng Ried vum 3.12.2015 zur Interpellatioun vum Gast Gybérien (ADR) iwwert d’Zukunft vum lëtzebuerger Wirtschaftsmodell.

Franz Fayot (LSAP).- Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, onse Kolleeg, den Här Gibéryen, interpelléiert d’Regierung iwwert d’zukünfteg Entwécklung vum Land. D’Regierung huet déi Interpellatioun ugeholl a si gëtt dann elo kuerz virun de Budgetsdebatten hei vidéiert. Et ass sécher dat gutt Recht vun all Deputéierten, sech zu all Zäitpunkt Gedanken iwwert d’Zukunft vum Land ze maachen an déi ëffentlech virzedroen. Ech stelle mer awer d’Fro, wéi zwéngend a kohärent dat fir onst Parlament an och fir d’Regierung vum Land haut ass.

Ech explizéiere mech. Mir sinn de ganzen Dezember domat beschäftegt, an de Kommissioune wéi och am Plenum iwwert de Statsbudget, iwwert d’Perspektive vun den ëffentleche Finanzen an allgemeng iwwert d’Politicke vun der Regierung ze diskutéieren. Gëschter hu mer iwwert d’Finanzplaz geschwat, och an enger Optik vun zukünfteger Entwécklung.

Mir hunn eng Partie Analyse virleien, déi an ons politesch Aktioun afléisse mussen. Ech denken do notamment un d’Evaluatioun vun den ëffentleche Finanzen duerch de Conseil national des finances publiques, un d’Aktualisatioun vum Programme de stabilité et de croissance 2015 bis 2019, un d’Evaluatioun vun deem Programme de stabilité duerch d’europäesch Instanzen, déi sech och am Bilan de la compétitivité vum Observatoire de la compétitivité 2015 erëmfënnt, deen elo am Oktober viru Kuerzem publizéiert gouf. Ech denken och un d’Audite vun der OCDE, zum Beispill iwwert d’Recherche oder d’Ekonomie, an un de rezente Rapport vun der Fondation Bruegel iwwert d’Union monétaire européenne an och de Rapport vun de fënnef Presidenten dozou iwwer eng Verdéiwung vun der UEM.

An deenen Texter ass ganz villes enthalen, wat d’Zukunft vum Land betrëfft. Si fannen hiren Nidderschlag an der Budgetspolitik an an der Diskussioun dozou. Do ginn dann d’Weiche gestallt fir dat nächst Joer an doriwwer eraus an der Diskussioun och iwwert de Pluriannuel fir d’Zukunft, also d’Zukunft vum Land.

Et kann een déi Fro op zwee Niveaue gesinn. Een Niveau ass dee vun der laanger Siicht, soe mer emol bis zum Joer 2100. Dann hunn déi an dësem Jorhonnert Gebueren hiert Liewensenn oder de Pensiounsalter erreecht. Fir déi laang Siicht kann ee gescheit Prospektiven opstellen. Meeschtens sinn déi Prospektive pessimistesch a mole Katastrophenzeenarien. Si molen iwwerfëllt Stied an Dierfer, eng futtis Natur, verstoppt Stroossen, d’Verschwanne vun der Lëtzebuerger Sprooch an onser Identitéit. Mä déi meescht Prospektiven, déi an der Vergaangenheet fir eng laangfristeg Zukunft opgestallt goufen, ware falsch. Ech wëll mech also net op deen Terrain beginn.

Deen aneren Niveau ass dee vun der kuerz- a mëttelfristeger Siicht. D’Politik vun haut ka fir déi Zäitspan Iddien entwéckelen an eppes fir muer bewierken, dat heescht, fir déi lafend Legislatur bis 2018 an och nach fir zwou weider Legislaturen, loosse mer emol soe bis 2030. Do kann d’Politik ons Zukunft gestalten. Dat, wat onst Land am Joer 2030 ass, wéi et ausgesäit, wéi d’Leit hei schaffen, sech bewegen, gëtt elo preparéiert.

Investissementer a Gesetzer vun haut entfalen hir Wierkung an de kommende Joren a gestalten onst Land. All Décisiounen, déi vun der Politik geholl ginn, souguer déi fir Froe vun haut ze léisen, hunn och eng mëttelfristeg Auswierkung op ons Zukunft. Et kann een also dovun ausgoen, dass souguer bei engem Regierungswiessel 2018 eng nei Regierung, egal vu wat fir enger Faarf, positiv Entwécklunge vun dëser Legislatur wéi och vun deene vu virdru weiderféiere wäert. Dat ass a war eng Konstant an der Lëtzebuerger Politik.

Mä och bei mëttelfristege Prospektive stellt sech natierlech d’Fro, wéi wäit d’Lëtzebuerger Politik an der heiteger Welt capabel ass, ons Zukunft iwwerhaapt ze gestalten. Mir liewen an enger Zäit, wou sech drastesch weist, wéi fragill d’Situatioun vun engem Nationalstat ka sinn. Mir hu massiv politesch Instabilitéit um internationale Plang. Bluddeg Biergerkricher an der direkter Noperschaft vun Europa dreiwen d’Leit an d’Flucht, dohinner, wou et roueg ass. De geopolitesche Status quo, deen Europa 70 Joer Fridde bruecht huet, gëtt net méi respektéiert.

Vill méi nach bestëmme global Entwécklungen ons Politik: Klimapolitik – mir kucke fir de Moment alleguerten op Paräis an op dat, wat do an der COP21 geschitt -, rasant Entwécklungen an der Wëssenschaft an an der Technik. Et gëtt vill geschwat vun deenen Disruptiounen, déi mat der Technik kommen. Den Här Rifkin huet en neit Buch geschriwwen iwwert „The Zero Marginal Cost Society‟, wou en och Mutatiounen am Kapitalismus virausseet duerch déi nei Produktiounsmodellen. Et gëtt och an de Rapporte vun der Aarbecht vill geännert, och duerch eng Robotiséierung, duerch eng Automatisatioun, duerch nei Technologien.

Och global Entwécklungsobjektiver bis 2030 hunn eng extrem grouss Wichtegkeet an dëser Perspektiv. Als Deel vun der EU si mer en Deel vun engem globale Riederwierk. E gudden Deel vun der Lëtzebuerger Politik gëtt iwwert de Wee vun der Zesummenaarbecht an internationale Strukture wéi d’EU an d’OCDE bestëmmt. D’Oppenheet vum Land ass ons gréisste Chance fir d’Zukunft. De fräie Persounen- an Arbeitnehmerverkéier ass fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft indispensabel, gradesou wéi oppe Grenze fir Kapital- a Wuereverkéier.

Dofir sinn déi nationalistesch Tendenzen a verschiddenen EU-Länner Gëft fir d’Weiderentwécklung an d’Zesummewuesse vun der Europäescher Unioun. Och ech wëll kengem ze no trieden, mä och ech observéieren awer trotzdeem, dass et där Tendenzen och bei eis gëtt. Ech ka mech erënneren, virun net allze laanger Zäit, virun den Europawahlen, huet hei eng Partei an der Chamber, déi vum Interpellant, mam Slogan geworben „Méi Lëtzebuerg, manner Europa“, ganz kloer antieuropäesch Tendenz, an ech hätt och gären héiere vum Interpellant, wéi e sech dann d’Zukunft vum Land virstellt ausserhalb vun der Europäescher Unioun, wa Lëtzebuerg eleng muss eens ginn als eng kleng Insel mat enger schéiner klenger Sprooch, wou mer eis…

Gast Gibéryen (ADR), interpellateur.- Dat huet nach ni ee vun eis behaapt!

Franz Fayot (LSAP).- Ech ka mech erënneren un de Slogan „Méi Lëtzebuerg, manner Europa“, wat heescht dat? Da géif ech gär verstoen, wat dat heescht.

Gast Gibéryen (ADR), interpellateur.- Dat hätt Iech vläicht gefall, wa mer esou eppes gesot hätten.

Franz Fayot (LSAP).- Dir hutt dat gesot!

Gast Gibéryen (ADR), interpellateur.- Dat hu mir net gesot!

Fernand Kartheiser (ADR).- De Slogan ass richteg.

(Interruption)

Mars Di Bartolomeo, Président.- Sou. Adresséiert Iech un d’Chamber, Här Fayot! A just den Här Fayot huet d’Wuert!

Franz Fayot (LSAP).- Et gëtt och zu Lëtzebuerg, Här President, grondverschidden Astellungen zur Zukunft. Eng Astellung ass, op d’Innovatioun ze setzen an domat dat Aalt iwwer Bord ze werfen. Eng aner ass, un deem, wat een huet, festzehalen. Konservatioun oder Fortschrëtt, sou kann een dat resüméieren.

Meeschtens ass awer d’Zukunftspolitik e Mix vun deenen zwou Astellungen. Ee Beispill: Et gëllt oft als net modern, un eppes festzehalen, wat an der Vergaangenheet opgebaut gouf. Dozou gehéiert fir munch Manager a Wirtschaftscheffen dat soziaalt Netz, dat dat ganzt 20. Jorhonnert laang erkämpft an ausgebaut gouf. Et ass dobäi drëm gaangen an et geet och haut nach ëmmer drëm, fir d’Mënschen ze schützen, déi nëmmen hir Aarbechtskraaft hunn, fir ze liewen, an déi also extrem ofhängeg vu wirtschaftleche Schwankungen an Décisioune sinn.

Haut ginn déi Regelen an dat Sozialnetz, déi d’Aarbechtswelt méi mënschlech gemaach hunn, nawell gär a Fro gestallt. D’Rationaliséierung an d’Sich no méi Flexibilitéit féiere gären zum Ofbau vun Aarbechtsplazen, zur Verbreedung vun der Zäitaarbecht, zu méi Zäitaarbechtsverträg. Si féieren zum sozialen Dumping an zur Delokalisatioun.

D’Konsequenze sinn oft dramatesch fir Leit, déi schaffen. A wann onsen Aarbechtsmaart och vill qualifizéiert Leit brauch, bleiwe manner oder net qualifizéiert Leit op der Streck. Dofir ass d’Hëllef fir d’Upassung un déi nei Erausfuerderunge vun der Aarbechtswelt eng wichteg Zukunftsaufgab.

Viru Kuerzem ass e Rapport vun der Fondation Bruegel iwwert d’Verdéiwung vun der UEM 2015 bis 2025 virgestallt ginn. Do ginn als ee vu véier Piliere fir déi Verdéiwung d’Performancen um soziale Plang wéi och um Plang vun der Beschäftegung bezeechent. D’Politik muss also kloer Stellung fir onse soziale System huelen, well et ass deen, deen ons och an Zukunft Stabilitéit a soziale Fridde garantéiert, allen Ëmfroen zufolleg ee vun de gréisste Virdeeler vu Lëtzebuerg an enger internationaler Kompetitioun.

Dofir gesi mir, d’Sozialisten, eng Moderniséierung fir d’Zukunft ni ouni de sozialen an aarbechtsrechtleche Volet an net ouni Fortschrëtt och op dësem Plang. Dofir ass d’Kapitel am Regierungsprogramm iwwer „Travail et Emploi“ besonnesch dorop ausgeriicht. Am Regierungsprogramm gëtt et eng ganz Partie konkret Virschléi, fir den Zougang zum Aarbechtsmaart ze verbesseren. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit ass aktiv beméit, déi Virschléi ëmzesetzen.

Ëm déi Jonk bekëmmere sech d’Action Locale pour Jeunes, de Service National de la Jeunesse an natierlech d’ADEM. Fir dass déi Aktioun voll effikass ass, muss se esou gutt wéi méiglech koordinéiert ginn. Och d’Zesummenaarbecht zwëschen der ADEM an de Centres nationaux pour la formation professionnelle muss verbessert ginn. Da soll och den Emploi vun de Seniore verbessert ginn, deen haut bei 56% fir déi 55- bis 59-jäereg Leit läit a fir déi den Objektiv bis 2020 73% ass.

Eng wesentlech Roll spillt bei der Upassung un déi verännert Aarbechtsplazen de sougenannten „Lifelong Learning“. Onst Land huet sech dofir an de vergaangene Jore wichteg Instrumenter ginn. D’Betriber kréien dofir Subside grad ewéi eenzel Leit, déi sech weiderbilde wëllen. Et däerf dorop net gespuert ginn. Et gëtt e Livre blanc iwwert de Lifelong Learning aus der viregter Legislatur, deen zügeg ëmgesat soll ginn.

Déi eenzel Beruffsorganisatiounen a Beruffschamberen – d‘Salariatskummer, d’Handwierkerkummer, d’Chambre de Commerce, d’Landwirtschaftskummer – leeschte säit Joren a Jorzéngten eng gutt Aarbecht, eng exzellent Aarbecht op deem Gebitt. Si bidde vill Méiglechkeete fir déi permanent Weiderbildung.

Déi ginn awer an der Haaptsaach benotzt vu Leit, déi schonn eng Qualifikatioun hunn, wärend Onqualifizéierter wéineg dovunner profitéieren. Dofir geet d’ADEM neierdéngs op de Wee vun der individueller Fërderung. Leit, déi ouni Qualifikatioun aus der Schoul entlooss goufen, musse fir d’Éischt emol elementar Kompetenzen, wéi liesen, schreiwen, rechnen, sech konzentréieren, opbauen, fir an e Betrib eranzekommen an do ze bestoen. Dofir ass deen Aspekt vum Lifelong Learning haut méi wéi jee wichteg.

Et bleift awer erstaunlech, dass trotz deene ville Strukture vun der ëffentlecher Hand elo d’Handwierk, mat der Hëllef vum Wirtschaftsministère, higeet, fir säin eegene Centre de compétences opzebauen. Dat ass u sech eng gutt Saach. An um Krakelshaff soll en Zenter gebaut ginn, wou vun de Basiskompetenze bis zu héijer Spezialisatioun Personal fir d’Betriber forméiert soll ginn, dat d’Handwierk dréngend brauch. Dat weist awer, dass trotz enger grousser Offer eng Partie Instrumenter net esou gräifen, wéi se sollten. Et ass eng Zukunftsaufgab, dat op de Leescht ze huelen an aus der Lëtzebuerger Gesellschaft eng „learning society“ ze maachen, wou keng Matière grise däerf verluer goen.

Här President, fir d’Zukunft ze gestalten, hu mer e Programme national de réforme – PNR – mam Horizont 2020. Dora sinn all déi Entwécklunge festgehalen, déi onst Land innovativ maache sollen. Dëse PNR gëtt all Joers aktualiséiert.

Am PNR sinn d’Bildung an d‘Fuerschung ënnert dëser Regierung gradesou prioritär wéi ënnert där viregter. Dës Regierung huet dofir e Superministère décidéiert mat engem Minister an engem Statssekretär. Éducation nationale an Enseignement supérieur a Recherche a Jugendpolitik sinn zesummegeluecht ginn, fir dass vum Précoce iwwert de Préscolaire an d‘Grondschoul bis zum Lycée all d’Riedercher gutt aneneegräife sollen.

En europäescht Objektiv ass et, bis 2020 40% vun den Awunner vun 30 bis 34 Joer an der EU mat engem Héichschouldiplom ze hunn. D’Lëtzebuerger Objektiv ass, fir 2020 op 66% ze kommen, well elo schonns duerch déi héich Zuel vun Netlëtzebuerger 60% vun den Awunner esou en Diplom hunn. 2013, zur Erënnerung, waren et der nach 52,5%.

Mir wëllen och bei der Zuel vun den Décrocheuren, dat heescht deenen, déi keen Ofschlossdiplom hunn, ënner 10% bleiwen. Do leie mer elo bei 6,1%. D’Europäesch Kommissioun jugéiert, dass den Décrochage e Problem bleift, besonnesch well d’Populatioun mat Migratiounshannergrond staark dovunner betraff ass.

Schoul, Fuerschung an Héichschoul sinn d’Zukunftsinstrumenter par excellence. Hei weist sech, wéi iwwer eng Partie Legislature vu verschiddene Regierungen d’Zukunft opgebaut gouf a gëtt. Besonnesch um Gebitt vun der Fuerschung an der Héichschoul sinn déi gesetzlech Instrumenter iwwert d’CRPen, den FNR, d’Uni ugepasst ginn. Infrastrukture si gebaut ginn. D’Uni ass zu Belval a ka sech do entfalen. Déi ëffentlech Kreditter sinn an d’Luucht gaangen.

An der Fuerschung ass den Objectif national, fir 2,3% bis 2,6% vum PIB fir d’Fuerschung auszeginn. 2013 waren et der awer nëmmen 1,3%. Dovunner sinn 0,7% vum ëffentleche Secteur. Dee gréissten Deel soll eigentlech vum private Secteur kommen, well et jo d’Betriber sinn, déi sech iwwer technesch a wëssenschaftlech Innovatioune weiderentwéckele sollen a kompetitiv solle sinn. Mä mir wëssen, dass d’Kris dat verhënnert huet.

An hirem Rapport vum Mäerz 2015 am Kader vum Semestre européen huet d’Europäesch Kommissioun gesot, dass Lëtzebuerg wéineg Chancen hätt, säin Objektiv 2020 ze erreechen, obwuel d’ëffentlech Kreditter massiv an d’Luucht gaange sinn. Mä Gesetzer, Infrastrukturen a Sue ginn net duer, fir Innovatioun an der Gesellschaft an an de Betriber duerchzesetzen. Et brauch eng Risikobereetschaft vun de gesellschaftlechen a wirtschaftleche Kräften, fir weiderzekommen. Et brauch och eng kloer politesch Prioritéit.

Här President, an der Klimapolitik seet d’Europäesch Kommissioun, Lëtzebuerg géif säin Objektiv fir d’Beschränkung vun de Gaz à effet de serre net erreechen. Datselwecht gëllt fir d’erneierbar Energien, wärend bei der Efficacité énergétique déi Ziler kéinten erreecht ginn.

D’Weltgemeinschaft gëtt sech mëttelfristeg Objektiver, deenen hir Realisatioun vill Sue kaschten an nei Contraintë mat sech bréngen. Fir eng materiell héich entwéckelt Gesellschaft wéi Lëtzebuerg dränge sech dofir Ëmschichtungen an nei Liewensgewunnechten op. Déi individuell Mobilitéit mam Privatauto stéisst un hir Grenzen. D’Stied kënnen net mat ëmmer méi risege Gelenkbussen zougetippt ginn. D’Pollutioun vum Verkéier mécht d’Stied futti.

Den Iwwergang vu fossillen Energiequellen op erneierbar Energie ass eng schwiereg, mä noutwendeg Aufgab vun der Politik. Den europäeschen Objektiv ass, op 20% ze kommen. Lëtzebuerg wëllt 2020 11% erreechen. Et ass evident, dass niewent der sozialer an der bildungspolitescher Erausfuerderung déi klima- an energiepolitesch Erausfuerderung déi schwéierst fir d’Land wäert sinn.

An, Här President, ech mengen, dass dem Interpellant seng Interrogatioun iwwert d’Croissance, iwwert déi Croissance, déi mer wëllen, déi mer kënnen hunn an dësem Land, eng justifiéiert Fro ass.

Et gëtt vill interessant Reflexiounen iwwert d’Société post-croissance. Ech hu virun net allze laanger Zäit e flotte Film gesinn, deen „Sacrée croissance“ heescht, wou vill flott Iddien dra si vu Leit, déi austrieden aus der Gesellschaft, déi vun engem Hedgefund-Manager op eemol zu engem „urban gardener“ ginn oder déi äänlech Saache maachen, Leit, déi décéléréieren, déi en anere Liewensmodell wëllen. Dat si sécher gutt Iddien.

Et gëtt och bei eis Mouvementer, déi an d’Richtung vun enger Transitioun ginn, mä ech mengen, dass mer als Politik, wa mer gär esou Saache maachen, d’Leit musse mathuelen. Mir mussen eis Gesellschaften dorobber preparéieren. An dat brénge mer net mat engem Coup fäerdeg. Dat brénge mer fäerdeg iwwer eng laang Zäit. Dofir musse mer eis Konsumgewunnechten änneren. Mir mussen eis Gewunnechten änneren, wéi mer eis bewegen, wéi mer eis par rapport zum Trafic behuelen. An dat sinn alles Saachen, déi eng gewëssen Zäit wäerte brauchen. Dat wëllt awer net heeschen, dass een déi Iddien net soll weiderféieren.

Ech géif awer och gären, an och erëm eng Kéier ouni engem wëllen ze no ze trieden, hei bemierken, dass den Interpellant haut zouginn huet, dass den Ursprong vu senger Partei, d‘Fënnef-Sechstel-Rent fir jiddwereen, déi seng Partei d’ailleurs schonn, mengen ech, laang begruewen huet, och am Usaz total populistesch war an net realiséierbar war. Dat huet en, mengen ech, haut selwer gesot, wéi en iwwert de Rentesystem geschwat huet.

Här President, ech wëll net ophalen, ouni drop hinzeweisen, dass eng global Steierreform, wéi se annoncéiert gëtt, fir d’Zukunft vum Land eng grouss Roll spille wäert. Et geet drëm, eng méiglechst gerecht Verdeelung vun der Steierlaascht ze erreechen an d’Kompetitivitéit vun de Betriber am A ze behalen. Et geet ëm de soziale Fridden, et geet ëm Steiergerechtegkeet an et geet ëm d’Kompetitioun an der Wirtschaft.

Ech soen Iech Merci.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.