quaesitio

Ried zum PL iwwert d’Bankenofwécklungen


bankeofwecklung

Photo – Screenshot Trailer RTL – DNA 21.3.2014

Meng Interventioun an der Debatt zum PL 6866 iwwert d’Ëmsetzung vun der EU Richtlinie iwwert de Kader fir Bankenrettungen den 17.12.2015.

Franz Fayot (LSAP).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, Här Minister, trotz aller Kritik vusäite vun der CSV ass et, mengen ech, wichteg, dass mer haut dëse Projet hei stëmmen.

Ech soen dat aus perséinlecher Experienz. Ech hu während der Finanzkris vun Oktober 2008 bis Juli 2009 mech beschäftegt als Administrateur judiciaire mat enger vun deenen islännesche Banken, déi deemools a Faillite gefall ass, an ech konnt deemools constatéieren, dat war e spannenden Dossier, juristesch haaptsächlech spannend, bei deem mer dunn no néng Méint, fir d’éischte Kéier d’ailleurs zu Lëtzebuerg, eng Restrukturéierung vun enger Bank aus enger Insolvenz eraus gemaach hunn, wou mer Verschiddener vun deenen Instrumenter, déi mer haut mat dësem Projet de loi wäerte méiglecherweis am Gesetz stëmmen, applizéiert hunn.

Mir hunn deemools den „bail-in“ gemaach, dat heescht, mir hunn de Créancieren hir Créance, hir Dette reduzéiert, fir d’Kapital erëm hierzestellen. Mir hunn och eng Séparation d’avoirs gemaach, eng „good bank, bad bank“, wat och eng Première war zu Lëtzebuerg.

Mä mir hunn zwou Lektioune gezunn aus deenen Dossieren, an déi zwou Lektioune sinn och zentral an deem Projet de loi, dee mer haut hei diskutéieren.

Déi éischt Lektioun war, dass mer eng ganz grouss juristesch Onsécherheet hate bei där Gestioun vun deene Krise vun 2008/2009. Mir hunn deemools misse viru Geriicht goen, mir hu missen zwou Instanzen duerchmaachen, an et ass eréischt duerch en Arrêt vum 28. Januar 2009, wou mer de Kader kruten, fir iwwerhaapt eng Restrukturéierung ze maache vun där Bank, well mer en principe e Problem hate mam Principe d’égalité des créanciers, well mer gesot kruten en première instance: „Dir kënnt keng Créancieren ‚bail-innen‛, Dir kënnt kengem en ‚haircut‛ maachen an esou enger Prozedur. Dat geet géint d’Égalité des créanciers.“

Mä kuckt, mir haten och e Problem, eng Diskussioun iwwert d’Natur vum Sursis de paiement, dee mer an eisem Gesetz vun 1993 stoen haten. An all déi Schwieregkeeten, déi mer hate mat där Prozedur, weisen, dass et batternéideg ass, fir en neie Kader fir d’Resolutioun vun de Banken och bei eis ze kréien.

Wat ass dat, wat gemaach ginn ass? Iwwerall an der Welt d’Konklusioune vum G20, Financial Stability Board, déi jo wäitgehend an där Direktiv BRRD ëmgesat ginn, dass déi elo haut bei eis an d’Gesetz ëmgesat ginn, dat ass och wichteg, extrem wichteg fir eng Finanzplaz, och fir d’Kredibilitéit a fir d’Reputatioun vun enger Finanzplaz wéi déi Lëtzebuergesch.

Déi zweet grouss Lektioun aus deenen Dossieren, deenen Dossiere vun 2008/2009 iwwerhaapt, net nëmme bei deenen islännesche Banken, haaptsächlech dem Dossier Kaupthing, mä och anerer: Déi Bankerettunge waren nëmme méiglech mam Asaz vu Steiergelder. Dat war esou bei der Restrukturéierung vun der Kaupthing-Bank, wou ongeféier 300 Millioune gefloss si vun der belscher an der Lëtzebuerger Regierung, fir u sech d’Déposanten erauszekafen an déi Restrukturéierung méiglech ze maachen. Mä dat war och esou bei der Rettung vu Fortis, dat war esou bei der Rettung vun Dexia.

Mir hu jo nach gëschter am Kader vum Budget driwwer geschwat, dass dat och bei eis e Lach an eis Statsfinanze gemaach huet, obwuel jo op Verschiddene vun deenen Dossieren et sech gewisen huet, dass dat keen esou e schlechten Investissement war. Mä et war bei eis wéi iwwerall an Europa e massiven Asaz vu Steiergelder, fir Banken ze retten, fir ze évitéieren, dass eise Bankesystem, eise Finanzsystem géif zesummeklappen an eben och mat deenen Incidencen, déi dat hätt fir déi reell Ekonomie.

Dat ass de Grond vun der Direktiv Résolution et restructuration bancaires, fir dee Cercle vicieux tëschent Steiergelder a Banken ze briechen, fir dass et vun elo un net méi ka sinn, dass, wa Banke faillite ginn, wa Banke musse liquidéiert oder restrukturéiert ginn, dat mat ëffentleche Gelder geschitt. Dat ass eng gutt an eng wichteg Reform, déi mir als LSAP och ganz kloer begréissen.

Et ass also domat Schluss, obwuel mer wäerte gesinn, wa mer de Fonds de résolution unique diskutéieren, dass et ëmmer nach e sougenannten „fiscal backstop“ gëtt, dat heescht, e méigleche Recours op ëffentlech Finanzéierung, op d’mannst während där Période transitoire vun aacht Joer, bis dee Fong komplett finanzéiert ass. Mä am Prinzip dierft et vun elo u keen Asaz gi méi vu Steiergelder, fir eng Bank ze retten.

Här President, déi Direktiv, an ech wëll elo net an deeselwechten Detail goen, wéi de Laurent Mosar dat gemaach huet. Et wär zwar interessant gewiescht, ech hu probéiert, mer Notten ze huelen, Här Mosar, mä Är 45 Froe konnt ech mer leider net alleguerten opschreiwen. Si waren och net u mech adresséiert, ech si jo net Finanzminister, mä si waren awer interessant zum Deel.

Dir hutt recht, et wier och interessant gewiescht, se ze diskutéieren. Bon. Ech mengen, dat ass méi eng breet Diskussioun, wéi mer musse mat deene Projeten ëmgoen, och vläicht schonn en amont, ier d’Direktive kommen, ob mer net schonn éischter an dëser Chamber eis musse befaasse mat Kommunikatiounen, mat Wäissbicher, mat Pläng vun Initiativen, europäeschen Initiativen, haaptsächlech wa se esou wichteg si fir eist Land wéi alles, wat mat der Union bancaire zesummenhängt, an alles, wat mat der Surveillance vum Finanzsecteur zesummenhängt. Dat ass eng Diskussioun, déi mer och effektiv eng Kéier sollten, mengen ech, féieren an der aussepolitescher Kommissioun, mä och an der Finanzkommissioun.

Déi Direktiv, déi mer haut ëmsetzen, an de Rapporteur huet dat de Moie jo kuerz gesot, fonctionnéiert u sech, ass an zwee Deeler strukturéiert. Et ass een Deel, deen u sech all déi Banke behandelt, déi sougenannt „gone concern‟ sinn, dat heescht, déi, déi net méi normal fonctionnéieren. Do ass ee Volet Resolutioun, déi éischt Partie am Gesetz, ee Volet Garantie des dépôts an eben och ee Volet, deen deen ale Kader fir den Assainissement an d’Liquidatioun vun de Banken iwwerhëlt, den ale Sursis de paiement an d’Liquidation judiciaire vun de Banken.

Zu där Partie, mengen ech, kann ee soen – an nach eng Kéier, do schwätzen ech aus Erfahrung, well ech dee Kader praktizéiert hunn am Kader vun där Administration judiciaire -, deen Deel vum Gesetz fonctionnéiert net gutt. Dat ass vereelst, dat kënnt aus den 80er Joren, aus deem ale Bankegesetz.

An ech mengen, et misst een och eng Kéier seriö driwwer nodenken, fir eise Kader fir de Sursis an d’Liquidation des banques op de Leescht ze huelen, fir dat ze moderniséieren. Well et ass net ausgeschloss, dass déi Dispositiounen och nach eng Kéier ze spille kommen, well mir wëssen, dass all déi Banken, déi net ënnert de Kader vun der Direktiv falen, dat heescht, déi u sech net systemesch sinn, ëmmer nach kënne liquidéiert ginn oder ënner e Sursis bancaire falen. An an deem Fall, mengen ech, wär et och gutt, wann ee sech géif där Legislatioun eng Kéier unhuelen à tête reposée an dat iwwerschaffen.

Et gëtt also dräi Phasen an der Direktiv. Déi éischt, just ganz kuerz, déi éischt ass eng Phase de préparation et de prévention. Do fält alles drënner, wat déi sougenannten „living wills“ ass. Dir wësst, dass vun elo un d’Banke mussen u sech eng Aart Testament maachen, fir, wa se géifen an eng Schwieregkeet kommen, u sech déi Autorité de résolution kann direkt déi Pläng méi liicht ëmsetzen.

Dann ass eng zweet Phas vun Intervention précoce. Wann éischt Problemer optauchen, déi fale bei eis nach ëmmer ënnert de generelle Kader vum Gesetz vun 1993, u sech ënnert de Kader vun der Surveillance prudentielle. An dann eben déi Instruments à pouvoir de résolution, déi dat eigentlecht Häerzstéck si vun där Direktiv.

Eng Resolutioun kann da gemaach ginn, wann et e Grond gëtt, deen am Gesetz d’intérêt public, als Intérêt public definéiert gëtt. Dat heescht, wann eent oder méi vun den Objektiver, déi elo am Artikel 32 opgelëscht sinn, virleien. Dat geet vun der Protektioun vu Clienten, Protektioun vun der Stabilitéit vum System bis zu enger Partie anere Considératiounen, mä ech mengen, et kann een dat resüméieren ënnert dem Term, fir ze soen, dass dat alles ass, wat systemesch ass. Dat heescht, déi Banken, déi eng systemesch Relevanz hu fir Lëtzebuerg, falen dann dodrënner.

Da kënnt effektiv déi Autorité de résolution an d’Spill. An do, dat ass eng vun de Froen, déi de Laurent Mosar opgeworf hat iwwer effektiv dee Setup, ob dat justifiéiert ass, dass een u sech an der CSSF eng separat Autorité de résolution huet mat enger separater Direktioun, déi net an der Direktioun vun der CSSF ass.

Do wollt ech Iech just soen, Här Mosar, dass et dat och an anere Länner gëtt. Et gëtt dat a Portugal, et gëtt dat a Frankräich, an der Belsch, och – mengen ech – an Däitschland, wou u sech entweder an der Zentralbank oder an der Autorité de résolution eng separat Entitéit ass oder e separaten Departement fir d’Resolutioun vun de Banken. Dat heescht, mir sinn net déi Eenzeg, déi dat maachen. Dat gëtt et och op anere Plazen.

Laurent Mosar (CSV).- Här President!

Mars Di Bartolomeo, Président.- Jo?

Laurent Mosar (CSV).- Däerf ech dem Här Fayot eng Fro stellen?

Mars Di Bartolomeo, Président.- Jo, wann den Här Fayot näischt dergéint huet.

Franz Fayot (LSAP).- Natierlech!

Laurent Mosar (CSV).- Merci fir dem Här Fayot seng Suggestioun. Ech mengen, den Här Fayot an ech, mir maachen eis eigentlech hei déiselwecht Gedanken ëm déiselwecht Thematik. Ech weess och, datt dat am Ausland fonctionnéiert. Ech wollt allerdéngs dem Här Fayot soen, an ech mengen, dat weess en och, hei si mer e bëssen an deem spezielle Fall.

An dofir wollt ech him och déi Fro stellen: Mir hunn eng CSSF, déi als Établissement public fonctionnéiert, a mir maachen elo an déi CSSF en zweeten Établissement public, dee Fonds, dee Conseil de résolution. Dat heescht, an een Établissement public setze mer en zweeten eran, mat enger ganzer Rei vun Oplagen.

Ech wollt einfach den Här Fayot froen: Well mer jo nach ëmmer kee Gesetz hunn iwwert d’Établissement-publicken, ass et jo esou, datt de Statsrot ëmmer erëm seet, wann en Établissement public gemaach gëtt, da muss kloer preziséiert sinn, wéi de Fonctionnement, d’Missioune vun deem Fong sinn. An hei schéngt mer e grousse Problem ze bestoen. An ech wollt dofir froen, ob den Här Fayot net och do déiselwecht Bedenken huet, wéi par ailleurs de Statsrot, wéi d’Chambre de Commerce, dass mer hei riskéieren, e Problem ze kréien.

Franz Fayot (LSAP).- Jo. Ech hunn elo den Text net ënnert den Aen, mä ech si mer net sécher, dass et eng separat Entitéit an der CSSF gëtt. Et gëtt e separaten Departement mat engem Direkter, deen net Direkter ass…

(Interruption par M. Laurent Mosar)

Mars Di Bartolomeo, Président.- Wann ech gelift, de wëssenschaftlechen Disput kënne mer herno weiderféieren. Den Här Fayot huet elo d’Wuert.

Franz Fayot (LSAP).- Oh, Här President, dat ass awer…

Mars Di Bartolomeo, Président.- Neen!

(Interruptions diverses)

Laurent Mosar (CSV).- Här President, hei geet et ëm juristesch Froen!

Mars Di Bartolomeo, Président.- Richteg!

Laurent Mosar (CSV).- Dat dierf een awer net als kleng Detailer ofstempelen!

Franz Fayot (LSAP).- Dierf een an der Chamber net iwwer Juristerei schwätzen?

(Hilarité)

Laurent Mosar (CSV).- Très bien!

Franz Fayot (LSAP).- Bon, gutt, den zweete Volet vum Projet de loi ass d’Garantie des dépôts. Do ass och scho gesot ginn, dass mer vun engem Finanzement ex post op e Finanzement ex ante ginn, dat heescht, wou d’Banken elo iwwer eng gewëssen Zäit dann, dans un premier temps, 0,8% vun den Dépôts garantis abezuele bis 2018 an dann duerno iwwer eng Zäit, déi nach vläicht kann étaléiert ginn, weider 0,8%. Dat gëtt effektiv kritiséiert vun der ABBL a vun anere Cerclen.

Et muss een awer soen, mengen ech, dass déi Considératioun, fir eppes ze maache fir d’Stabilitéit a fir d’Reputatioun vun der Plaz, fir ebe sech ze soen, mir musse kënne mat eisem Fonds de garantie d’Déposantë vun enger mëttlerer Bank ausbezuelen, net vun der Hand ze weisen ass.

Mir kënnen eis nach all erënneren un déi Diskussiounen, déi stattfonnt hunn, wéi den zypriotesche Bankesecteur zesummegefall ass a wou Diskussioune waren iwwert d’Somme de bilan, déi an de Banke war, a Comparaisoun mam PIB vun Zypern, an ech mengen, eng ganz äänlech Diskussioun hu mer zu Lëtzebuerg. An ech mengen, do steet et eis gutt zu Gesiicht, wa mer méi eng zolidd Reserv hunn, och an der Garantie des dépôts, fir och do net ze vill exposéiert ze sinn, och an engem internationale Kontext.

Här President, ech géif gär e puer Saache soen als Konklusioun. Ech mengen, wéi gesot, dass et, trotz allen interessanten Diskussiounen, déi een hätt kënne féieren zu dësem Projet de loi, wichteg ass, dass mer deen elo adoptéieren. Et ass wichteg, well mer domadder och dee Fonds de résolution unique schafen, dee mer jo brauchen ab dem 1. Januar 2016.

Mä et ass awer och wichteg, fir der CSSF déi néideg Base légale ze ginn, fir hir Plan-de-résolutionen ze maachen, fir och kënnen déi Plan-de-redressementen do opzeschaffen, un deene se scho schaffen zu engem Deel ënnert der Direktiv CRD IV, wou se eng Base légale hunn. Mä fir eng Rei aner Finanzinstituter hu se nach keng Base légale. An dofir besteet eben effektiv déi Urgence. An ech mengen, dass dat heiten, trotz wahrscheinlech enger Partie Imperfectiounen, e gudden an e wichtege Projet de loi ass, dee mer, mengen ech, elo sollten haut an hei stëmmen.

Ech soen natierlech och nach gären dem Rapporteur Merci an ech ginn dann domadder den Accord vu menger Fraktioun, vun der LSAP zu dësem Projet de loi. Merci!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.