quaesitio

Kongress LSAP


lsap-congresMeng Ried zur Erëffnung vum LSAP Kongress den 20.3.2016. Dat geschwatent Wuert zielt.

Léif Komerodinnen, Léif Komeroden,

Et ass mer eng Éier, am Numm vun de Stater Sozialisten, dëse Kongress opzemaachen.

Mir sinn haut op dësem nationale Kongress aus alle Regiounen aus dem Land – aus dem Zentrum, dem Süden, dem Osten, dem Norden – zesummekomm. Ech weess, dass heiansdo behaapt gëtt, dass muenches eis ënnerscheed, mais ech géif gären am Ufank vun dësem Kongress un dat erënneren, wat eis hei all zesummebréngt.

Mir hunn all verschidden Erfahrungen a Liewensweeër hannert eis, awer mir sinn all Sozialisten – an deelen domat déi selwecht Wäerter an Ziler: Fräiheet an Demokratie, sozial Gerechtegkeet a Gläichheet, Solidaritéit a sozial Sécherheet – déi di wierklech Fräiheet vir vill Mënschen eréischt materiell – an domat reell – méiglech maachen.

De Leitfaden, dee mer haut diskutéieren, a fir deen an der Haaptsaach dem Yves Cruchten a senge Mataarbechter e grousse Verdéngscht zousteet, ass virun allem e Rappel vun eise gemeinsame Wäerter. Dee Leitfaden ass awer och eng Äntwert op eng gewëss Onzefriddenheet, op e gewësse Malaise bei eis an der Partei. Muencher soten a soen: d’LSAP ass net méi sozialistesch genuch. Sie ass net kloer genuch géint den TTIP, sie ass net kloer genuch géint d’Austeritéit an Europa, sie leeft och zu Lëtzebuerg just engem neoliberale Kurs no. A grad dofir ass dee Leitfaden esou wichteg: fir eis eis gemeinsam Wäerter an Erënnerung ze ruffen an ze affirméieren! D’LSAP ass a bleift zu Lëtzebuerg d’Partei vun der Gerechtegkeet!

Eisen Asaz fir sozial Gerechtegkeet a Gläichheet ënnerscheed eis säit iwwert engem Jorhonnert vun deenen anere Parteien: Eis Partei kënnt aus der Zäit vun der Industrialiséierung, eng Zäit wou d’Aarbechter – am Numm vun eis all – ëm méi Rechter gekämpft hunn, ëm eng besser Paie, eng sozial Ofsécherung, em Congé a Matbestëmmung. Wou et, am Kär, dorëm gaang ass, dass och déi schaffend Leit hiert Stéck vum Kuch kréichen. Fir sech materiell ofzesécheren – mais fir sech, doriwwer eraus, e Recht op eng gutt Bildung an op e politescht Mattsproochrecht ze erkämpfen.

Déi sozialistesch Iddi vun engem Steiersystem, dee progressiv ass, an esou déi Déck mat vill Kapital méi belaascht, wéi déi, di all Mount op hire Loun an hiirt Gehalt ugewise sinn, fir hier Famill ze ernähren. Dës nei Steierreform ass kohärent a setzt eng hallef Milliard fräi fir méi Beschäftegung, Kaafkraaft a Wuelstand…

Déi sozialistesch Iddi vun enger Educatiounspolitik, déi reell Bildungschancë kreéiert an all Mënsch d’Méiglechkeet gëtt sech ze entfalen egal wat seng Eltere waren.

Eng Kulturpolitik, déi all Mënsch abezitt an et him erméiglecht kritesch iwwert sech an d’Gesellschaft nozedenken.

D’LSAP stoung a steet och fir eng mënschlech, oppen a laizistesch Gesellschaft: d’LSAP huet ëmmer op den héije Stellewäert vun de Mënscherechter an der Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra gehal. Ech erënneren un d’Reforme vum Robert Krieps als Justizminister… De Kampf fir d’Mënscherechter, d’Meenungsfräiheet an d’Neutralitéit vum Staat a Reliounsfroe war ëmmer och e Kampf géint den Obskurantismus – a bei eis am Land virun allem och géint den Herrschaftsusproch vun der kathoulescher Kierch.

Komerodinnen a Komeroden : D’LSAP huet an dëser Regierung d’Trennung vu Kierch a Staat mat duerchgesat.

Donieft sinn och wichteg gesellschaftspolitesch Reformen duerchgesat ginn: d’Depenaliséierung vum IVG, den Homo-Mariage… Dës Gesetzer hunn, wéi ëmmer bei sozialistesch inspiréierte Reformen, d’Liewe vu ville Mënsche konkret verbessert.

D’LSAP steet och fir den Asaatz fir eng breed Akzeptanz an Integratioun vun alle Matbierger an Awunner am Land – an dat matt hirer ganzer Diversitéit: vu laangjäregen auslännesche Matbierger bis zu de Réfugié’en – fir déi a ville sozialistesche Gemengen esou vill gemat gouf. Mir kënne stolz sinn op déi kommunal Efforten. D’Nationalitéiten-Gesetz ass e weidere wichtege Punkt vun eiser Visioun vun enger oppener a solidarescher Gesellschaft.

Awer et bleiwen och nach Froen ze klären. Wat ass eis konkret Visioun op laang Dauer – an enger Gesellschaft, déi duerch d’digital Entwécklung revolutionnéiert gëtt. Nei Froe stellen sech an engem neien Kontext. D’Ännerungen an der Aarbechtswelt, d’Erausfuerderungen an der Bildung- an Ëmweltpolitik, déi véiert industriell Revolutioun … Well all nei Zäit stellt nei Froen: wéi solle mer eis opstelle fir d’Leit haut vun eis ze iwwerzeegen ? Ech menge mer mussen eis un eise Wäerter orientéieren an déi Wäerter fir eis Äntwerte vun haut befroen. D’LSAP war ëmmer staark, wann se de Courage hat, zu hire Wäerter ze stoen! Also: loosst eis Courage hunn, well eis Wäerter sinn déi richteg fir och op déi nei Froen ze äntwerten..!

Léif Komerodinnen, léif Komeroden,

Fir verschiddener ass eis Politik net differenzéiert genuch, fir anerer net kloer a radikal genuch. Verschiddene vun eis wéilte bremsen an anere geet et net schnell genuch. Mais d’Richtung stëmmt! Wann ech kucken, wéi d’Welt haut op der Kopp ass, da freeën ech mech wann ech den Asselborns Jang héieren, dee gläichzäiteg de gesonde Mënscheverstand an och dat lénkt Häerz an der internationaler Politik verkierpert!

Aner Riedner wäerten haut de Bilan maache vun der éischter Halschent vun der Dräierkoalitioun, mais ech géif iech gäre soen, dass d’Richtung stëmmt, an all deene wichtegen Themeberäicher op deene mer eis kënnen eens sinn, dass se am ADN vun der LSAP sinn. D’LSAP ass a bleift d’Gerechtegkeetspartei zu Lëtzebuerg!

An et ass awer nach eppes weideres, wat d’LSAP auszeechent, a wat se vun anere Parteien ënnerscheed: et ass eng Partei matt Substanz! Et geet net em de BlingBling. Et gëtt bei eis diskutéiert, et gëtt gestridden, an dat ass gutt esou, well meeschtens geet et ëm d’Substanz, em de Fong. Och dowéinst si mer an der LSAP, well jidderee kann seng Meenung soen, ka gehéiert ginn a mir kennen doriwwer gemeinsam diskutéieren. All Meenung ass wichteg a soll gehéiert ginn! Dat ass wierklech, geliewten Demokratie!

Um Enn gëllt et awer virun allem, dass mer ni eis gemeinsam Wäerter an d’Zil vun enger méi gerechter Gesellschaft vergiessen. D’Lydie Schmit huet dat um Enn vu sengem Liewen an zwee Wierder resuméiert: „Méi Sozialismus!“

Léif Komerodinnen, léif Komeroden, ech wënschen – eis all zesummen – e spannenden, oppenen a solidaresche Kongress.