quaesitio

Ried zur Adoptioun vun der Granada-Konventioun


granadaHei ass meng Interventioun als LSAP-Spriecher fir Kulturpolitik an Denkmalschutz zum PL iwwert d’Ëmsetzung vun der Granada-Konventioun vun 1985 iwwert den Denkmalschutz.

Franz Fayot (LSAP).- Här President, léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, léif Membere vun der Regierung, ech fänken u mat engem Zitat aus dem François Desseilles sengem Rapport vun 2013, wou e schreift a senger Konklusioun zum éischten Deel – an ech zitéieren en: «D’aucuns affirment que la protection du patrimoine culturel n’a pas été, pendant très longtemps, un sujet de préoccupation ni pour le public en majorité, ni pour les instances politiques. Pourtant, malgré la taille réduite du territoire ainsi que l’histoire et les conditions de vie modestes dans un passé récent, nombre de vestiges du passé, lointain ou récent sont dignes d’intérêt et donc de protection.»

An zum Schluss vu senger Konklusioun schreift e Folgendes: «La législation luxembourgeoise relative à la protection, à la conservation et au financement du patrimoine culturel n’est ni actualisée, ni novatrice. La législation a stagné, faute de s’être inspirée de l’actuelle philosophie de la conservation contenue dans les textes internationaux de référence tels que la convention de Grenade (1985) ou la convention de La Valette (1992).»

Här President, haut setze mer, haut approuvéiere mer also déi Granada-Konventioun vun 1985 a mir huelen e seriöe Retard op an eiser Legislatioun iwwert den Denkmalschutz. An dat begréisse mer ausdrécklech.

Mä fir dass mer den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg och endlech seriö huelen, musse mer eis och un déi international Konventiounen halen. An dofir musse mer och endlech eist Gesetz iwwert den Denkmalschutz vun 1983 reforméieren.

Mir sinn an der Kommissioun zesumme mat de Leit aus dem Kulturministère duerch déi Konventioun gaangen a mir hu gekuckt, op wat fir enge Punkten eis Legislatioun elo schonn en Conformitéit ass an op wat fir enge Punkte muss nogebessert ginn. An dunn hu mer festgestallt, dass do eng Partie wichteg Punkte sinn, wou mer nach net konform sinn. Dat ass engersäits d’Qualité de l’environnement ronderëm d’Sitten, d’architektural Sitten, mä et ass awer och d’Prise en compte an der Politique d’aménagement du territoire. Et ass dʹInventoriéierung, déi nach net esou ass, wéi se sollt sinn. An et ass och um Niveau vun der Kooperatioun, wou nach munches muss gemaach ginn.

Virun e bësse méi wéi sechs Méint, am Juli d’lescht Joer, wéi mer dʹDebatt hei haten iwwert den Denkmalschutz, ware mer eis, mengen ech, hei am Sall all eens, dass mer dem Denkmalschutz misste méi en héije Stellewäert ginn. Ech mengen, iwwert dee Constat war jiddweree sech eens. Et gëtt elo schonn zënter méi wéi 15 Joer un där Reform geschafft a si muss elo endlech kommen! Si muss kommen am Sënn vun eisem Patrimoine culturel, vun eisem Patrimoine architectural, deen ëmmer manner gëtt, a fir dee Patrimoine kënne besser ze schützen an och eng besser Rechtssécherheet ze schafen.

Déi Konventioun, déi mer haut hei ratifizéieren, wäert dozou bäidroen, well se ënner anerem de Patrimoine architectural méi breet definéiert, andeems se zum Beispill och d’Notioun vun den „ensembles architecturaux“ abegräift.

Här President, léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, d’Madamm Nagel huet am Juli d’lescht Joer hei gesot, dass se géif un deem Gesetzesprojet schaffen. An ech wär frou dofir, wann den Här Statssekretär géif a senger Interventioun eis soen, wou e mat deem Projet drun ass a wéini mer dee Projet kënnen hei an der Chamber déposéiert kréien a wéini mer kënnen ufänken ze diskutéieren. Ech mengen – nach eng Kéier -, dass et wichteg wär, och am Sënn vun engem Seriöhuele vun deene Saachen, déi an där Granada-Konventioun do stinn, dass mer dat schnell kënnen op de Leescht huelen.

Ee vun deene wichtege Punkten an där Konventioun an och an deem Inventaire, dee soll gemaach ginn, ass, dass mer sollen e wëssenschaftlechen Inventaire maachen. Wëssenschaftlech, dat heescht no objektive Kritären. Dat hëlleft eis, déi schützenswäert Bauten ze identifizéieren a schaaft Rechtssécherheet. An domat entschäerfe mer och verschidde polemesch Diskussiounen, déi des Ëfteren opkommen, wann driwwer geschwat gëtt, wat soll erhale bleiwen a wat net, well déi Diskussiounen ze vill oft op enger reng esthetescher Considératioun berouen.

Här President, ech kommen zum Schluss. Mir sinn och der Iwwerzeegung, dass an deem Inventaire, deem nationalen Inventaire, dee mer maachen, eng Top-down-Approche soll applizéiert ginn. Dat ass aus den Assises du patrimoine culturel erauskomm. Dat ass och deslescht hei bei der Debatt iwwert den Denkmalschutz esou, mengen ech, allgemeng unerkannt ginn.

E leschte Punkt, dee mer begréissen an dëser Konventioun, ass, dass nieft der Koordinatioun vun den Denkmalschutzpoliticken um europäesche Plang och d’Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet am Mëttelpunkt steet. Dat ass fir eis e fundamentale Punkt. D’LSAP ass der Meenung, dass, wéi d’Konventioun dat virschléit, och an der Schoul op de Patrimoine culturel opmierksam gemaach soll ginn. Mir sensibiliséieren d’Kanner op vill aner Beräicher, wéi zum Beispill den Naturschutz, a mir sollen dat och, mengen ech, ganz seriö ufänken ze maachen, wat den Denkmalschutz ugeet.

Wa mer ufänken, dat ze maachen – vill ze spéit, mä trotzdeem -, kënne mer déi nächst Generatioun och vläicht endlech op de Stellewäert vum Denkmalschutz sensibiliséieren.

Dëst gesot, Här President, géif ech dem Rapporteur André Bauler nach gär Merci soe fir säi gudde Rapport. An ech géif natierlech gären den Accord vun der LSAP zu dësem Projet abréngen.

Ech entschëllege mech fir de Retard an ech soe Merci fir d’Nolauschteren.