quaesitio

Interpellation IHTP 21/4/2016


Motiv Liesung VerwaltungskommissiounHei ass meng Ried zur Interpellatioun vum Serge Wilmes (CSV) iwwert d’Zäitgeschicht an den IHTP vum 21.4.2016.

Video vun der Interventioun

Franz Fayot (LSAP).- Merci, Här President. Ech géif gär ufänke mat engem Zitat: „Die Geschichte soll kein Ahnenschrein sein für den nationalen Kult. Sie darf nicht als belehrende Postille verharmlost werden. Sie muß das Buch der unerbittlichen Wirklichkeit bleiben. Allzu lange war gerade die Luxemburger Geschichte ein kitschiges Konglomerat von Wahrheit und Märchen, von Verhimmelung und Verteufelung. Sie war erbauliche Kinderfibel, schöngefärbt mit bunten «images d’Épinal». (…) Falsche Geschichte erzeugt falsche Politik. Die Luxemburger Geschichtsschreiber müssten daher stark ermuntert und gefördert werden…“

Här President, léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, dat Zitat ass vum Marcel Engel, en Enseignant, kriteschen Auteur an Affer vun den Nazien, deen och zu Hinzert war am KZ. Hie schreift dat an engem Artikel am „Lëtzebuerger Land“ den 30. Juni 1972, „Die Zeit in der wir leben“.

Weider schreift en nach: „Ein Luxemburger Historiker, der den Sturm der Zeit abwehrend, sich in ein elfenbeinernes Gehäuse der Ermesinden- oder Willibrorduszeit zurückzieht, verrät die soziale Verantwortung, die er trägt wie jeder echte Wissenschaftler. Denn er muß, was die geschichtliche Vergangenheit angeht, Propagandalügen und verfälschende Mythen bekämpfen. Diese Verantwortung kann nicht fünfzig Jahre vor der Gegenwart Halt machen. Je näher wir der eigenen Zeit kommen, desto dringender wird die klare Schau. Nichts ist gefährlicher als verzerrte Geschichte. Sie ist ein wirksames Propagandamittel, emotionsgeladen, das politische Leidenschaft erregt.“

Här President, mir sinn net méi am Joer 1972 an den Zoustand vun der Geschichtsfuerschung ass och en aneren haut. Trotzdeem résuméiert dëse flotten a provokativen Text op eng gutt Aart a Weis d’Wichtegkeet grad vun der Zäitgeschicht an enger Demokratie. An ech géif derbäifügen: grad an enger Zäit, wou de Populismus an den Obskurantismus erëm staark zouhuelen!

Mir begréissen duerfir d’Initiativ vum Kolleeg Serge Wilmes, fir hei an der Chamber doriwwer an iwwert d’Roll vum neien Institut fir zäitgenëssesch Geschicht ze diskutéieren. D’Chamber mécht Geschicht, mä si schreift se net. An, Här Wilmes, ech mengen, och d’Regierung schreift se net. Si gëtt hir nei Mëttel, fir besser a méi an der Déift ze schaffen. Mä Är Ausso ass awer interessant. Ech huelen et als e signifikative Lapsus wouer, vläicht fir d’Attitüd vun Ärer Partei zur Geschichtsschreiwung.

D’Geschicht vun onser Zäit ass näischt Abstraktes, wat wäit ewech ass. Si wierkt weider. Duerfir ass et wichteg, dass se esou objektiv wéi méiglech geschriwwe gëtt. Et ass och noutwendeg, dass se ëmmer erëm complétéiert a kritesch hannerfrot gëtt. Well et ass och bekannt, dass se gäre fir politesch Zwecker instrumentaliséiert gëtt, wéi de Marcel Engel et op de Punkt bréngt.

En demokratescht Land huet duerfir Interessi un enger ëmfaassender an objektiver Geschichtsschreiwung, déi alles opdeckt an näischt am Däischtere léisst. Et ass aus deenen Ursaachen eraus, dass déi nei Koalitioun an hire Programmgespréicher d’Iddi vun engem Institut für Zeitgeschichte ervirbruecht huet. Och déi Iddi ass näischt Abstraktes gewiescht an och si ass an engem politeschen Ëmfeld gebuer, dat ech dann och gär hei, äänlech wéi den Här Wilmes dat gemaach huet, wéilt kuerz rappeléieren.

(Interruption par M. Marc Spautz)

Jo, Här Spautz?

Marc Spautz (CSV).- Kéint ech eng Fro stellen?

Mars Di Bartolomeo, Président.- Jo, Dir hutt ganz recht, Här Spautz, Dir hutt ganz gentil gefrot. Den Här Fayot schéngt domat d’accord ze sinn. Dir hutt d’Wuert.

Marc Spautz (CSV).- Ech wollt just froen – zanter 1972 bis elo, dat si 44 Joer -, wéi vill Joren dann d’LSAP mat an der Regierung war, wann et elo esou laang gedauert huet, bis endlech déi Debatt kënnt. Merci.

Une voix.- Huh, schwiereg!

(Brouhaha)

Marc Spautz (CSV).- Här Fayot, ech kann Iech et soen: 32!

Franz Fayot (LSAP).- Jo. Mä ech mengen, et gesäit ee jo un den Aussoe vum Här Wilmes, dass do eng zimlech puissant Brems war op munchen Dossieren, géif ech elo emol einfach esou soen.

(Brouhaha et interruptions)

Dir hat och vill Interpretatiounen.

(Brouhaha)

Mme Octavie Modert (CSV).- Ech mengen, dat ass eng falsch Interpretatioun vun deem, wat e gesot huet.

(Interruption)

Franz Fayot (LSAP).- Jo, Här Kartheiser, Dir wäert duerno Positioun huelen. Ech hu mäint gesot zum Obskurantismus an zum Populismus.

Mars Di Bartolomeo, Président.- Sou, Här Fayot, adresséiert Iech elo erëm un d’Chamber, an da kréie mer och erëm Rou an den Débat.

Franz Fayot (LSAP).- Här President, d’Geschicht vun onser Zäit ass näischt Abstraktes, wéi gesot. En demokratescht Land… Jo, voilà, ech wollt en fait op dat politescht Ëmfeld agoen, an deem dës Iddi gebuer ass.

Erënnert Iech: D’Fro ass vun Historiker gestallt ginn, ob d’Verwaltungskommissioun, déi den 10. Mee 1940 nom Départ vum Statschef an der Regierung d’Land verwalten an och regéiere sollt, mat dem Nazienvahisseur bei der Verfolgung vun de Judden zu Lëtzebuerg eng Hand ze vill mat ugepaakt hätt. Déi Fro war virdrun an där Form nach ni gestallt ginn. Et hat ee sech ëmmer domat zefridde ginn, wat déi Leit vun der Verwaltungskommissioun nom Krich selwer dozou gesot hunn. An op eemol hunn Historiker dat a Fro gestallt. An dat war richteg, dat war néideg, wéi den Artuso-Rapport jo och bezeit.

Mä net nëmmen dat! Eng Regierung vun haut gouf gefrot, ob se sech net entschëllege misst fir dat ongeheierlecht Onrecht, wat de Judde mat Lëtzebuerger Verwaltungshëllef am Zweete Weltkrich geschitt ass. Dorop gesteet déi Regierung an, dass eventuell e Flou an der Geschichtsschreiwung kéint sinn an dass een dat misst opschaffen. Mä wéi dat opschaffen? Et gouf keen Instrument, fir dat ze maachen.

Wuel gouf a gëtt et Fuerschungszentren, deen een iwwert d’Resistenz, deen aneren iwwert d’Zwangsrekrutéierung, en drëtten iwwert d’europäesch Geschicht. Wéi déi Zentre Mëtt 2000 geschaaft goufen, war schonns d’Iddi opkomm, e Fuerschungsinstitut fir modern Geschicht insgesamt ze schafen. Et war déi gréng Deputéiert an Historikerin Renée Wagener, déi virgeschloen hat ze kucken, ob een esou en Institut an déi nei Uni kéint integréieren.

An, Här President, déi Motioun, déi deemools hei an der Chamber dozou gestëmmt ginn ass – dat war den 11. Februar 2003 -, ass unanime ugeholl ginn, also och vun der heiteger Oppositioun. Et ass awer bis dato…

Serge Wilmes (CSV), interpellateur.- Här President, kéint ech just eng Fro stellen heizou, wann ech gelift?

Mars Di Bartolomeo, Président.- Här Fayot, erlaabt Der?

Franz Fayot (LSAP).- Jo.

(Interruption)

Serge Wilmes (CSV), interpellateur.- Wësst Der dann och, wat den deemolege Statsminister, de Jean-Claude Juncker, an der Debatt gesot huet, wat seng Rechtfertegung wär, firwat deemools d’Centres de documentation geschafe gi sinn, an datt e gesot huet, datt dat eent net direkt mat deem aneren…, dat anert net ausschléisst.

Hien huet gesot, en huet erkläert, datt dat aus deenen historeschen Affergruppéierungen entstanen ass, well dat hire Wonsch war, hir Demande war, an datt hie souguer als Statsminister net d’Autoritéit an net den Alter gehat hätt, fir hinnen dat kënnen ze refuséieren. An datt awer och der Madamm Wagener hir Iddi net komplett auszeschléisse wär, fir iergendwann eng Kéier och kënnen en Institut fir Zäitgeschicht ze schafen, mä net am Kader vun deem Gesetz, mä iergendwann eng Kéier spéider. Déi Debatt, déi hunn ech och natierlech nogelies fir déi heiten. An dat huet hie gesot. Dat muss een dann awer och complétéieren. Dat erkläert dat näämlech.

Franz Fayot (LSAP).- Jo, okay, ech soen net de Contraire. „Iergendwann eng Kéier spéider.” Et ass awer bis dato bei de sektoriellen Zentre bliwwen.

Et gouf virun allem och keen Instrument, fir sech mat der Shoah zu Lëtzebuerg ofzeginn. Zwar gouf et zënter 2001 eng Kommissioun, déi iwwert d’Spoliatioun vun de Judde gefuerscht huet an 2009 Recommandatioune festgehalen hat, mä säitdeem war Funkstille.

Dofir ass der deemoleger Regierung 2012/2013 näischt aneschters iwwreg bliwwen, wéi alt erëm eng Kommissioun no villem Hin an Hier anzeberuffen, déi hirersäits e jonken Historiker, de Vincent Artuso, beoptraagt huet, déi Saach ze erfuerschen. En huet dat wärend bal zwee Joer eleng gemaach, wéi esou oft zu Lëtzebuerg, mat enger hallwer Tâche an huet dunn e Bericht virgeluecht. No sengem Bericht, deen unerkannterweis exzellent ass, konnt en dunn trëppelen. Hien ass fir eng Zäit dee bekannteste Chômeur am Land ginn a seng Expertise, déi en an zwee Joer opgebaut huet, war fir d’Kaz!

Mme Octavie Modert (CSV).- Ënner wéi enger Regierung war dat?

Franz Fayot (LSAP).- Dofir koum d’Iddi an de Koalitiounsgespréicher op, en Institut ze schafen, fir d’Zäitgeschicht vum 20. Jorhonnert zu Lëtzebuerg systematesch opzeschaffen. Esou eng Démarche ass an der Geschichtsfuerschung näischt Aussergewéinleches oder Absurdes, well et gëtt ëmmer nach Neies ze entdecken, nei Quellen ze erfaassen an duerchzekucken, nei Aarbechten ze maachen.

Et gëtt vereenzelt Historiker op der Uni, an den Här Wilmes schéngt sech zu hirem Sproochrouer ze maachen, déi d’Nécessitéit vun esou engem Institut prinzipiell a Fro stellen. Si soen: „Geschichtsfuerschung, och vun der Zäitgeschicht, gëtt säit Laangem gemaach an et ass plus ou moins alles erfuerscht.” Mä objektiv muss ee feststellen: Jo, sécher, mä wuel net esou systematesch an och net ëmmer, fir besonnesch sensibel Aspekter unzegoen.

Här President, ech denken, wat d’20. Jorhonnert zu Lëtzebuerg ugeet, dobäi spezifesch u folgend Aspekter: den Ëmgang zu Lëtzebuerg mat de Judden insgesamt, wéi den Ëmgang mat de Flüchtlingen aus Nazidäitschland war, wéi d’Integratioun vu Friemen an d’Lëtzebuerger Gesellschaft iwwert d’Naturaliséierung geschitt ass, wéi den Nationalismus an der Zwëschekrichszäit ausgesinn huet, an esou weider.

Sécher hunn Historiker vun der Uni Lëtzebuerg, mä och vill Eenzelkämpfer wéi de Paul Cerf an den Henri Koch-Kent, déi mat hire Publikatiounen heftege Kriticke vum deemolegen historesche Mainstream ausgesat waren, vill a gutt Aarbechten iwwert déi Zäit virgeluecht.

Mä dës Majoritéit huet gemengt, et wier besser, en eegene Kader fir déi Geschicht ze schafen, an deem, ëm e Kär vun namhaften Historiker, Aarbechten entstoe kéinten, och vu Leit vu baussen, déi vun deem Institut publizéiert géifen. Deen Institut géif eng wëssenschaftlech Revue editéieren, e géif Konferenzen organiséieren, e géif an zäitgeschichtlech Debatten ëffentlech agräifen. E géif och pädagogesch Aarbecht maachen, zesumme mat de Schoulen. E géif Informatiounsaarbecht liwweren iwwert déi Aarbechten, déi ënnerwee sinn. E géif als en onofhängege kriteschen Zentrum fir d’Zäitgeschicht fonctionnéieren, wéi dat ronderëm ons an anere Länner zanter Jorzéngte geschitt. Dat war d’Iddi an esou ass se an de Koalitiounsprogramm och ageschriwwe ginn.

Här President, wat ass haut aus där Iddi ginn? Hale mer fir d’Éischt fest, dass den Institut d’histoire du temps présent haut vun der Regierung gedroen an amgaang ass, ëmgesat ze ginn. Doriwwer si mer frou. Dat ass e wichtege Punkt vum Regierungsprogramm, an deen ass amgaang, realiséiert ze ginn. Zu gläicher Zäit gëtt e Comité de la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale geschaaft, dee sech mat der Erënnerung beschäftegt. Och dat begréisse mer, well, wéi mer wëssen, Erënnerung a wëssenschaftlech Geschichtsfuerschung sinn zwee verschidde Puer Schong.

Den Interpellant schéngt dat liicht anescht ze gesinn, wann e seet, déi viregt Regierung hätt, an ech zitéieren hien: „…hiren Devoir de mémoire, hiren Devoir d’histoire eescht geholl”. Fir eis, Här Wilmes, sinn dat zwou verschidde Saachen.

Et kann ee sech natierlech och Froe stellen, wéi et zum IHTP an dëser Form komm ass a wat den Institut dann elo gëtt. Eng Haaptiddi vun deem, wat am Regierungsprogramm steet, war d’Onofhängegkeet vum IHTP. Am Prozess gouf den IHTP aus dem Kulturministère an de Fuerschungs- an Héichschoulministère ausgelagert. D’Uni gouf vun der Regierung gefrot, e Centre interdisciplinaire ze schafen, an deem een déi verschidden Ambitioune vun der Regierung an der Uni zesummebrénge kéint. Ouni op de Bien-fondé vun där Démarche anzegoen, muss ee festhalen, dass domat d’Uni bestëmmt, wat a wéi den IHTP an Zukunft schafft, wat fir Mëttelen e kritt a wat fir e Stellewäert d’Lëtzebuerger Zäitgeschicht an enger Universitéit kritt, déi sech international gëtt.

Ons Angscht war an ass och nach e bëssen, dass déi Lëtzebuerger Zäitgeschicht hei ze kuerz kënnt. Nëmmen d’Zukunft kann ons weisen, ob déi Angscht berechtegt ass oder net. Ech wëll hei soen, dass et Zeeche gëtt, déi positiv sinn, wéi d’Ausso vum Recteur am „Wort“-Interview e Méindeg, dass de Schwéierpunkt tëscht deenen dräi Disziplinnen „digital history“, Geschicht vun der europäescher Integratioun a Lëtzebuerger Zäitgeschicht bei der Lëtzebuerger Zäitgeschicht léich.

Här President, léif Kolleeginnen, léif Kolleegen, zum Schluss géif ech wëllen eng Rei Wënsch äusseren, wat d’Ausriichtung vum IHTP ugeet. Et ass eis als LSAP äusserst wichteg, dass dëse Projet e Succès gëtt, an dofir schéngen eis eng Partie Konditiounen extrem wichteg.

Et ass éischtens – an de Kolleeg André Bauler huet et och scho gesot -, dass et en Direkter muss gi mat enger wierklecher Sensibilitéit fir d’Lëtzebuerger Zäitgeschicht, och wann dat natierlech kee Lëtzebuerger muss sinn a wann et vläicht souguer gutt ass, wa mer hei e Mann mat internationaler Carrure kréien, deen dësen Institut dirigéiert. Mä e muss eng Sensibilitéit fir d’Matière hunn.

Den zweete Punkt ass den Accès zu den Archive vun den absorbéierte Centren. Et ass gewosst, dass d’Geschichtsfuerschung zu Lëtzebuerg oft u mangelndem Zougang zu Archive scheitert. Ech erënneren un d’Ausso vum Vincent Artuso virun der Institutiounskommissioun, deen iwwert dee munchmol schwieregen Zougang zu verschiddenen Archiven am Kader vu senger Aarbecht geklot huet.

Dat neit Archivgesetz muss eng Rei Lücken an Inkohärenze behiewen. Dat ass essentiel, fir kënnen d’Zäitgeschicht uerdentlech ze erfuerschen. Dozou géif ech gären e kuerzt Zitat hei liesen aus engem Artikel vum Laurent Schmit am „Forum“. Hie schreift do – an en zitéiert de Charles Barthel, dee jo, wéi mer all wëssen, och kritesch deem Projet hei géigeniwwersteet -, hie seet: „Neben den riesigen Lücken in der zeithistorischen Forschung sieht Charles Barthel, Direktor des CERE, vor allem ein Problem: den Zugang zu Archivdokumenten, ohne die Historiker nicht arbeiten können. Oft übergeben Ministerien ihre Dokumente erst nach vielen Jahrzehnten ans Nationalarchiv – sofern Beamte sie nicht geschreddert haben. Noch immer fehlt ein Archivgesetz, das dies unterbinden würde. Es wäre also absurd, ein Institut für Zeitgeschichte zu schaffen, ohne dem Nationalarchiv endlich die notwendigen Ressourcen (Gebäude und Personal) für seinen Auftrag zu geben.“

Et feelt den Ament – och dat huet de Kolleeg André Bauler scho gesot – un enger Archivkultur zu Lëtzebuerg. Dat muss sech änneren, wa mer wëllen, dass deen IHTP senge Missioune kann nokommen.

Wat geschitt iwwregens mat den Archive vun de verschiddenen Zentren, déi elo an den IHTP integréiert ginn? Wou kommen déi hin? De Rektor Klump seet a sengem Interview: „Net bei d’Uni. Dat ass net d’Roll vun enger Uni.“ Mä wann dat esou ass, da muss gekläert ginn, wouhi soss. Et muss e wëssenschaftleche Répertoriage gemaach ginn an et muss assuréiert ginn, dass d’ganz Fuerschergemeinschaft Accès huet zu deenen Archiven.

Gradesou wichteg ass och eng gutt Zesummenaarbecht mat kloer definéierten Opdeelungen tëschent dem Centre pluridisciplinaire an dem Institut d’histoire vun der Uni Lëtzebuerg. Mir stellen eis och d’Fro, wéi d’Koexistenz mat anere Fuerscher op anere Plazen, zum Beispill an den nationalen Archiven oder der Nationalbibliothéik, funktionéiere soll. De Serge Wilmes huet recht, wann en drun erënnert, dass och do Recherche gemaach gëtt scho säit enger laanger Zäit, an et ass wichteg, fir och déi Fuerscher hei matabezéien ze kënnen.

Et ass natierlech net manner wichteg, dass den Departement, dee sech mat Lëtzebuerger Zäitgeschicht befaasst, genuch gutt Leit kritt. An dat muss och e Mix sinn tëschent Lëtzebuerger Chercheuren an Enseignanten, Germanofonen a Frankofonen. An engem internationale Land, an engem Carrefour wéi Lëtzebuerg schéngt dat mer extrem wichteg.

Här President, et muss an eisen Aen och zu Échangë komme mat auslänneschen Instituter. Den IHTP muss sech europäesch an international vernetzen. De Rektor, erëm eng Kéier a sengem „Wort“-Interview, huet zum Beispill d’Méiglechkeet vun enger Zesummenaarbecht mam Archiv vun den europäeschen Institutiounen zu Florenz genannt. En huet och e Besucherprogramm fir auslännesch Historiker genannt. Dat sinn interessant Pisten. Och gemeinsam Fuerschungstheme mat den däitschen, belschen a franséischen Instituter mussen ugepeilt ginn.

Här President, eng Fro, déi ech mer och nach stellen, dat ass, ob weider politesch relevant Froe kënnen un deen IHTP adresséiert ginn a wéi dat geschitt. Ech erënneren un den Artuso-Rapport. Dat war en Optrag, deen dee Fuerscher do krut. Ass dat weider méiglech?

Ech erënneren och un en Optrag rezent an Däitschland, deen den Innenminister Lothar de Maizière ginn huet un den Institut für Zeitgeschichte, fir den Innenministerium nom Zweete Weltkrich opzeschaffen an en particulier d’Naziinfiltréierung vun deem Ministère an der Nokrichszäit. Dat si politesch brisant Froen, wou ech et wichteg géif fannen, dass déi weiderhin och kéinten un deen IHTP erugedroe ginn, nonobstant der Onofhängegkeet vun der Uni Lëtzebuerg.

An deem Kontext ass et och wichteg, hei ze ënnersträichen, dass den Nohuelbedarf an der Zäitgeschicht zu Lëtzebuerg enorm ass. Wat d’Geschichtsproduktioun betrëfft, hu mer keng Geschicht vum Zweete Weltkrich, mir hu keng, en tout cas keng eenheetlech Geschicht vum Éischte Weltkrich, mir hu keng Sozial- a Gesellschaftsgeschicht vum 20. Jorhonnert, mir hu keng Geschicht vum Lëtzebuerger Sozialstat, mir hu keng Wirtschaftsgeschicht vum 20. Jorhonnert, keng Rechts- an Demokratiegeschicht vum 20. Jorhonnert, keng Kulturgeschicht vum 20. Jorhonnert, keng Migratiounsgeschicht vum 20. Jorhonnert, kee biografesche Lexikon zum politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftleche Liewen, keng Publikatioun vun diplomateschen Dokumenter vum 20. Jorhonnert! Eng weider wichteg Erzielung wär déi vun der Finanzplaz. An och d’Geschicht vum SREL muss evidenterweis opgeschafft ginn.

Här President, fir d’LSAP ass de Projet IHTP e ganz wichtegen. Et geet dorëm, eng wëssenschaftlech Opschaffung vun der zäitgenëssescher Geschicht weiderzebréngen, aus all deene Grënn, déi fir eng Demokratie esou wichteg sinn.

Ech hat a menger Ried zum Rapport Artuso d’Expressioun gebraucht: „E Land, dat seng Geschicht net kennt, kritt Problemer mat senger Zukunft.“ De Marcel Engel seet et nach méi eloquent: „Falsche Geschichte erzeugt falsche Politik.“

Mir hunn et verstanen, wa mer dem Här Wilmes gutt nogelauschtert hunn: Den Usaz vun dëser Interpellatioun ass e konservativen. E geet vun enger Geschichtsschreiwung vun der Lëtzebuerger Historiografie aus, déi selwer zudéifst verankert ass an deem, wat gewuess ass, historesch gewuess, an en hält dorunner fest.

Anescht wéi den Interpellant a seng Partei begréisse mir, dass den IHTP elo opgebaut gëtt, trotz alle Bedenken a kritesche Gedanken, déi een iwwert d’Aart a Weis, wéi dat geschitt ass, kann hunn. Et ass e Quantesprong an der Lëtzebuerger Fuerschung vun der Zäitgeschicht, deen dëser progressistescher Majoritéit gutt zu Gesiicht steet.

Une voix.- Très bien!

Une autre voix.- Wivill Joer war et?

(Interruptions)

Franz Fayot (LSAP).- Mir si frou, dass dës Rees – oder solle mer et éischter Exploratioun nennen? – elo lassgeet. Wéi all spannend Exploratioun weess een am Ufank net genee, wou et higeet. Dat läit an der Natur vun der Saach. Mä et ass wichteg, dass et geschitt!

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.