quaesitio

Débat d’orientation sur la stratégie « Zéro déchets » et la restriction des déchets en matière plastique au Luxembourg


Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Madamm Minister,

Et besteet jo an dësem Debat eng relativ grouss Unanimitéit, wann ech dat richteg verstinn, op dësem Thema, anescht wéi beim Klimawandel, obwuel déi zwee liéiert sinn. Dat hu mer och festgestallt, wéi mer déi Petitionäre gehéiert hunn am Februar. Do ass ganz kloer gesot ginn, dass dat heiten en direkte Lien huet mam Klimawandel. An et ass och relativ vill an hefteg diskutéiert ginn deemools iwwert de Rapport vum GIEC. Dat war ee vun den Haaptpunkte vun der Diskussioun.

Nichtsdestotrotz ass et gutt, mengen ech, dass mer hei e grousse Konsens hunn an dëser Matière, op dësem Dossier vun der Reduktioun vun den Decheten an insbesonnesch de Plastiksdecheten.

Eis Konsumgesellschaft stellt eise Planéit viru relativ grouss Erausfuerderungen. D’Demande no Plastik an all senge Formen ass staark geklommen. Aktuell ginn 322 Milliounen Tonne Plastik all Joer produzéiert. Dat ass eng Multiplikatioun duerch 20 säit 1960. An der EU hu mer all Joers e Plastiksoffall vun zirka 26 Milliounen Tonnen. 60 % dovunner entfalen op Verpakungen.

Et ass hei scho gesot gi vu menge Virriedner: De Prinzip vum „reduce, reuse, recycle“ muss eis an dëser Matière effektiv guidéieren an all eise Politicken. Mä de Misär ass, dass de Recycling vu Plastik wirtschaftlech net rentabel ass. Recycelte Plastik ass méi deier wéi Plastik aus neie Ressourcen. Dofir deckt an der EU de recycelte Plastik just 6 % vun der Demande fir de Moment.

An den Appetitt no Plastik, wann ech dat esou däerf soen, wäert weider wuessen. Déi meescht Projektioune ginn dovunner aus, dass bis 2035 d’Plastiksproduktioun sech nach eng Kéier wäert verduebele par rapport zu haut. A wa mir haut 6 % vun eiser globaler Pëtrolsproduktioun fir d’Produktioun vu Plastik ginn, da wäert dësen Taux previsiblement am Joer 2050 bei 20 % leien, wa mer dann net zimlech radikal eis Gewunnechten an dësem Beräich änneren.

Här President, mir gesinn als LSAP hei eng grouss Chance am Beräich vun der Kreeslafwirtschaft. Et ass schwéier, den Impakt vun enger Économie circulaire op d’Gesamtwirtschaft präzis ze chiffréieren, well do vill Facteuren zesummekommen. Mä wann een eleng d’Aspuere vu Materialkäschte berücksichtegt a sech op d’Input-/Output-Zuele vun Eurostat baséiert, da kann ee vun engem Spuerpotenzial queesch duerch d’Secteure vu bis zu 630 Milliarden Euro pro Joer an der EU ausgoen. Dat ass méi wéi 11-mol den aktuelle Lëtzebuerger PIB.

Här President, d’Fro stellt sech dann: Wat solle mer an dësem Beräich maachen, fir weiderzekommen? An ech weess, dass d’Madamm Ministesch d’lescht Woch de Zero-Waste-Programm virgestallt huet, wou natierlech eng ganz Rei Initiativen, Aktiounen an Iddie schonn dra sinn. Mä ech géif hei gäre véier Gedanken zu dësem Thema e bëssen developpéieren.

Den éischte Gedanken, an och deen ass schonn ugeschnidde ginn, insbesonnesch vum François Benoy, dat ass de Gedanken, dass jiddweree muss seng Gewunnechten änneren. Mir hunn alleguerten oder hate vläicht bis viru Kuerzem, haaptsächlech am urbane Raum, en To-go-Lifestyle, dat heescht, dass mer u sech ganz einfach emol e Kaffi geholl hunn, wou mer dann direkt de Becher ewechgehäit hunn, dass ee ganz einfach eng Plastiksfläsch keeft, déi een dann ewechgehäit.

An ech mengen, dass do ëmmer méi eng Prise de conscience amgaangen ass ze komme bei deene Jonken, awer och bei deene manner Jonken, dass ee seng Gewunnechten ännert. An do kommen eng ganz Rei Initiativen, Aktioune vun ënnen erop:

– De Buttek OUNI ass genannt ginn, dee bei mir am Garer Quartier an der Gliesenerstrooss säit enger Partie Joren aktiv ass, wou ee Saachen en vrac ka kafen, wou ee muss seng eegen Emballagë mathuelen, deen, mengen ech, ganz vill Succès huet.

– D’Öko-Tute si genannt ginn, déi natierlech och munches bäidroen zu enger Reduktioun vum Plastik.

– D’Ecobox, déi jo och e gudde Succès ass an enger ganzer Partie Restauranten, wou ee kann d’Saachen, d’Reschter mat heem huelen.

– Emballagen op Mäert an a Butteker: Och do sinn d’Mentalitéiten amgaangen, sech ze änneren.

– An d’Initiativ „no single plastic“ (veillez lire : „no single-use plastic“), wou d’Entreprisë sech kënnen engagéieren, fir keen „single-use“ an hiren Entreprisen ze verwenden.

– An dann ass och nach den Domän vum Gaspillage alimentaire, fir deen de Landwirtschaftsminister jo responsabel ass, wou mer an deene leschte puer Joer och scho relativ vill drop geschafft hunn, wou Sensibilisatiounscampagnë komm sinn, wou elo schonn an der grousser Distributioun ganz vill gemaach gëtt, wou ganz vill Produiten u karikativ Organisatioune gespent ginn; déi jo nach kéinte méi sinn.

An ech hat do an enger rezenter Question parlementaire dee Problem opgeworf. Wann ech richteg verstinn, dann huet et fir de Moment kee Sënn, e Gesetz ze maache wéi a Frankräich, wou een dat u sech obligatoresch mécht, well einfach déi Capacité de reprise net do ass am karikative Secteur. Et kéint ee sech awer iwwerleeën, ob een net kéint och iwwert d’Grenzen eraus un d’karikativ Organisatioune ginn/spenden an esou u sech nach méi d’Akteuren do zum Agéiere bewegen.

En zweete Punkt ass dee vun der Aktioun op der EU-Ebene. Et ass gewosst, dass eng EU-Direktiv komm ass, déi d’EU-Parlament de 27. Mäerz dëst Joer mat grousser Majoritéit gestëmmt huet. An dat ass en extrem wichtege Schrëtt no vir.

Déi grouss Mesuren aus dëser Direktiv, bon, si bekannt. Ech widderhuele se awer nach eng Kéier kuerz hei:

– Déi éischt ass, dass d’PET-Fläsche mussen ab 2025 respektiv 2030 bis zu 25 % respektiv 30 % aus recyceltem Material bestoen;

– da gesäit d’Direktiv och nach vir, dass bis 2029 90 % vun de Plastiksfläsche getrennt gesammelt musse ginn;

– a schlussendlech dass zéng Produits à usage unique, déi ouni gréisser Käschte kënnen aus nohaltege Materialien hiergestallt ginn, wäerten ab 2021 vum Maart geholl ginn. Dat si Schallimoen, Plastikstelleren, Ouerestäbercher a Plastiksbesteck an nach eng Partie anerer.

Mä et bleiwen hei leider eng Rei Saachen och nach am Vagen:

– Den éischte Punkt ass deen, wéi déi eenzel Memberstaten op déi 90 %-Sammelquot do komme wäerten. Dat ass hinne komplett iwwerlooss. Hei géif ech gäre soen, wéi dat och schonn e puer vu menge Virriedner oder op d’mannst ee vu menge Virriedner gesot huet, dass een hei sollt nodenken iwwer e Pfandsystem. E Pfandsystem och bei Plastiksfläschen, wéi dat zum Beispill an Däitschland besteet, dat wär an eisen Aen e gudde Wee zu Lëtzebuerg, fir och op déi 90 % do ze kommen.

– En zweete Punkt ass dee vun der Responsabilitéit vun der Industrie. D’Industrie muss zwar en Deel vun de Käschte fir d’Botze vun de Plastiksoffäll iwwerhuelen an och vu Sensibilisatiounscampagnen, mä méi kloer gëtt dat net definéiert an der Direktiv. A mir mengen, dass dat gutt gewiescht wier.

– En drëtte Punkt ass deen, dass d’Industrie derzou invitéiert gëtt, den Asaz vu recycléiertem Material op fräiwëlleger Basis eropzesetzen; op fräiwëlleger Basis! An do muss ee sech froen, bei der Urgence, déi et hei an deem Beräich gëtt, och vun der Verschmotzung, wéi effikass esou eng Mesure wäert sinn. Mindestrecyclagequote fir Fabrikanten, déi graduell missten eropgesat ginn, missten hei an eisen Aen agefouert ginn, vu d’Urgence an dësem Beräich vun der Bekämpfung vun den Emballagen.

– E véierte Punkt ass dee vun enger Steier, enger Tax, déi de Fabrikant vun Emballagen trëfft. Déi misst an eisen Ae méi un ökologesch Kritäre gebonne ginn. Zum Beispill misst déi Tax méi deier ginn, wann dem Plastik gesondheetsschiedlech Additiver bäigesat ginn, wéi dat zum Beispill a Frankräich de Fall ass. An et misst, au contraire, begënschtegt ginn, wa biologesch baséierte Plastik, wéi dat an Éisträich an an Holland de Fall ass, agesat gëtt.

– Schlussendlech, eng aner Mesure, déi een och nach misst um europäeschen Niveau an d’A faassen, ass, dass d’Entwécklung vum biodegradabele Plastik, deen am Moment nach an de Kannerschong stécht, méi genee suivéiert gëtt an dass do och nach sollt méi drop gefuerscht ginn.

En drëtte Punkt, Här President, an deen ass, mengen ech, haut nach net ugeschnidde ginn, dat ass d’Fro vun der Entsuergung a vum Export vum Plastiksdreck.

Dat éischt Exportland vum Lëtzebuerger Plastiksdreck ass Däitschland mat 9.241 Tonnen, laut dem Ëmweltministère. An Däitschland war viru Kuerzem vum Refus vu China betraff, fir Plastiksdreck weiderhin ze importéieren. 2016 huet Däitschland nach 560.000 Tonne Plastiksdreck a China exportéiere kënnen. Mä zanter dem 1. Januar 2018 ass domat Schluss, well d’Konsequenzen op d’Gesondheet vun de Leit a China, déi den Dreck aus der EU sortéiere mussen, zum Beispill d’Bläibelaaschtung an hirem Blutt, vun der Regierung vu Peking net méi toleréiert gëtt.

Dofir exportéiert Däitschland hire Plastiksdreck a Länner mat nach méi niddregen Ëmwelt- a Gesondheetsstandarden: an Indien; an Indonesien, wou et 2017 vu 600 Tonnen op 49.500 Tonnen 2018 eropgaangen ass; Malaysia a Vietnam.

Eiser Meenung no sollt Lëtzebuerg onbedéngt derfir suergen, dass eise Plastiksdreck, dee mir an Däitschland exportéieren, duerno net weider exportéiert gëtt a Länner mat niddrege Standarden. Eis däerf et net egal sinn, wuer eise Knascht higeet. Och dat huet mat enger Kohärenz vu Politicken ze dinn.

Mir hate virun e puer Deeg an dëser Chamber eisen Debat iwwert d’Kooperatiounspolitik. An dat hei ass an eisen Aen och e wichtege Punkt an deem Beräich, wou mer sollten oppassen, wat mer maachen.

An deem Kontext kann ee soen, datt Schweden dat eenzegt Land an der EU ass, dat 100 % vu sengem Plastiksoffall selwer traitéiere kann. A mir mengen, dass mer mussen eis Capacitéite virun allem vum Recyclage an der EU an an enger zweeter Etapp och vun der Verbrennung resolutt eropschrauwen.

E véierten a leschte Punkt, Här President, deen ech gär géif uschneiden, huet och erëm eng Kéier mam wirtschaftleche System ze dinn, an deem mer liewen an an deem mer consomméieren. Et ass de Punkt vun der sougenannter „Obsolescence programmée“. An ech sinn och frou, dass dee Punkt sech an eiser Motioun vun den dräi Majoritéitsparteien erëmfënnt, well dat huet och mat Offall ze dinn. Dat huet och, wéi gesot, mat der Aart a Weis ze dinn, wéi mer consomméieren.

Vill Offall gëtt effektiv duerch Apparater mat enger ganz begrenzter, programméierter Liewensdauer produzéiert. Wie kennt déi Experienz net, dass Der en Apparat kafe gitt, en Electromenager an iergendeen Elektrobuttek, an dass deen dann no annerhallwem Joer, voire zwee Joer oder vläicht kuerz nom Oflaf vun der Garantie ausfält, dass Der probéiert, en zréck an de Buttek ze ginn, an dass Der da gesot kritt, dass den Devis fir d’Reparatur scho méi deier ass wéi de Kaf vun engem neie Modell vun deemselwechte Produit.

Dat ass, mengen ech, e Konsummodell/Produktiounsmodell, dee muss der Vergaangenheet ugehéieren. Bon, ech mengen, ech gehéieren nach enger Generatioun un, déi d’Zäit kannt huet, wou een Toastere konnt bei den Elektriker droen, fir se ze reparéieren a wou dat net esou exorbitant war, dass ee sech huet missen en neie kafen. Ech mengen, dass mer dohinner mussen zréckkommen.

A wa mer dann iwwer Reparature schwätzen an iwwer eng TVA réduite op de Reparaturen, déi mir och ganz kloer begréissen an déi sech och à juste titre an eisem Koalitiounsprogramm erëmfënnt, da mussen d’Produiten awer fir d’Éischt emol reparabel sinn „in the first place“. Da muss ee se kënne reparéieren, fir dass esou eng Mesure ka gräifen. An ech wënsche mer, dass mer zréckkommen op eng Ekonomie, wou mer qualitativ héichwäerteg Produite produzéieren, haaptsächlech an Europa, a wou mer déi och kënne reparéieren an net einfach op den Tipp geheien, wa se net méi fonctionnéieren.

Voilà! Dat ass dat, wat ech wollt zu dësem Débat d’orientation soen, deen ech begréissen, fir deen ech och Merci soen. Mir haten effektiv e puer Echangen an enger Commission jointe, déi interessant waren. Ech mengen awer, dass dat hei e Sujet ass, deen eis weider soll beschäftegen, en Dauerbrenner iwwert déi nächst Joren, well en huet ganz enk ze di mat deem Thema, wat mer virdrun diskutéiert hunn, vum Réchauffement climatique, an de manière générale mam Thema vun der Ekologie, deen, mengen ech, d’Nummer-1-Thema ass, och elo ginn ass an den Europawahlen, fir déi, déi dee leschten Debat gëschter Owend tëschent de Spëtzekandidate verfollegt hunn. An ech mengen, dat ass och richteg esou.

Merci.