quaesitio

Heure d’actualité: Patrimoine industriel


Meng Ried vum 20. Juni 2019 am Kader vun der Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de la conservation et de la protection du patrimoine industriel

“Här President,

Wann ech reegelméisseg laanscht d’Polvermillen lafen oder spazéiere, gesinn ech do déi aal Fabrick um Site wou deemnächst soll e residentielle Projet entstoen, wou awer elo säit bal engem hallwe Joer näischt méi geschitt ass. Da soen ech mer all Kéiers, dass ech frou sinn, dass et nach do steet, dat schéint aalt industriellt Gebai, dat och vun der industrieller Vergaangenheet vun der Stad Lëtzebuerg zielt. Wéi och munch aner Siten an de Stater Faubourg’en, wéi d’Hänschefabrik am Gronn, wéi d’Brauereien a Clausen an am Neiduerf, wéi nach e puer aal Témoin’en vun der Eecher Schmelz an der Millebaach an zu Dummeldeng. Wéi Heintz van Landewyck zu Hollerech. A wéi sou vill aner industriell Siten, déi verschwonne sinn, wéi d’Luxlait zu Märel, wou e Residenzprojet entstanen ass virun 2-3 Joër,  Ech soë mer dann awer och, dass et mech net ganz vill wonnere géif, wann dës Fabrick déi nächste Kéier net méi do wier, well de Promoteur sech et anescht iwwerluecht hätt.

D’Aktualitéit vun dësem Thema hänkt engersäits mat der Diskussioun ronderëm d’Gebléishalen zesummen am Kontext Kulturjoer Esch 2022, mais och méi generell iwwert d’Zukunft vun dem aussergewéinleche Bau iwwert déi Echeance eraus.

Mais dës Heure d’actualité huet och mat aneren Developpementer, respektiv Destruktiounen, déi zur Zäit geschéien, ze dinn: op der Säit vun den Projet’en, sinn et dat de Projet Esch-Schëffleng, de Projet “Rout Lëns” op den Terres Rouges zu Esch, an de Projet Nei Schmelz zu Diddeleng. Op der Säit vun der Destruktioun kann een, an enger laanger Ligne vun traurege Prezedenzfäll, aktuell d’Kärenhal a Siloen zu Miersch erwänen.

D’Fro déi sech stellt, déi sech méi allgemeng stellt beim Denkmalschutz iwwerhaapt, mais spezifesch beim Schutz vun industrielle Siten, ass dee vum Stellewäert, dee mer dësen “lieux de mémoire” vun der Aarbecht hei zu Land wëlle ginn? Wéi sti mer zum Schutz an zur Valoriséierung vun deene Platze, wou d’Mënsche geschafft hunn an d’Grondlage vum Räichtum vun dësem Land am 19. an 20. Joerhonnert geschaaft hunn? A wien soll decidéieren, an no welche Critère’n wat mat dëse Platze geschitt? Déi ëffentlech Hand – Gemengen oder Staat – oder privat Promoteuren?

Dëst ass bis elo wäitgehend eng rhetoresch Fro, well de Stellewäert vum industrielle Patrimoine bei eis an der Vergaangenheet net ganz héich war. Gewëss, et gëtt eng Réi vu ganz gegléckten Beispiller vun Erhalen an Reaffektatioun a rezenter Vergaangenheet, wéi de Belval an den 1535 zu Déifferdeng. Mais soss gouf bal ëmmer ofgerappt, ouni Récksiicht op déi bestoend Industrie-Siten.

Ass dës Mentalitéit villäicht amgaangen sech ze änneren? D’Äntwert ass natierlech och hei keng einfach, an et gëtt ënnerschiddlech Entwécklungen.

Gebléishal, de „Soufflantes“ op Belval. De lëschte Stand an dësem Dossier, wou et vill hin-an-hier gouf, ass den, dass d’Gebléishalen net wäerte genotzt ginn fir Esch2022. De Grond firwat d’Gebléishal net ka genotzt ginn ass, esou den Direkter vum Fonds Belval, Luc Dhamen an engem rezenten Interview mam Tageblatt, dass de Sécherheetsrisiko ze grouss wier. Mir bedaueren dat, grad esou wéi mer bedaueren dass net och aner interessant Industrie Siten, wéi eben am „Quartier Alzette“, oder op der „Rouder Lëns“, aus Sécherheetsgrënn konnten an d’Planung vum Kulturjoer abezunn ginn. Mir hoffen dass déi alternativ Solutioun, déi eng Renovéierung vun der Mëllerei virgesäit, an eng Notzung vun aneren existente Siten um Belval, och zefriddestellend wäert sinn.

D’Hal, och wa se net fir Esch2022 zum Asaz kënnt, soll awer erhale ginn, wéi et elo schéngt, an esouguer wéi de Luc Dhamen seet, „ouni hir Architektur an hire Charakter ze zerstéieren.“ Dës Ausso begréisse mir ausdrécklech. Mee wat heescht dat genau? Heescht dat, dass d’Essenz, den historesche Charakter erhale gëtt, mat Projeten, déi der Allgemengheet, dem Grand public zougänglech sinn? Heescht dat, dass do Restauranten, Atelier fir Kënschtler, Wunnengen fir Jonker, fir Famillen geschafft ginn? Mir géifen et gutt a wichteg fannen wann alles dru gesat géif fir d’Geleeënheet ze notzen, fir domat de Quartier Belval ze beliewen. Well och wann een de Projet Belval als Konversiounsprojet positiv bewäert, esou kënnt een awer net laanscht d’Konstatioun, dass dat „normalt“, dat gesellschaftlecht Liewen an all sengen Dimensiounen op Belval net stattfënnt. Mat der intelligenter Notzung vun der Gebléishal deet sech hei eng eemoleg Chance op.

Mir géifen et net gutt fannen wann hei just „Fassadismus“ géif gemaacht ginn, virun enger industrieller Kuliss Luxuswunnengen fir just e puer Leit mat vill Suen geschaaft ginn. Et gëtt jo e Projet vun engem private Promoteur, dee schéngt an déi Richtung ze goen, an dee virun net all ze laanger Zäit am Tageblatt thematiséiert gouf. 

Wat geschitt elo weider? Wat sinn d’Pläng, froen ech d’Madame Kulturministesch, fir dës Hal mat engem, aus eiser Vue, onschätzbarem kulturhistoresche Wäert net nëmmen ze erhalen mee virun allem och optimal am Sënn vun alle Bierger ze valoriséieren?

Dat laangt hin an hier ronderëm d‘Gebléishal ass symptomatesch fir den Ëmgang mat erhalenswäerten Gebailechkeeten op diversen anere Frichen hei am Land.

Wat geschitt mat enger bestëmmter Friche? Wéi eng Gebaier, déi op enger Friche stinn, sinn erhalenswäert? Wien decidéiert dat an no wéi enge Kritären? Gëtt et eng kohärent Visioun fir déi eenzel Frichen hei am Land, vun deenen déi meeschten aus Grënn vun der nationaler Industriegeschicht bis op e puer Ausnamen am Süden konzentréiert sinn? Hei lafen Reflexiounen am Kader vum Kollektiv „Hallz You Need“, déi bis 2022 sollen ofgeschloss sinn, a mir begréissen dat. Och d’UNESCO Kandidatur fir de Projet „ManandBiosphere“, an de Red Rocktrail, dee jo och mat Esch 2022 soll verbonne ginn, sinn extrem spannend a ginn a Richtung vun enger Opwäertung vun eisem industrielle Patrimoine.

Wéi schonn ugedeit, fannen mir et kriddlech, fir net ze soen äusserst bedenklech, wann en private Promoteur ouni dass och nëmmen en Usaz vun engem Projet virläit, sech exklusiv engem Terrain wéi der sougenannter „roud Lëns“ zu Esch unhëlt, a wéi et schéngt, do quasi eegestänneg entscheeden kann wat vum Patrimoine industriel erhale bleift a wat net. Beispillsweis sollten am initiale Projet  déi remarkabel „Keeseminnen“ an aner wäertvoll Gebailechkeeten, ofgerappt ginn.  Et schéngt ewéi wann eng Gemeng Esch an dësem konkrete Fall just nokuckt wat geschitt, an déi Ëmfro bzw. déi eenzel Workshoppen déi hei vum Promoteur organiséiert goufen, wäerte wuel kaum an d’Gewiicht falen géintiwwer de finanziellen Intressen vum Promoteur. E Promoteur sicht nämlech, dat läit an der Natur vun der Saach, eng maximal Rendit a kuckt seng Investissementer esou schnell an esou gutt ewéi méiglech ze rentabiliséieren. Dëst Striewen no Profit steet awer dem Schutz vun der Industriekultur diametral géintiwwer. De Schutz an d’Erhale vum Patrimoine kascht Zäit a Suen. Am Idealfall ginn hei Gebaier ganz oder deelweis erhalen aus reng ästhetesche Grënn, wann se an d’Konzept passen. Den kulturhistoresche Hannergrond vun den eenzelen Elementer respektiv hiert authentesch Zesummespill wäert kaum oder guer keng Roll spillen. Dass de privaten Entrepreneur an dësem Beräich keng Sensibilitéit huet kann een em net reprochéieren, mir sinn awer der Meenung, dass aus genau dësem Grond d’ëffentlech Hand sech d’Heft net däerf aus der Hand huele loossen.

Ech wëll awer betounen, dass et hei net just ëm d’Gebléishal oder de Projet „Rout Lëns“ geet, et sinn dës just zwee ganz aktuell Beispiller fir Industriekultur, déi Gefor lafen an hirer Eenzegaartegkeet ze verschwannen oder verschampeléiert ze ginn. An domadder géif och e Stéck vun der Lëtzebuerger Geschicht fir ëmmer verschwannen.

D’Lëscht vun historesch bedeitenden an domadder erhalenswäerten Siten an Anlagen kann ouni Problem erweidert ginn, woubäi verschidde Standuerter scho ganz oder deelweis revaloriséiert goufen, bei aneren dëse Prozess nach usteet. Ech nennen hei als „titre d’exemple“ de Plateau du Funiculaire zu Déifferdeng, de Site vun Esch-Schëffleng – de Quartier Alzette wou jo e ganz interessante Projet entsteet, matt enger Approche déi souwuel ekologesch ass mais och déi existent Struktur a Gebailechkeeten respektéier – de Quartier Neischmelz zu Diddeleng, „Wunne mat der Wooltz“ zu Woltz, oder nach de Projet „Rives de l’Alzette“ zu Miersch um Site vum eemolegen Agrozenter. Dëse leschte Projet ass leider e weidert typescht Beispill fir d’Virgoen zu Lëtzebuerg: déi sougenannte Kärenhal war fir d’éischt op der Lëscht vun der erhalenswäerte Gebaier, dunn ass se erëm vun der Lëscht erofgeholl ginn. An déi éischt Pläng war se nach integréiert, duerno net méi. Géint d’Erhalen hunn „Aschränkungen“ geschwat, déi wéi de Claude Pundel, de Verwalter vun der responsabeler Entwécklungsgesellschaft an engem Wort-Interview erkläert huet (22.02.2019), och mat héije Käschte verbonne gewiescht wier. Dësen Dossier weist, dass mer oft keng kohärent Visioun hunn, wéi mer eis d’Zukunft vun deene Siten virstellen. Dobäi gëtt et x-Beispiller am Ausland, wou gelongen Rekonversiounen, oft mat wéineg Moyen’en, gemaacht goufen: z.Bsp. d’Tapetenwerk zu Leipzig, wou an engem ähnleche Volume wéi d’Gebléishaal, Atelieren, working spaces fir Kënschtler a Wunnengen solle geschaaf ginn. Oder gënschteg Wunnkomplexer zu New York an zu San Francisco an den USA. An et kënnt een net ëmhier, wa mer schon vun NY schwätzen, ze bedaueren dass den Highway um Belval net erhale gouf fir eppes ze maachen wéi den High Walk zu New York, e flotten an immens populären ëffentleche Park zu Manhattan op enger verloossener Zuchschinn.

Ofschléissend wëll ech dofir soen: Mir als LSAP sinn der Meenung, dass nëmmen mat enger globaler Visioun a mat engem kohärente Konzept de Patrimoine industriel wierksam geschützt ka ginn. Eng staatlech oder parastaatlech Entwécklungsgesellschaften ass net zwangsleefeg Garantie fir eng optimal Revalorisatioun vun industriell bedeitende Sitten a Gebaier, mee verbonne mat konkrete staatleche Richtlinnen ass dëst sécher méi zielführend, wéi esou Projeten, déi ouni Zweiwel vun nationalem Interessi sinn, ouni Virgaben an ouni Kontroll reng profitorientéierten Promoteuren oder Gesellschaften unzevertrauen.”