quaesitio

Débat d’orientation: Plan national pour un développement durable


7448 : Débat d’orientation relatif à l’avant-projet de Plan national pour un développement durable

Här President,

Et gëtt ëmmer méi e Gefill, dass d’Politik villäicht net mat der néideger Determinatioun op di grouss Erausfuerderungen vun eiser Zäit ageet, an dorops reagéiert. Net schnell genuch, net decidéiert genuch, net radikal genuch.

Dat soen eis d’Greta Thunberg an di Jonk vun Fridays for future, déi géint de Klimawandel an di ekologesch Krise op d’Strooss ginn.

Dat soen eis op hir Manéier d’Gilets jaunes andeems se refuséieren dass just déi mam klengste Akommes, an di am meeschten op den Auto ugewisen sinn, mussen eng Karbon-Steier bezuelen.

Dat soen eis d’Wieler bal iwwerall op der Welt, déi den traditionelle Parteien net méi vertrauen, a stattdessen hir Stëmmen Populisten ginn, oft nationalisteschen Populisten: deenen, déi di richteg Froe stellen, awer déi falsch Äntwerte ginn (L. Fabius).

Dat soen eis geschwënn och bei eis déi Jonk a manner Jonk, déi keng Wunneng méi fannen, an déi wahrscheinlechan Zukunft matt méi klenge Pensioune mussen eens ginn.

Et sinn elo méi wéi 30 Joer hir séit d’Commission Brundtland hiren éischte Rapport erausginn huet, dee jo d’Diskussioun ëm eng nohalteg gemeinsam Zukunft fir d’Menscheet lass getrëppelt huet.

Et kann een haut Auteuren wéi dem Économist Stephen Pinker nolauschteren, déi soen, dass d’Menschheet iwwert Joerhonnerte, a besonnesch an de lëschte Jorzéngten séit dem 2. Weltkrich, global Fortschrëtter gemaacht huet, virun allem an de ganz arme Regiounen vun der Welt.

Et kann een awer och gesinn, dass die sozial Ongläichheeten ëmmer méi an d’Luucht ginn, de Räichtum ëmmer méi an e puer ganz wéinege Länner konzentréiert ass, de Klimawandel an de Réckgang vun der Biodiversitéit rasant weiderginn. Den Egoismus an den Individualismus déi dominant Haltung vun de Mënschenan eiser Gesellschaft sinn.

D’Glas ass ëmmerhallef voll, oder hallef eidel: ethänkt dovun of, vu wou een et kuckt.

All dës Froen waren och zentral Froen am rezenten Europa-Walkampf: d’Fro vun engem Richtungswiesel an der Europa Politik ass gestallt ginn, eng méistaark Prioritéit fir déi sozial en ekologesch Orientéierung vum europäesche Projet.

Wéivill dovun an de Programm vun der nächster EU-Kommissioun wäert afléissen, wäert sech an de nächste Woche weisen.

Här President,

Wa mir bei eis iwwert d’Objectif du Dévelopement Durable schwätzen, si mir an enger komplizéierter Situatioun. Engersäits si mir als kleng mee extrem oppen Wirtschaft an als grouss Finanzplaze feste Bëstanddeel vun eben dem globaliséierte Wirtschaftssystem, den d’Erreeche vun den Nohaltegkeetszieler schwéier mécht.

An och en Deel vum finanzorientéierte Kapitalismus, den op kuerzfristeg Gewënner aus ass.

Ob mir Netto-Gewënner oder Verléierer sinn, ass am Zentrum vun enger Diskussioun, déi elo scho séit Joeren dauert ronderëm de Wuesstem, an d’Fro, op de Wuesstem ka „qualitativ“ sin.

Et geht do heiansdo riets fir aus dem “Hamsterrad” auszebriechen, méi lues ze trëppelen, de “bien-être” an d’éischt Rei ze stellen. 

Vun dene selwélchte Bänken kommen dann awer och ëmmer hefteg Réaktiounen, sou bal Iddie kommen fir ënner anerem d’Klima Urgence an d’Wunnengskris méi resolut an energesch unzegoen. Do kënnt da meeschtens d’Doudschlag Argument, dass ee géint d’Kompétitivitéit wier, oder d’Stabilitéit vun der Finanzplaatz bedrohe géif. Et kann een net mat engem Fouss aus dem Hamsterrad erausklammen, a matt engem dra bleiwen.

Här President, 

Et gëtt muench Ekonomisten – an där ëmmer méi – die plädéieren dass mir mussen eweg kommen vun dem extraktive Moossstaf vum PIB, dee just den industriellen Output méisst, an op e méi breeden, kompletten Indice kommen, den och den Impakt op d’Ëmwelt, sozial Standard’en, d’Bildung, Liewensqualitéit, Zoustand vun Infrastrukturen mat errechent. Dozou gehéiert z. Bsp. D’Kate Raworth matt sengem populäre Buch “the Donut Economy”, mais och d’Mariana Mazzucato, dat eng Redéfinitioun vun der Valeur proposéiert, an tëscht “value extraction” an “value creation” ënnerscheed. A proposéiert dat mir déi 2 Revenue-sourcen z.Bsp ënnerschiddlech besteieren, je nodeems dat se der Allgemengheet eng plus-value bréngen oder net. 

Mais wa mer iwwert 2 zentral Aspekter vun den ODD schwëtzen, nämlech dem Klimawandel an de sozialen Ongläichheete, sollte mer aus lëtzebuerger Siicht och nach u folgendes denken: den Ekonomist Lucas Chancel huet viru kuerzem an enger Konferenz hei zu Lëtzebuerg gewisen, dass 10% vun de ‘global rich’ 45% vun de globalen Treibhausgas Emissiounen duerstellen, déi 50% ‘global poor’ emettéiere 27% dovun. De Problem ass, dass all d’Lëtzebuerger zu denen 10% “global rich” gehéieren, muencher souguer zu denen 1% weltwäit, déi nach vill méi Emissiounen maachen.  Et ass och dës global Responsabilitéit vun Lëtzebuerg, virun där mir eis net däerfen verschléissen.

Mam PNDD, deem seng gesetzlech Basis op d’Joer 2004 zeréck geet, duerf net just eng Stilübung verbonne sinn. Den Exercice géif am meeschte Sënn maachen, wann mir als Chamber lassgeléisst vum politische Kalenner vu Legislaturperioden denken géingen. Dat ass leider am Moment, an am bestehende gestzléche Kader, net de Fall. Am Idealfall misst et méiglech sinn, dass mir zësummen eng laangfristeg Réflexioun maachen iwwert dat Lëtzebuerg, dat Europa an déi Welt, an där mir an 20 Joer, an doriwwer eraus liewen wëllen. 

Här President, 

ech géif gäre kuerz op déi verschidde Gebidder vum PNDD agoën. 

EMWELT – Champs d’action 3, 7 an 8

  • Eng grouss Erausfuerderung wäert doranner bestoen, den Champ d’action 3 vun enger nohalteger Consommatioun a Produktioun unzegoen : dëst kann eis nëmmen gelengen, dass mir vun enger économie linéaire op eng économie circulaire emklammen kënnen. All eis Sekteuren mussen sech deem Défi stellen.
  • Fir d’éischt wat den wichtegen Secteur vun der Landwirtschaft ugeet, verweisen ech op d’Ried vun menger Kollegin Tess Burton dat lescht Woch den LSAP Standpunkt kloer duergestalt huet.
  • D‘Beméiungen vun der Regierung missten allerdéngs verstäerkt a Richtung vun der Reparatioun an der Reutilisatioun goen : 
    • D’LSAP ass frou, dass hir Fuerderung, en reduzéierten TVA-Taux bei der Reparatioun vun Objete anzeféieren, de Wee an de Koalitiounsaccord fonnt huet
    • D’LSAP ass der Meenung, dass de Legislateur méi engagéiert géint d’obsolescence programmée muss virgoen. Dëst ass net nëmmen am Interessi vum Konsumment, mee och vun eiser Ëmwelt : de franséische Code de la consommation huet ënnert der sozialistescher Présidence am Abrëll 2016 den Artikel L441-2 bäikritt, deen d’obsolescence programmée verbitt.
  • Eng nei wëssenschaftlech Etude, déi vum European Heart Journal am Mäerz dëst Joer verëffentlecht ginn ass, kënnt zur Konklusioun, dass d’pollution atmosphérique en bedeitend schlemmeren Impakt op di kollektiv Gesondheet huet wéi mir bis elo ugeholl hunn : d’Loftverschmotzung reduzéiert dëser Etude no di duerchschnëttlech Liewenserwaardung an der EU ëm 2,2 Joer + féiert all Joer zu ongeféier 660.000 Doudesfäll an Europa
    • D’Wëssenschaftler hunn an deem Kader en dringenden Appell un d’Politik geriicht, méi couragéiert Mesuren ze ergräifen, an virun allem den Particules fines an den Stickoxyden de Kampf unzesoen
    • Vir eis als LSAP ass d’Loftverschmotzung virun allem och eng sozial Erausfuerderung : all Etuden weisen drop hin, dass virun allem Leit aus sozial méi schwaachen Schichten ënnert de Konsequenzen vun der Loftverschmotzung ze leiden hunn, well si an Quartiers mat méi Verkéier liewen mussen
  • Mir duerfen net vergiessen, dass 2/3 vun eisen nationalen Treibhausgasen duerch de Verkéier op den Stroossen zustaane kommen →d’Regierung ass mat hiren héijen Investissementer an den ëffentleche Transport um richtege Wee. Sécher ass, dass mir laangfristeg de Modell vum Individualverkéier, wou jiddereen eleng mat sengem Auto fiert, net méi esou oprecht erhaalen kënnen →den ëffentlechen Transport muss konsequent ausgebaut ginn, an en muss virun allem méi séier sinn wéi d’Optioun, mam Auto ze fueren
  • Déi Hysterie, déi Verschiddener hei am Haus wéinst där klenger Hausse vun den Accisen um Diesel an um Bensinn gemaach hunn, ass definitiv deplacéiert →tëschent Mëtt Dezember 2018 an Mëtt Februar 2019 waren beim Diesel Präisschwankungen vun +/- 7 Cent duerch d’Volatilitéit vun den internationale Marchéen vun der Energie ; dat ass wäit méi wéi di Hausse vun 2,4 Cent am Endpräiss duerch d’Augmentatioun op den Accisen
  • Méi laangfristeg sinn mir der Meenung, dass eis Fiskalitéit manner d’Aarbecht besteieren an dovir méi de Ressource-Verbrauch besteieren soll. Schweden oder och nach d’Schwäiz hunn eng CO2-Steier agefouert, déi am Fall vu Schweden mat enger Baisse vun de Steieren vir déi méi klenge Schëlleren gekoppelt war ; am Fall vun der Schwäiz ginn 2/3 vun de Recetten aus der CO2-Steier ërem zeréck un d’Bierger, onofhängeg vun hirem Verbrauch →mir sollten och zu Lëtzebuerg iwwert esou en Modell nodenken
  • Bei den erneierbaren Energien ass Lëtzebuerg Schlussliicht an Europa : an der europäescher Moyenne maachen di erneierbar Energië 17,5 % vum Endverbrauch aus ; zu Lëtzebuerg just 6,4 % → wäit ewech vum objectif 2020

AMÉNAGEMENT DU TERRITOIRE – Champ d’action 5

  • Zu Lëtzebuerg wäert an Zukunft méi dicht mussen gebaut ginn. Als LSAP gesinn mir d’Erausfuerderung virun allem doranner, dass eng méi héich Bebauungsdicht net eng manner gutt Liewensqualitéit bedeiten muss. 
    • Am Géigendeel : et ass zu Lëtzebuerg méiglech, d’Scheiklappen ofzedoen, an wéi an anere Länner en Eco-Urbanismus ze bedreiwen, deen eis Liewensqualitéit verbessert. Mir brauchen innovativ Wunnquartiere, wou d’Leit sech begéinen – an net parallel niewteneen wunnen, wéi dat bis elo dacks de Fall ass
    • Mir mussen och méi ökologesch Konstruktiounsmaterialien aktiv ënnerstëtzen : de Beton huet eng ganz schlecht ökologesch Bilanz. An anere Länner gëtt Holz ëmmer méi oft als Konstruktiounsmaterial benotzt. Zu Wien gëtt dëst Joer dat weltwäit héchsten Héichhaus aus Holz ageweit : 24 Stäck an 20.000 Quadratmeter huet dat Héichhaus, wou d’Lifter mat enger Energierekuperatioun equipéiert sinn
    • Och zu Lëtzebuerg ginn mir lues a lues dozou iwwer, Holz als Baumaterial ze notzen. All Initiativ an déi Richtung gëtt vun der LSAP begréisst an ënnerstëtzt. 16 Projete mat insgesamt 465 Logementer hunn de Fonds du logement an d’SNHBM realiséiert resp. wäerten an nächster Zäit realiséiert ginn, bei deenen Holz en zentralt Baumaterial ass
  • Als LSAP sinn mir der Meenung, dass mir mussen d’Aarbechtsplatz, d’Wunneng an d’Fräizäit geographesch méi no beieneen féieren, vir dass d’Leit net am Stau stinn, mee méi effektiv Fräizäit kënnen hunn, an och d’Liewen an de lokalen Quartiere sech entwécklen kann.
    • Fir dass dat Zil kann Realitéit ginn, ass d’Zesummenaarbecht tëschent villen Akteuren néideg. 
    • Virun allem awer mussen mir eise Modell iwwerdenken, wou den wirtschaftlechen Puls vum Land an der Haaptstad zentraliséiert ass. Mir mussen regional Aarbechtsplatzen schaafen

WIRTSCHAFT – Champ d’action 4

  • De Prozess fir déi « Drëtt Industriel Revolutioun » an den Programme national de réforme (PNR 2018) am Kader vun der europäescher Strategie « pour une croissance intelligente, durable et inclusive » (Europa 2020) weisen eis de Wee, wéi een eis Ekonomie méi nohalteg gestalten kann
  • En Element, wat an eiser Wirtschaftspolitik an Zukunft muss méi an Ugrëff geholl ginn, ass d’Sharing Economy. Mir hunn en Aarbechtsgrupp vir d’Sharing Economy, deen schonn 2017 en Tëschenbilan presentéiert huet, an deen méi eescht ëmgesat muss ginn

FAMILL – Champ d’action 1

  • Et stëmmt, an domadder wäerte mer eis an Zukunft nach intensiv beschäftege mussen, dass den Armutsrisiko zu Lëtzebuerg an d’Luucht geet. D’Schéier tëscht Arm a Räich geet weider ausernaner an dat kënne mir als LSAP nët akzeptéieren. D’Mindestlounerhéigung ass eng Mesure, déi dës Regierung bannent kuerzer Zäit emgesat huet, an déi de Betraffene ebesse méi Loft verschaft. De REVIS (Revenu d’inclusion sociale) huet eng Partie Verbesserunge bruecht : virun allem fir d’Kanner a Ménages monoparentaux. D’Évaluatioun, déi 3 Joër no Akrafttrieden vum Gesetz viergesin ass, wäert weisen, ob déi Verbesserungen och tatsächlech gegraff hunn.
  • 44,4 % vun de Kanner, deenen hir Elteren en niddregen Bildungsniveau hunn, waren 2016 vum Aarmutsrisiko betraff.15,3 % vun hinnen waren carrément materiell a sozial benodeelegt. 
    • Dëst ass en strukturelle Problem an engem Land, wou d’Bildungschancen inegalitär sinn an wou den Phenomen vum Working poor relativ héich ass (2. Platz an der EU)
  • Generell ass och gewosst, dass Kanner aus Familljen mat nemmen engem Elterendeel besonnesch vum Armutsrisiko betraff sinn: 30% vun hinnen leiden ënnert “déprivation matérielle” – fir de Verglach: deen Taux läit bei de ganzer Populatioun vun de Kanner ënnert 5%. Dat mecht an eisen Aë kloër dass weider Mesüren an desem Beräich néideg sinn. 
  • Als LSAP sinn mir der Meenung, dass d’Universalitéit vun den Sozialleeschtungen net grondsätzlech a Fro duerf gestallt ginn, well si ass och de Garant vir eis sozial Kohesioun : et duerf net esou wäit kommen, dass eng Kategorie an eiser Gesellschaft sech d’Fro stellt, virwat si mat bezuele soll vir Leeschtungen, déi anerer bezéien. Esou en Denken an der Sozialpolitik ass en No-Go

SANTÉ – Champ d’action 2

  • Viräussetzung fir eng besser sozial Inclusioun ass a bleiwt e Sozialsystème an eng Gesondheetsversuergung, déi op d’Grondprinzipien vun der Solidaritéit an der Gerechtegkeet opbauen, an déi jiddferengem Zougang garantéieren zu héichwertege Leeschtungen. Als LSAP wäerte mir eis weider dofir asetzen, dass deen Zougang erhalen a verbessert gët an dass d’Qualitéit vun der Prise en charge assuréiert ass.

BILDUNG – champ d’action 1

  • D’LSAP ënnerstëtzt d’Approche, vir d’Themen vun der Nohaltegkeet transversal an der formeller an non-formeller Bildung vun eisen Jugendlechen ze integréieren, an och an der formation continue vun de Beschäftegten ze abordéieren
  • Di grouss sozial Fro vum 21. Jorhonnert ass natierlech, alle Kanner di nämlecht Bildungschancen ze erméiglechen 
    • Lëtzebuerg huet en Retard an senger Bildungspolitik nozehuelen, well der Heterogeneitéit vun de Schüler net an deem Mooss Rechnung gedroen gëtt, wéi et misst sinn
    • Mir mussen eise Schüler individualiséiert Schoulofferen offréieren
    • D’LSAP begréisst, dass an der Grondschoul eng « offre étendue » un Hausaufgabenhëllef ugekënnegt ginn ass. Dëst muss elo esou séier wéi méiglech um Terrain ëmgesat ginn