quaesitio

Ried: Projet de Loi 7218


 20. November 2019

Projet de Loi 7218 en vue d’instaurer des mesures macroprudentielles portant sur les crédits immobiliers résidentiels

Här President,

Mat dësem Gesetz gi mer der CSSF als zoustänneg Autoritéit, d’Recht verschidde Reegelen festzeleeën, wann déi national finanziell Stabilitéit bedroht ass, a Relatioun mat eisem Immobiliëmaart. De Rapporteur André Bauler huet dat gutt erkläert, an ech soen him Merci fir säi Rapport.

Villes ass scho gesot ginn, an dat erlaabt mer mech op e puer Punkten ze konzentréieren:

Eng Angscht déi ëmgeet, ass dass hei Leit – normal bis mëttel Verdénger – duerch dëst Gesetz net méi géifen u genuch Kredit  kommen, fir sech eng Wunneng ze leeschten. Mir haten dës Diskussioun an der Finanzkommissioun, an d’Ried vu mengem Virriedner geet an déi selwecht Richtung. D’Argument ass: scho mat enger gudder Paie kann ee sech um normale Wunnengsmaart bal näischt méi leeschten. Et gëtt sech hei beruff op d’Note vum Ministère des Finances, wou jo effektiv eng Partie Zuelebeispiller dra sinn.

Dëse Phänomen ass a Realitéit e Symptom, a keen Ausléiser.

Dass den accès à la propriété fir déi meescht Mënschen an eisem Land ëmmer méi schwéier gëtt, huet näischt mat Kreditvergab ze dinn, mais eenzeg an eleng mat engem iwwerhëtzten Immobiliëmaart.

Mir wäerten de Logementsproblem net léisen, an deem mer d’Konditiounen vun der Kreditvergab – wat d’Akommes vun de Leit, wat d’Gesamtverscholdung, wat de Rapport tëscht dem Wäert vun der Immobilie an dem Prêt ugeet – därmoossen lackeren, dass jiddereen un e Prêt kennt.

Wéi dat ausgeet, konnt een virun 10 Joer observéieren. Den Ausléiser vun der globaler Finanz- an Wirschaftskriis war eng extrem Opweechung vun de Kritèren fir d’Kreditvergab, oft och souguer fir Léit déi komplett ouni Revenu waren. Wéi dunn d’Präisser vun den Haiser agebrach sinn, an den Ratio Loun To Value net méi agehalen gouf, sinn all déi Prêten fälleg ginn an den ganzen Marché ass zesummen gebrach. An JUST géint esou Phänomener soll dëst Gesetz eis schützen!

Wann een weess, dass den europäeschen Comité de risque systémique a senger Alerte vum November 2016 justement op de Risiko vun Iwwerschëldung vun de Stéit als eng Komponent vum Risiko fir d’Stabilitéit vun eise Finanzsystem hiweist – dann ass et onverantwortlech heimat op dach eng zimmlech populistesch Art a Weis Politik ze machen.

Dat ëmsou méi, wann een weess, dass den Aarmutsrisiko hei zu Lëtzebuerg ganz enk mat den Ausgaben – fir een Prêt oder een Loyer – fir d’Wunnen zesummenhänkt: dat soen eis an reegelméissegen Ofstänn STATEC, Chambre des salariés, d’Caritas an nach anerer.

Här President,

Et ass net esou – an dat ass mäin zweeten Punkt – wéi wa mat dësem Gesetz automatesch eng Verschäerfung vun de Konditiounen fir d’Kreditvergab géifen kréien.

Vill méi sinn dës un verschidden streng Bedingungen gekoppelt, an dës besonnesch no den Adaptatiounen nom Avis vum Staatsrot an sengen Opposition formellen wéinst engem ze vill labberen Cadrage :

1. Esou muss eng Recommandatioun vum Comité du Risque Systémique virléien, fir dass d’CSSF eng oder méi vun dënen Ratio’en kann fixéieren. Dëst ass een zimmlech restriktiven Dispositiv: D’europäesch Zentralbank kritiséiert iwweregens an hierem Avis, vum 27 September 2019, dee “Mécanisme d’activation par ordre de priorité”, a gesäit dat als eng méiglech Ineffikassitéit vun deene Mesuren am Gesetz.

2. Ët muss och eng Ofsprooch mat der BCL a gegebenefalls mam CAA virléien, wann d’Mesure den Assurancen Secteur betrëfft,

3. Ët muss eng Mesure “en dernier Recours” sinn, d.h. nëmmen wa keng aner Mesure prudentielle vum Gesetz ënnert dem Gesetz vun 1997 dee selwechten Zweck erfëllt.

Ët ass also hei beileiwen net ewéi wann d’CSSF kéint op gutdünken zousätzlech Ratio’en innerhalb vun deenen Fourschetten festsetzen, déi d’Gesetz elo virgesäit. An domat den Accès zum Kredit quasi onméiglech géif maachen.

Här President,

Obwuel dat net den Debat ass den Metten, hunn esou Projeten ewéi dësen och ëmmer eppes mat eisem Wunnengsmaart ze dinn.

Wann mir wëllen eppes maachen, fir dass d’Leit hei am Land erëm kënnen Propriétaire ginn, musse mer anzwousch anescht usetzen, nämlech op eisem Logement’s Marché.

Fir eis ass et kloer dat d’Wunnengskries net ausgeléist gouf an och net ungeféiert gëtt duerch den Refus vun den Banken fir weider Krediter ze verginn. Nee d’Wunnengskries gët duerch d’Spekulatioun mat dem Bauland an dem Wunnraum ausgeléist, déi et primär ze bekämpfen gellt, fir erëm Wunnraum ze schafen, bei deem mir eis net 30-40 Joer verscholden mussen.

Mir mussen och eppes fir d’Demande maachen. Der reeller Demande, déi eng éischt Wunneng hei zu Lëtzebuerg sichen, mussen mir zu enger Wunneng verhëllefen, déi artifiziell, an domat mengen ech déi spekualtiv Demande, muss een bremsen an net weider ukuerbelen. An déi selwecht Richtung huet den Directeur vun der SNHBM sech Ufanks des Mounts am RTL Interview (8.11.2019) geäussert, wou hien och sot dat mir eppes mussen géint déi artifiziell Demande machen, an d’Steieravantage déi carrément zum spekuléieren mat eisem Wunnraum alueden, mussen mir ofschafen.

Et ass eng Fro vun der Cohérence vun eisen Politiken, mir kennen net all Dag priedegen mir wéilten méi Leit erméiglechen Wunnengen ze kafen, an dann een Steiersystem hunn deen invitéiert Investisseuren Wunnengen als Spekulatiounsobjet an net als Wunnraum ze traitéieren.

Här President,

D’LSAP begréisst dësen Projet de loi well en eisen Finanzsystem protegéiert géint Iwwerschëldung vun den Stéit an dofir wäerten mir dësen Projet och matstëmmen.